Partei vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
Logo | Parteizentral |
---|---|
Rue d'Arlon 40 1000 Bréissel ![]() | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 1. Oktober 2009 |
Ausriichtung: | konservativ europaskeptesch wirtschaftlech liberal |
Fraktioun: | Europäesche Konservativ a Reformisten |
Faarf: | Blo a Wäiss |
Websäit: | ECRParty.eu |
D'Europäesch Konservativ a Reformiste-Partei (en.: European Conservatives and Reformists Party (ECR-Party); fr.: Parti des Conservateurs et Réformistes Européens; de.: Europäische Konservative und Reformer-Partei) ass eng politesch Partei op europäeschem Niveau. Bis Juli 2019 huet si Allianz vun de Konservativen a Reformisten an Europa a virdrun bis Oktober 2016 Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten geheescht.[1]
Si ass europaskeptesch a vertrëtt gesellschaftspolitsch konservativ Wäerter a wirtschaftsliberal Prinzipien. D'ACRE setzt sech deementspriechend aus 18 aneren europäesche Parteien mat enger änlecher Ideologie zesummen, dorënner déi lëtzebuergesch ADR, déi brittesch Conservative Party, déi polnesch Prawo i Sprawiedliwość oder déi spuenesch Vox. Zesumme mat Vertrieder vun der Europäescher Chrëschtlecher Politescher Beweegung (ECPM) bilt si d'Fraktioun Europäesch Konservativ a Reformisten. An der Parlamentarescher Versammlung vum Europarot bilt si zesumme mat de Membere vun der Identitéit an Demokratie-Partei d'Grupp vun den Europäesche Konservativen an Demokratesch Allianz.[2]
Am Europäesche Rot ass d'Partei mam Regierungschef vu Polen vertrueden.
2019 hat d'ACRE 19 Memberparteien aus der EU an 20 aus net EU-Staaten.[3] No den Europawalen 2019 hat d'Fraktioun vun der ACRE 62 Deputéiert, dat sinn 8,26% vun de 751 Membere vum Europaparlament.[4] Nom Brexit sinn déi brittesch Deputéiert ewechgefall.
Commons: Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Pressecommuniqué: AECR to change its name to ACRE (6. Oktober 2016)
- ↑ European Conservatives Group and Democratic Alliance.
- ↑ ACRE Member EU Parties List (gekuckt de 5. Juli 2019)
- ↑ European Parliament: 2019 - 2024 (2. Juli 2019)