Alphonse Munchen
| Alphonse Munchen | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Johann Peter Alphonse Munchen |
| Gebuer |
3. September 1850 Dikrech |
| Gestuerwen |
24. Januar 1917 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Universitéit vu Léck |
| Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
| Partei | Liberal Liga |
| Fonctioun | Buergermeeschter vu Lëtzebuerg, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Gielercher | Officier vum Ordre de la couronne de chêne, Commandeur vum Ordre de Léopold, Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau, Chevalier vun der Légion d'honneur |
|
| |
Den Alphonse Munchen, gebuer den 3. September 1850 zu Dikrech[1] a gestuerwen de 24. Januar 1917[2] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Den Alphonse Munchen ass zu Dikrech op d'Welt komm, wou säi Papp an der Arméi stationnéiert war. Hien ass zu Dikrech an dono an der Stad an de Kolléisch gaangen, an huet dono zu Léck fir Ingenieur studéiert. Hie krut ufanks eng Plaz bei der Belscher Eisebunn, dono zu Nouvelle-Montagne am Zénkwierk. 1878 bis 1886 war hie Sousdirekter vun der Hollerecher Héichuewegesellschaft. Wéi déi opgeléist gouf, gouf hien Ingenieur op der Schmelz zu Rodange a Member vum Verwaltungsrot vum Stater Gaswierk zu Hollerech. Niewelaanscht hat hie privat och nach en technesche Büro.[3]
Tëscht 1892 an 1904 war hien am Stater Gemengerot. Vum 24. Juni 1904 bis de 14. Februar 1915 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg. Vun 1905 bis zu sengem Doud war hien ausserdeem Deputéierten an der Chamber.
1904 gouf hien zum éischte President vun der Liberaler Liga gewielt.
Hie war och Deputéierten an der Chamber[1][4].
Fir un hien z'erënneren ass zu Hollerech[5] an zu Bartreng[6] jee eng Strooss no him genannt ginn.
Gielchen
[änneren | Quelltext änneren]
Officier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1909)[7]
| Virgänger: Émile Mousel | Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1904 - 1915 | Nofollger: Léandre Lacroix |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 Kuerz biographesch Notiz iwwer den Alphonse München am Luxemburger Wort vum 24. Januar 1924
- ↑ Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? - Rue Munchen-Tesch an Ons Stad 28/1988, S. 25
- ↑ Evy Friedrich: Kalennerblieder 3. Lëtzebuerg 1981, S.31.
- ↑ Doudesannonce vum Alphonse Munchen am Luxemburger Wort vum 27. Januar 1917
- ↑ Rue Alphonse-Munchen an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
- ↑ L-8082; Lokalisatioun op geoportail.lu.
- ↑ Memorial A n° 22 vun 1909 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de al couronne de chêne dekoréiert goufen
