Procyon

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Alpha Canis Minoris)
Procyon
Aner Nimm a Katalogbezeechnungen
Elgomaisa - Algomeysa - Antecanis
Stärebild: Canis minor; Cmi
Bayer-Buschtaf: α
Flamsteed-Nummer: 10
Bright Star Catalogue: HR 2943
Henry-Draper-Katalog: HD 61421
SAO-Katalog: SAO 115756
Kaart vum Stärebild Canis Minor

De Procyon (α Canis minoris) ass den hellste Stär am Stärebild Klengen Hond. Mat enger Distanz vun 11,2 Liichtjoer ass et ee vun de sonnennooste Stären. De griichesche wéi och de laténgeschen Numm bedeite "virun dem Hond". Dat weist dorophin, datt hie virum Sirius, dem Hondsstär opgeet.

De Procyon gehéiert zum Wantersechseck.

Wéi de Sirius ass och de Procyon en Duebelstär – den Haaptstär Procyon A huet e klenge wäissen Zwerg vun der 11. Gréisst als Begleeder, de Procyon B. D'Ëmlafperiod vum Duebelstäresystem ass 41 Joer.

Miessunge vum Satellit MOST konnte beim Procyon keng Variatioune vun der Hellegkeet noweisen.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Procyon – Biller, Videoen oder Audiodateien