Alternative für Deutschland

Vu Wikipedia
Alternative für Deutschland
Ofkierzung AfD
President Tino Chrupalla
Alice Weidel
Vizepresidenten Stephan Brandner
Peter Boehringer
Mariana Harder-Kühnel
Gegrënnt 6. Februar 2013
Parteizentral Schillstraße 9
10785 Berlin
Zeitung AfD Kompakt
Jugendorganisatioun Junge Alternative für Deutschland
Memberszuel 40.131
(2024)
Politesch Positioun Riets
Europäesch Affiliatioun Europa vun der Fräiheet an der direkter Demokratie
Faarwen Rout, Wäiss an Hellblo
Slogan Unser Land zuerst
Bundestag
79/736 Sëtz
Europaparlament
9/96 Sëtz
Websäit
www.alternativefuer.de

D'Alternative für Deutschland (kuerz: AfD) ass eng däitsch politesch Partei, déi 2013 als Reaktioun op d'Rettungspolitik vun der Eurozon duerch d'Europäesch Unioun gegrënnt gouf.

Ufanks nach éischter als wirtschaftsliberal bezeechent, gëtt d'AfD haut am politesche Spektrum riets vun der CDU/CSU situéiert a gëllt als rietspopulistesch oder rietspopulistesch beaflosst.

Hiren éischte Succès waren iwwerregional Mandater bei der Europawal 2014. Zënterhier sëtzt si och an de Landesparlamenter vu verschiddenen däitsche Bundeslänner. Bei de Bundestagswalen 2013 krut si 4,7 % vun de Stëmmen, ass awer trotzdeem net an den Däitsche Bundestag komm, well dat an Däitschland eréischt mat 5 % oder méi vun de Stëmme méiglech ass (déi sougenannt "Fünf-Prozent-Hürde").

Hire gréisste Succès huet d'AfD bei de Bundestagswalen 2017 erlieft, wéi si 12,6 % vun de Stëmme a 94 Sëtz krut.[1] E puer Deeg no der Wal ass d'Parteicheffin Frauke Petry aus der Partei ausgetrueden, well hir d'Richtung, an där d'Partei sech géif beweegen, net gefall huet.[2],[3] Och schonn de fréier Parteichef Bernd Lucke hat am Juli 2015 d'Partei aus dem selwechte Grond verlooss an ouni grousse Succès eng eege Partei gegrënnt.[4]

Parteicheffe vun der AfD

D'Cheffen ("Bundessprecher") vun der AfD zënter der Partei hirer Grënnung waren:

  • 2013-2015: Konrad Adam, Frauke Petry, Bernd Lucke
  • 2015-2017: Frauke Petry, Jörg Meuthen
  • 2017-2019: Jörg Meuthen, Alexander Gauland
  • 2019-2022: Jörg Meuthen, Tino Chrupalla
  • 2022- haut: Tino Chrupalla, Alice Weidel

Um Spaweck

Commons: Alternative für Deutschland – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Spiegel Online: Union verliert deutlich, SPD schwach wie nie, AfD auf Platz drei (24. September 2017
  2. Manager Magazin: Frauke Petrys kalkulierter Abgang (25. September 2017)
  3. Spiegel Online: AfD bangt um ihre Mitte (29. September 2017)
  4. Spiegel Online: Spekulation über neue Petry-Partei (27. September 2017)