Alldag am besate Lëtzebuerg (1940-1944)
Dësen Artikel beschreift den Alldag am besate Lëtzebuerg an der Zäit vun der däitscher Besatzung, vun 1940 bis 1944[1].

Kontext
[änneren | Quelltext änneren]Aus der Perspektiv vun den Nationalsozialisten ass Lëtzebuerg, wéi Deeler vu Loutrengen an den Elsass, e westlecht Grenzgebitt, dat „rassesch“ a kulturell däitsch ass. D'Land soll dowéinst nees „heem an d'Räich“ ((de) „Heim ins Reich") gefouert ginn. Der Bevëlkerung soll bewosst gemaach ginn, datt si am Fong „volleksdäitsch“ ass. An engem nächste Schrëtt sollen d’Lëtzebuerger zu Nationalsozialiste gemaach ginn. Fir dëst z'erreechen, muss alles wat Franséisch ass, aus dem Alldag verschwannen: kulturell Gewunnechten, Sprooch, Nimm. Mat enger massiver Propaganda an der Integratioun vum kompletten ëffentleche Liewen an d'Parteistrukturen, probéiert de Regimm säin ideologesche Programm duerchzesetzen. Do wou et net klappt, gëtt Drock ausgeüübt. De Lëtzebuerger bleift keng Wiel: wien net matmécht, gëtt „ëmgezillt“, ëmgesidelt oder deportéiert. Et gëtt awer och Mënschen zu Lëtzebuerg, déi net als „volleksdäitsch“ ugesi ginn: déi mat däischterer Hautfaarf, Sinti a virun allem Judden. Si all sollen aus Lëtzebuerg verschwannen.
Propaganda an Indoktrinatioun
[änneren | Quelltext änneren]
D'Bevëlkerung soll vun den Iddie vun den Nationalsozialisten iwwerzeegt ginn: d'Zeitungen an de Radio melle just dat, wat den Okkupant kommunizéiere wëll. Fändelen, Symboler a Plakater vum Regimm sinn iwwerall ze gesinn, grad ewéi Paraden a Manifestatiounen. Iwwerall sinn d'Leit enger ideologescher Indoktrinatioun ausgesat: an der Schoul, op der Aarbecht oder an hirer Fräizäit.
Indoktrinatioun vun der Jugend
[änneren | Quelltext änneren]D'Propaganda vum Regimm gëtt ënner anerem – op eng méi oder manner subtil Manéier – mat Spillsaache wéi Poppen an Naziuniformen oder Brietspiller wéi Kampf und Sieg verbreet. D’Zil ass et, fir déi Jonk z'encouragéieren, sech fräiwëlleg an enger Nazi-Organisatioune wéi der „Hitlerjugend“ (HJ) z'engagéieren. D'Jonge gi fir hir zukünfteg Roll als Zaldot virbereet an d'Meedercher op d'Roll als Mamm.
Rassepolitik
[änneren | Quelltext änneren]
D'Nazien entwéckele „Rassen“ andeem se d'Leit op Basis vun ausgewielten Eegenaart kategoriséieren an hierarchiséieren. An der Zäitschrëft „Der Untermensch“ ginn d'Judden, Slawen a Bolschewisten / Kommunisten als onziviliséiert Monsteren duergestallt. D'Gefor vum "jiddesche Bolschewismus" soll ugestëppelt ginn an de rassistesch-ideologesche Vernichtungskrich géint d'Sowjetunioun soll gerechtfäerdegt ginn.
Baupolitik
[änneren | Quelltext änneren]Fir den Nazi-Regimm spillt och d'Architektur eng wichteg Roll beim Opbau vun der neier Uerdnung. Projete fir Stied a monumental Gebaier nei ze gestalte sinn en Deel vum Germaniséierungs- an Nazifikatiounsprogramm. Schonn 1941 huet den däitschen Architekt Karl-Heinz Löb geplangt, Esch/Uelzecht op Basis vum NS-Modell nei ze gestalten. Wéinst dem Krich gëtt awer just ganz wéineg vun dëse Pläng ëmgesat.
Germaniséierung
[änneren | Quelltext änneren]

De Chef vun der Zivilverwaltung Gustav Simon gëtt e Sproochereglement raus, datt d'Franséischt verbitt an dat Däitscht zur offizieller Sprooch mécht. Net just d'Stroossen-, Uertschafts- a Geschäftsnimm ginn agedäitscht, mä och d'Vir- a Familljennimm gi germaniséiert: aus dem Jean Petit gëtt de Johann Klein, asw.
