Op den Inhalt sprangen

Alois A. Feld

Vu Wikipedia
Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Alois A. Feld
Gebuer 21. Juni 1849
Tréier
Aktivitéit Journalist, Editeur

Den Alois Feld, gebuer als Alois[1] Alexander Mathias Feld den 21. Juni 1849 zu Tréier[2], deemools a Preisen, war e Journalist an Editeur vu Wolz.[3]

Hie war vun 1885 bis 1939 Redakter, Editeur an Drécker vun der Ardenner Zeitung.[4]

1922 huet den Alois Feld d'Imprimerie Alois Feld op säi Bouf Leo Feld (1888[5] ?) iwwerschriwwen.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. och alt an der Schreifweis „Aloys“ ze fannen
  2. (de) "Luxembourg Volkszählungen 1843-1900", Entry for Alois Feld and Anna Maull, 1900. www.familysearch.org. Gekuckt den 21.03.2025.
  3. Feld, Alois Alexander. www.auswanderer-oldenburg.de. Gekuckt den 21.03.2025.
  4. Les journaux au Luxembourg 1704-2004; Romain Hilgert. S. 133.
  5. Leo Hermann Joseph; um Gebuertsschäin gouf de Familljennumm mat „Felot“ amplaz vun „Feld“ opgeschriwwen