Alpha Condé

Vu Wikipedia
Alpha Condé
Gebuertsnumm ߞߐ߲ߘߍ, ߞߐ߲ߘߍ߫
Gebuer 4. Mäerz 1938
Nationalitéit Guinea
Educatioun Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller

Den Alpha Condé, gebuer de 4. Mäerz 1938 zu Boké, a Guinea, ass e guineësche Politiker.

Hien ass President vum Rassemblement du peuple de Guinée (RPG) a war e puermol Presidentschaftskandidat. Zënter dem 21. Dezember 2010 ass hie Staatspresident vu Guinea. Hie staamt vum Vollek vun de Mandinka of.[1]

De Condé ass mat 15 Joer a Frankräich emigréiert, wou e Politikwëssenschaften an Droit op der Sorbonne studéiert huet. Hie war dono iwwer zéng Joer Professer fir Droit public op der Sorbonne an huet sech an der Fédération des Etudiants d'Afrique Noire en France engagéiert. 1970 huet den deemolege guineësche President Ahmed Sékou Touré hie par contumace zum Doud verurteelt. De 17. Mee 1991 goung de Condé hannescht op Conakry.

Hien huet an de Joren dono ëmmer nees géint déi verschidden Diktature gekämpft, déi et bis viru kuerzem a Guinea gouf. 1993 an 1998 huet hie fir d'Presidentewale kandidéiert, gouf awer net gewielt. 1998 bis 2001 souz en am Prisong, well e soll d'Land illegal verlooss an eng Söldnerarméi opgesat hunn, fir de President Lansana Conté ze stierzen.[2] Hie konnt deemno och net bei de Presidentewale vun 2003 kandidéieren, sou datt de Lansana Conté, och wéinst dem Boykott vun den Oppositiounsparteien, gutt 95,6 Prozent vun de Stëmme krut.[3]

Bei der Presidentschaftswal 2010 huet den Alpha Condé nees kandidéiert an de 7. November am zweeten Tour géint den deemolege Premierminister Cellou Dalein Diallo gewonnen. Hie gouf den 21. Dezember 2010 als neie Staatspresident vereedegt.[4]

Den 11. Oktober 2015 an den 18. Oktober 2020 gouf hien allkéiers bei de Presidentschaftswalen a säin Amt erëmgewielt.

De 5. September 2021 gouf et e Putsch géint de Regime vum Alpha Condé.[5]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alpha Condé – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. AllAfrica.com
  2. http://www.irinnews.org/report.aspx?reportid=55250
  3. Archive copy Gearchiveerd op 2016-02-29. Gekuckt de(n) 2015-11-11.
  4. Blick.ch:Amtsinhaber Condé liegt bei Präsidentschaftswahl vorne.
  5. jeuneafrique.com:Guinée: tentative de coup d'État en cours à Conakry.