Op den Inhalt sprangen

Amélie Nothomb

Vu Wikipedia
Amélie Nothomb
Gebuertsnumm Fabienne Claire Nothomb
Gebuer 9. Juli 1966
Etterbeek
Nationalitéit Belsch
Educatioun Université libre de Bruxelles
Aktivitéit Schrëftstellerin, Dréibuchautorin, Novellistin, Romancière
Member vun Académie royale de langue et de littérature françaises
Auszeechnungen Prix Roland-de-Jouvenel, Renaudot-Präis, Premio Arcebispo Xoán de San Clemente de novela estranxeira
Websäit http://www.amelie-nothomb.com

D'Amélie Nothomb, gebuer als Fabienne Claire Nothomb den 9. Juli 1966 zu Etterbeek, an der Haaptstadregioun Bréissel[1], ass eng belsch franséischsproocheg Schrëftstellerin.

D'Amélie Nothomb ass als Duechter vun engem Diplomat, dem Baron Patrick Nothomb, a Japan, a China, zu New York, a Burma an am Laos opgewuess, a koum eréischt mat 17 Joer fir d'éischt an Europa. Si huet op der Université libre de Bruxelles Romanistik studéiert, an ass no hirem Ofschloss hannescht op Tokio gaangen, wou s'an enger grousser Entreprise geschafft huet (hir Erfarungen do waren d'Grondlag vun engem vun hiren éischte Romaner, Stupeurs et tremblements, 1999, deen och verfilmt gouf).

1992 goung se nees an d'Belsch an hat mat hirem éischte Roman, Hygiène de l'assassin grousse Succès, sou dass se hir Schrëftstellerkarriär bis haut fortgesat huet, mat praktesch all Joer engem neie Roman, wouvun der eng Rëtsch deelweis autobiographesch sinn.

Hir Wierker goufe ma enger Rëtsch Präisser ausgezeechent, a si krut och eng Rei Distinctioune fir hir Aarbecht. Ënner anerem gouf si 2015 vum Kinnek Philippe zur Baronne ernannt.

  • Hygiène de l’assassin. 1992
  • Le Sabotage amoureux. 1993
  • Légende un peu chinoise. 1993
  • Les Catilinaires. 1995
  • Péplum. 1996
  • Attentat. 1997
  • Mercure. 1998
  • Stupeur et tremblements. 1999
  • Le Mystère par excellence. 1999
  • Métaphysique des tubes. 2000
  • Brillant comme une casserole. 2000
  • Cosmétique de l’ennemi. 2001
  • Aspirine. 2001
  • Sans nom. 2001
  • Robert des noms propres. 2002
  • Antéchrista. 2003
  • L’Entrée du Christ à Bruxelles. 2004
  • Biographie de la faim. 2004
  • Acide sulfurique. 2005
  • Journal d'Hirondelle. 2006
  • Ni d'Ève, ni d'Adam. 2007
  • Le Fait du Prince. 2008
  • Le Voyage d'hiver. 2009
  • Une forme de vie. 2010
  • Tuer le père. 2011
  • Barbe bleue. 2012
  • La Nostalgie heureuse. 2013
  • Pétronille. Roman. Albin Michel, 2014
  • Le Crime du comte Neville. Albin Michel, Paris 2015, ISBN 978-2-226-31809-1.
  • Riquet à la houppe. Albin Michel, Paris 2016, ISBN 978-2-226-32877-9.
  • Frappe-toi le cœur. Albin Michel, Paris 2017, ISBN 978-2-226-39916-8.
  • Les Prénoms épicènes. Albin Michel, Paris 2018, ISBN 978-2-226-43734-1.
  • Soif. Albin Michel, Paris 2019, ISBN 978-2-226-44388-5.
  • Les aérostats. Albin Michel, Paris 2020, ISBN 978-2-226-45408-9.
  • Premier sang. Albin Michel, 2021
  • Le livre des sœurs. 2022
  • Psychopompe. Albin Michel, 2023 ISBN 978-2-226-48561-8
  • L'Impossible Retour. Albin Michel, 2024 ISBN 978-2-226495945
  • Tant mieux. Albin Michel, 2025 ISBN 978-2-226-50439-5
  • Michel Zumkir: Amélie Nothomb de A à Z: portrait d'un monstre littéraire. Le Grand Miroir, Brüssel 2007, ISBN 978-2-87415-798-1 (französisch).
  • Susanne Rossbach: Verbale Machtspiele zwischen Grausamkeit und Esprit. Das Werk der exzentrischen Graphomanin Amélie Nothomb. in: Roswitha Böhm (Hrsg.): Observatoire de l’extrême contemporain: Studien zur französischsprachigen Gegenwartsliteratur. (= Edition lendemains Bd. 12) Gunter Narr, Tübingen 2009, ISBN 978-3-8233-6494-8, S. 295–305.
 Commons: Amélie Nothomb – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Etat présent de la noblesse belge, 2010