Aloyse Deitz
Ausgesinn
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Aloyse Deitz | |
---|---|
Gebuer |
22. Juni 1909 Diddeleng |
Gestuerwen |
13. Juli 1975 Diddeleng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Den Aloyse Deitz, gebuer den 22. Juni 1909 zu Diddeleng, och do gestuerwen den 13. Juli 1975[1], war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Hien huet säi Studium zu Bréissel op der Académie royale des beaux-arts an op der deemoleger École nationale supérieure d'architecture et des arts décoratifs gemaach[1].
Fir d'Weltausstellung 1937 zu Paräis huet hien, zesumme mat de Sculpteuren Ernest Grosber, Albert Kratzenberg a Léon Nosbusch, d'Skulpturaarbechte vum Relief Vue panoramique de la Ville de Luxembourg no enger Zeechnung vum Pierre Blanc op der Haaptfassad vum Lëtzebuerger Pavillon ausgefouert.[2],[3] Hien ass och bekannt wéinst Statioune vum Kräizwee dee vun Diddeleng op de Gehaansbierg féiert.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Herr, L., 1992. Anthologie des arts au Luxembourg. Éditions Émile Borschette, 464 S. (Cf. S. 63). ISBN 2-87982-034-0
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 Anthologie des arts au Luxembourg, S. 63
- ↑ Die Eröffnung des Luxemburger Pavillons auf der Pariser Ausstellung. Luxemburger Wort Nr 165 vum 14. Juni 1937 (Link)
- ↑ Mousset, Jean-Luc … [et al.]: Petit parmi les grands: Le Luxembourg aux Expositions universelles de Londres à Shanghai (1851-2010). Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art, 2010 (Publications du Musée national d'histoire et d'art Luxembourg 11), Ss. 208, 216.