Op den Inhalt sprangen

Alofi

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alofi
Land Niue
Vewaltungseenheet Niue
Awunner 575
  2025
Fläch 46,48 km²
Héicht 21 m
Koordinaten 19°3'22"S, 169°55'16"W
Websäit http://niuevillage.com/niue/export/sites/NTO/alofisouth.html

Alofi ass d'Haaptstad vun Niue, engem Inselstaat am Süd-Pazifik.

Alofi läit un der Westküst vun Niue, am Zentrum vun der Alofibucht. D'Uertschaft besteet aus zwou administrativen Unitéiten: Alofi Nord an Alofi Süd, wou d'Regierungsgebaier sinn.

Alofi huet 575 Awunner (Stand 2025)[1],[2].

Alofi ass en Deel vum historeschen Territoire vum Tafiti-Stamm, op der südlecher Hallschent vun der Insel. Bis d'18. Joerhonnert haten d'Iki (Stammescheffen) an d'Familljepappen d'Autoritéit iwwer eng fragmentéiert Bevëlkerung. D'Insel gouf 1900 e brittescht Protektorat, mat Alofi als Haaptstad, an huet vum 11. Juni 1901 un als en Deel vun Neiséiland gegollt.

Zanter 1974 ass Niue duerch en Associatiounsaccord mat Neiséiland verbonnen. Alofi gouf d'Haaptstad vum Staat Niue.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • Taoga Niue-Musée

Bekannt Leit vun Alofi (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • Toke Talagi (1951–2020), Politiker a Premierminister
  • Dalton Tagelagi (*1968), Politiker an zënter 2020 de Premierminister vun Niue
 Commons: Alofi – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. (en) Alofi Population 2025. Gekuckt de 14. Juli 2025.