Op den Inhalt sprangen

Aline Grün

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aline Grün
Gebuer 1914
Izeg
Gestuerwen 2003
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Bauerin

D'Aline Grün, gebuer 1914 zu Izeg, a gestuerwen 2003 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Bauerefra.[1]

Si koum aus enger Famill mat ville Kanner. Kuerz virum Zweete Weltkrich hat si sech mam Joseph Weistroffer bestuet. Deem seng Famill koum aus dem Saarland an hat Enn des 19. Joerhonnert de Jeanmathiashaff op der Kockelscheier iwwerholl.

Zesumme mat hirem Mann huet si den Haff weidergefouert, bis en uganks vun den 1960er Joren un en hollännesche Bauer verpacht gouf. D'Koppel huet sech dunn en neit Haus baue gelooss an ass dora geplënnert. Op de Lännereie goufen dono am Laf vun der Zäit Wunnquartiere gebaut.

Op der Kockelscheier erënnert eng Strooss un déi fréier Proprietärin[2].

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell, wou net anescht uginn: Aline Grün. rues-au-feminin.lu (nogekuckt:10.12.2024).
  2. Lokalisatioun um Geoportal