Drock fir Konformitéit
[änneren | Quelltext änneren]Den Nazi-Regimm kontrolléiert de Staat an d'Medien, d'Aarbechts- an d'Veräinswelt, d'Fräizäitaktivitéiten an d'reliéist Liewen. Wou d'Propaganda an d'Indoktrinatioun net zum gewënschte Resultat féieren, gëtt Drock ausgeüübt. Jiddereen, dee refuséiert sech der „däitscher Volleksgemeinschaft“ unzeschléissen, d'Symboler vum Nazi-Regimm ze droen, un hire Manifestatiounen deelzehuelen oder Member an hiren Organisatiounen ze ginn, kann zu all Ament gemellt ginn. Soubal een als politesch net zouverlässeg ugesi gëtt, riskéiert een net däerfen ze studéieren, seng Aarbecht ze verléieren oder an Däitschland zwangsversat ze ginn, a steet am Viséier vun der Police.
Volleksdäitsch Beweegung (VdB)
[änneren | Quelltext änneren]
Déi pro-däitsch Volksdeutsche Bewegung ("Volleksdäitsch Beweegung"; VdB) gouf am Juli 1940 gegrënnt an hat als Zil, Lëtzebuerg nees an dat Däitscht Räich ze féieren. D'VdB mécht Drock op d'Awunner, fir datt se sech den Nazi-Organisatiounen unzeschléissen a bei de Veranstaltunge vum Regimm matmaachen. Esou klëmmt dem VdB seng Memberszuel op ronn 82.000 Leit...
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Volksdeutsche Bewegung.
Drock fir Upassung an der Kultur an am Sport
[änneren | Quelltext änneren]Och déi, déi am kulturellen oder sportleche Beräich schaffen, stinn ënner enger strenger politescher Kontroll a mussen z. B. Member an der VdB oder der HJ ginn. Verschidde Forme vu Konscht ginn als „degeneréiert Konscht“ ugesinn a si verbueden. Nëmme gläichgesënnt Veräiner däerfe weiderhin existéieren.
Sozialhëllef als Drockmëttel
[änneren | Quelltext änneren]D'NS-Volkswohlfahrt (NSV) ass déi féierend sozial Organisatioun am Drëtte Räich. Awer just „rassesch wäertvoll“ Bierger, déi temporär an enger Noutsituatioun sinn, kréien eng Ënnerstëtzung. Vun 1940 un huet d'NSV all Joer Spendenaktioune fir d'Wanterhëllefswierk (Winterhilfswerk, WHW) zu Gonschte vu bedierftege Familljen a verwonnten Zaldoten organiséiert.
Sowjetesch Zwangsaarbechter
[änneren | Quelltext änneren]Vun Oktober 1942 u goufen zu Lëtzebuerg iwwer 4.000 Sowjetbierger gezwongen, Zwangsaarbecht ze maachen. Dës Fraen a Männer goufen a Lageren ënnerbruecht an hu missen ënner schwierege Konditiounen, meeschtens an der Stolindustrie, schaffen. D'Zwangsaarbechter, déi haaptsächlech aus der haiteger Ukrain koumen, goufe vum Okkupant als „Ostaarbechter·innen“ bezeechent. Och wann et verbuede war mat hinne Kontakt ze hunn, kruten se trotzdeem lokal Hëllef.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ostarbeiter.
Exklusioun vu Minoritéiten
[änneren | Quelltext änneren]Aus der Siicht vum Nazi-Regimm gëtt et zu Lëtzebuerg „Volleksdäitscher“, an et gëtt probéiert déi mat Propaganda an Drock an den NS-System z'integréieren. Aner Leit, virun allem Judden, awer och Reesender, Leit mat schwaarz Haut, Homosexueller oder Leit mat enger Behënnerung, sinn "onerwënscht" a sollen aus Lëtzebuerg „ewech bruecht“ ginn.
