Alix vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Alix vu Lëtzebuerg
Titelen
Biographie
Gebuer 24. August 1929
Schlass Bierg
Gestuerwen 11. Februar 2019
Schlass Belœil
Papp Felix vu Bourbon-Parma
Mamm Charlotte vu Lëtzebuerg
Geschwëster Jean vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg, Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg, Marie-Gabrielle vu Lëtzebuerg, Charles vu Lëtzebuerg
Kanner Michel de Ligne


D'Prinzessin Alix Marie Anne Antoinette Charlotte Gabrielle vu Lëtzebuerg, gebuer de 24. August 1929 um Schlass Bierg a gestuerwen den 11. Februar 2019[1],[2] um Schlass Beloeil, war dat jéngst Kand vun der Groussherzogin Charlotte an hirem Mann dem Prënz Felix. Si war d'Tatta vum Groussherzog Henri.

D'Prinzessin ass zesumme mat hire Gesëschter um Schlass vu Colmer grouss ginn. Wéi Lëtzebuerg 1940 vun der Wehrmacht besat gouf ass si mat hiren Eltere fir fënnef Joer an den Exil gaangen, a Portugal, Vereenegt Staaten, England an an de Kanada[3], wou si an engem kathoulesche College bei der Stad Québec studéiert huet.[4].

Si huet sech 1950 zu Lëtzebuerg mat dem Antoine de Ligne bestuet, deen aus enger adeleger belscher Famill koum. Den Antoine de Ligne war am Zweete Weltkrich Pilot an der R.A.F. gewiescht, a Member vun enger Expeditioun vu 17 Méint op de Südpol.

Si hunn am Schlass Beloeil an der belscher Provënz Hainaut gewunnt a krute siwe Kanner an 10 Kandskanner.

  • Michel (gebuer 1951), Chef vum Haus de Ligne zanter dem Doud vu sengem Papp am August 2005 a bestuet mat der Éléonore d'Orléans-Bragance,
  • Wauthier (gebuer 1952), bestuet mat der Régine de Renesse,
  • Anne (gebuer 1954), gescheet vum Olivier Mortgat,
  • Christine (gebuer 1955), bestuet mat dem Antoine d'Orléans-Bragance,
  • Sophie (gebuer 1957), gescheet vum Philippe de Nicolay,
  • Lamoral (gebuer 1959), bestuet mat der Minthia de Lannoy,
  • Yolande (gebuer 1964), bestuet mat dem Hugo Townsend.

D'Prinzessin Alix gouf fir d'éischt Urgroussmamm de 5. Juli 2006 wéi de Barong Antoine Gillès de Pélichy op d'Welt koum. Dat ass de Bouf vum Barong Baudouin Gillès de Pélichy an der Prinzessin Elisabeth de Ligne.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Prinzessin Alix ist verstorben op wort.lu den 11. Februar 2019
  2. D'Schwëster vum Grand-Duc Jean, d'Prinzessin Alix, ass gestuerwen op rtl.lu den 11. Februar 2019
  3. (fr)Philippe Bernier Arcand, L'exil québécois du gouvernement du Luxembourg. Histoire Québec 19–26 (2010). Gekuckt de(n) 2023-05-18.
  4. (fr)Philippe Bernier Arcand, Les Bourbon-Parme dans les institutions d'enseignement du Québec. Histoire Québec 24–28 (2022). Gekuckt de(n) 2023-05-04.