Aloyse-André Welter

Vu Wikipedia
Aloyse-André Welter
Gebuer 13. Mäerz 1852
Ëlwen
Gestuerwen 9. November 1922
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schoulmeeschter, Schrëftsteller

Den Aloyse-André Welter, gebuer den 13. Mäerz 1852 zu Ëlwen a gestuerwen den 9. November 1922 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Zeitungsredakter a Schrëftsteller[1].

Hien huet 1867 bis 1870 fir Schoulmeeschter geléiert an duerno zu Rëmmereg, Osper a Räichel Schoul gehalen.

1884 huet en de Beruff gewiesselt an ass Redakter beim Luxemburger Wort ginn, ee Joer drop bei der Obermosel-Zeitung.

1893 huet e mam Joseph Beffort d'Luxemburger Volkszeitung gegrënnt, där hire Chefredakter e bis 1921 war. D'Volkszeitung war ëm d'Joerhonnertwenn eng vun de wichtegsten Zeitungen zu Lëtzebuerg.

Hien huet och eng Rëtsch Romaner an Novellen op Däitsch geschriwwen, déi zum Deel bei däitsche Verlagen erauskoumen; een dovun ass Eldorado und Golgatha.

Ausserdeem huet hie Schoulbicher fir d'Primaireschoul geschriwwen: zesumme mam Jean-Pierre Bisdorff Lies- a Schreifbicher wéi Neue Schreib-Lese-Fibel (1883) fir déi 4 éischt Schouljoren, an e Rechebuch.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Fiche "Aloyse-André Welter" am Luxemburger Autorenlexikon; autorenlexikon.lu (gekuckt: 2017-11-21).