Jiddesch Matbierger
[änneren | Quelltext änneren]
Zu Lëtzebuerg hunn d'Nazien am September 1940 ugefaangen, d'Judden no an no aus der Gesellschaft auszeschléissen. Vun August 1941 un hunn d'Judde missen äusserlech z'erkenne sinn, fir d'éischt mat engem gielen Aarmband, méi spéit mat engem sougenannte giele „Juddestär“, deen op hir Kleeder gebutt gouf. Eng etlech vun de 4.500 Judden am Land konnte flüchten oder goufen ausgewisen. Op d'mannst 1.300 goufen der vum 16. Oktober 1941 an Osteuropa deportéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Juddentum zu Lëtzebuerg an am Artikel Holocaust zu Lëtzebuerg.
Zeie vum Jehova
[änneren | Quelltext änneren]Als ideologesche Géigner vum Nazi-Regimm goufen d'Zeie vum Jehova zu Lëtzebuerg vun 1940 u verfollegt. D'Membere vun der Reliounsgemeinschaft goufe festgeholl, a Schutzhaft geholl, ëmgesidelt oder an e Konzentratiounslager deportéiert.
Homosexuell
[änneren | Quelltext änneren]D'Nationalsozialisten hunn Homosexueller als eng eng Gefor fir den „gesonde Vollekskierper“ ugesinn an 1941 gouf d'Homosexualitéit zu Lëtzebuerg strofbar. Bei Razziae goufen op d'mannst zwanzeg Männer festgeholl an zu Prisongsstrofe verurteelt. Ënner hinnen och de Jean B., en zwanzegjärege Student deen an d'KZ Sachsenhausen deportéiert an do am Juli 1942 ëmbruecht gouf.
Jéinen a Sinti
[änneren | Quelltext änneren]Den nomadesche Liewensstil ass ënner dem däitsche Gesetz verbueden. Vill vun de sougenannte „Reesenden“ ginn och als eng „friem Rass“ ugesinn. D'Sinti an e klengen Deel vun de Jéinen déi zu Lëtzebuerg wunnen, ginn als „asozial“ agestuuft a wéinst Vagabundage verfollegt. Eng Rëtsch Jéine ginn dowéinst och verhaft a verurteelt, deels och deportéiert an an engem KZ ermuert.
Leit mat däischterer Hautfaarf
[änneren | Quelltext änneren]Fir den Nazi-Regimm ware Leit mat däischterer Haut vun enger „friemer Rass“, déi vu Lëtzebuerg ewech bruecht sollte ginn. Am Summer 1941 goufen déi éischt an der Stad gemellt, dorënner och den 31 Joer alen Eisebunner Jacques Leurs. E Joer drop, am Oktober 1942 gouf am Räich eng „Neger- und Mischlingszählung“ duerchgefouert. Ronn fënnef Leit mat schwaarzer Hautfaarf zu Lëtzebuerg goufen diskriminéiert; hinne goufe mat Kastratioun, gezwongener Scheedung vun hire wäisse Partner, Ausweisung oder Internéierungen a Lageren, gedreet.
Leit mat enger Behënnerung
[änneren | Quelltext änneren]Fir déi däitsch „Vollekshygiène“ ze verbesseren, huet den Nazi-Regimm am Kader vun der „Aktioun T4“ méi wéi 70.000 Leit mat kierperlecher oder geeschteger Behënnerung ermuert. Ob d'„Aktioun T4“ och zu Lëtzebuerg duerchgefouert gouf, ass bis ewell net kloer. Erwisen ass awer, datt Lëtzebuerger, déi wéinst hirer Behënnerung an Däitschland internéiert waren, ëmbruecht goufen, sief et duerch eng Injektiounen oder datt se näischt méi z'iesse kruten.
Trouscht an Hoffnung
[änneren | Quelltext änneren]An Zäite vun Onsécherheet an Angscht, sichen d'Leit Ënnerstëtzung a Trouscht. Reliéis a patriotesch Symboler bauen eng emotional Verbindung mat hirer Heemecht fir Leit op, déi ëmgesidelt, zwangsrekrutéiert oder deportéiert goufen. D'Grande-Duchesse Charlotte gëtt esou e Symbol vun der Hoffnung. Iwwer de brittesche Radiosender BBC adresséiert si sech un d'Bevëlkerung a hält Rieden, déi vu ville Lëtzebuerger heemlech gelauschtert ginn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich. |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Musée National de la Résistance et des Droits Humains, Luxemb(o)urg 1940-1945, éd.: Frank Schroeder, Elisabeth Hoffmann, Jérôme Courtoy, 2024, Kapitel "Neuer Alltag in einem totalitären Staat", S. 16-39