Op den Inhalt sprangen

Allergesch Rhinite

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Bei enger allergescher Rhinitis entzünt sech d'Schläimhaut vun der Nues.

D'allergesch Rhinite oder allergesch Rhinitis (lat.: Rhinitis allergica) ass eng allergesch bedéngt Entzündung vun der Nuesschläimhaut (Rhinite). D'Erkrankung kann d'ganz Joer iwwer virkommen, zum Beispill als Allergie op de Kot vun de Stëbsmilben (Hausstëbsallergie) oder bestëmmten Déiereschuppen. Si kann och nëmmen zu bestëmmte Joreszäiten optrieden, dacks als Konsequenz vun der Presenz vu Pollen an der Loft. Déi saisonal Varietéit gëtt informell och nach Heeschnapp genannt.[1][2] Eng geneetesch Veranlagung kann d'Risiko fir d'Entwécklung vun der allergescher Rhinite erhéijen.[3]

D'Entzündung vun der Nuesschläimhaut gëtt duerch eng Iwwerreaktioun vum Immunsystem op Allergeenen an der Loft provozéiert.[4] Zu den Unzeechen a Symptomer zielen d'Néitschen; eng Nues, déi leeft oder verstoppt ass; Aen, déi rout sinn, bäissen oder tréinen; a Schwellunge ronderëm d'Aen.[2] D'Symptomer trieden allgemeng kuerz nom Kontakt mam Allergeen op.

D'Erkrankung fänkt meeschtens am Kanneralter un a féiert joerzéngtelaang zur Beanträchtegung vun der Liewensqualitéit. Déi gesondheetlech Auswierkunge betreffen d'Sozialliewen, d'schoulesch Leeschtung an d'Aarbechtsproduktivitéit.[5]

Vill Mënschen, déi vun der allergescher Rhinite betraff sinn, leiden och ënner weideren Erkrankunge vun den Otemweeër, wéi Entzündunge vun den Nuesniewenhielen (Sinusitis) an Asthma. Wann och d'Bindehaut vum Aen gläichzäiteg entzünt ass, schwätzt ee vun enger allergescher Rhinoconjonctivite oder allergescher Rhinokonjunktivitis.[1][4]

 Commons: Allergesch Rhinite – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (de) Rhinitis allergica. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
  2. 1 2 (de) James Fernandez, Allergische Rhinitis. msdmanuals.com (August 2024). Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
  3. Choi BY, Han M, Kwak JW, Kim TH. Genetics and Epigenetics in Allergic Rhinitis. Genes (Basel). 2021 Dec 17;12(12):2004. doi: 10.3390/genes12122004. PMID: 34946955; PMCID: PMC8700872.
  4. 1 2 (de) Was versteht man unter (allergischer) Rhinitis? Grundlagen. allergieinformationsdienst.de. Gekuckt den 21. Mäerz 2026.
  5. Wheatley LM, Togias A. Clinical practice. Allergic rhinitis. N Engl J Med. 2015 Jan 29;372(5):456-63. doi: 10.1056/NEJMcp1412282. PMID: 25629743; PMCID: PMC4324099.