Aloyse Duhr

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aloyse Duhr
Gebuertsnumm Aloyse Mathias Marie Duhr
Pseudonym Ali Duhr, Aly Duhr
Gebuer 18. Abrëll 1918
Ohn
Gestuerwen 1. Januar 1974
Gréiwemaacher
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Wënzer, Politiker
Partei CSV

Den Aly Duhr, gebuer als Aloyse Mathias Marie Duhr den 18. Abrëll 1918 zu Ohn, a gestuerwen den 1. Januar 1974 zu Gréiwemaacher[1], war e lëtzebuergesche Wënzer a Politiker[2] (CSV).

Hie war 1945 Member vun der Assemblée consultative an duerno, bis zu sengem Doud, Deputéierten an der Chamber.[3] Säin Doud huet mat sech bruecht, datt d'CSV e puer Méint laang, bis d'Chamberwale vum 26. Mee 1974, mat engem Deputéierte manner an der Chamber vertruede war, well kee méi op hirer Lëscht vum Ostbezierk stoung, deen nach hätt kënnen noréckelen.[4].

Vun 1964 bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Wuermer.

Gielercher[5][änneren | Quelltext änneren]

  • Officier vum Ordre de la couronne de chêne
  • Médaille de la Résistance
  • Cavaliere Ufficiale dell' Ordlne „AI Merito della Repubblica Italiana"
  • Verdienstkreuz 1. Klasse im Verdienstorden der BRD

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 4. Januar 1974
  2. SESSION ORDINAIRE 2012-2013 du 9 octobre 2012 au 7 octobre 2013 – édité par l'Administration parlementaire SS. 88-92
  3. "Die traurige Nachricht.". d'Lëtzebuerger Land, 4. Januar 1974 (gekuckt 2020-04-21).
  4. "Um den unbesetzten Abgeordnetensitz".d'Lëtzebuerger Land, 18. Januar 1974; gekuckt 2020-04-23.
  5. Doudesannonce vum Aly Duhr. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (3. Januar 1974). Gekuckt de(n) 2023-01-23.