Alphonse Weicker
Alphonse Weicker | |
---|---|
Gebuer |
14. Januar 1891 Sandweiler |
Gestuerwen |
12. Februar 1973 Sandweiler |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller, Affekot, Ekonomist |
Positioun oder Spezialitéit | Golkipp |
Veräin/Ekipp |
Racing FC Union Lëtzebuerg, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp |
Famill | |
Papp | Jean-Baptiste Weicker |
Den Alphonse Weicker, gebuer de 14. Januar 1891[1] zu Sandweiler, an do gestuerwen den 12. Februar 1973[2], war e lëtzebuergesche Banquier an Ex-Foussballspiller.
Säi Papp war de Politiker an Agronom Jean-Baptiste Weicker.
Karriär
[änneren | Quelltext änneren]1919 war hie mam Léandre Lacroix Matgrënner vun der Banque générale du Luxembourg (BGL). Vun 1919 bis 1969 war hien Administrateur délégué a vun 1969 bis 1971 Administrateur vun der BGL.
Vun 1950 bis 1958 war hie President vum Cercle artistique de Luxembourg, a vun 1953 bis 1966 President vun der FEDIL.
Fir un hien z'erënneren dréit eng Stëftung vun der BGL säin Numm, an um Kierchbierg krut de 14. Oktober 1974 eng Strooss den Numm Rue Alphonse Weicker, deen 2017 och op en Arrêt vun der Tramslinn T1 iwwerdroe gouf.
Aktivitéit am Sport
[änneren | Quelltext änneren]Hie stoung den 29. Oktober 1911 fir déi éischt Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp am Gol.[3]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1960)[4]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64 (rue Alphonse Weicker). [1]
- Reuter, A., 2003. Alphonse Weicker (1891-1973). In: 400 Joer Kolléisch, Vol. 2: L'Athénée et ses grands anciens. Luxembourg, S. 373.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64 (rue Alphonse Weicker).
- ↑ Doudesannonce vum Alphonse Weicker am Lëtzebuerger Land vum 16. Februar 1973
- ↑ d'Lëscht vun de Lännermatcher vum Alphonse Weicker op der Websäit vun European Football
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1960 Memorial A N° 17 vun 1960 Archivéiert de(n) 2014-04-21. Gekuckt de(n) 2013-01-04.
- Gebuer 1891
- Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp
- Lëtzebuergesch Affekoten
- Lëtzebuergesch Nottären
- Lëtzebuergesch Ekonomisten
- Lëtzebuergesch Banquieren
- Commandeur de l'ordre de la couronne de chêne
- Grosses Bundesverdienstkreuz
- Gestuerwen 1973
- Membere vum Cercle artistique de Luxembourg
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass