Amaro Ramazzotti
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gedrénks. Fir de Familljennumm, kuckt wgl. Ramazzotti. |

Amaro Ramazzotti ass en italieenesche Kraiderlikör („Amaro“) mat engem Alkoholgehalt vun 30%. E besteet aus 33 verschiddene Kraider, Wuerzelen an anere Planzen aus der ganzer Welt a gëtt ouni Faarf- an Aromastoffer hiergestallt.
Den Amaro Ramazzotti kann een als Digestif oder einfach sou drénken, puer, mat Äis, mat Zitroun oder als Longdrink mat zum Beispill Orangëjus.
Den éischten Amaro Ramazzotti gouf 1815 zu Mailand hiergestallt. Ursprénglech huet en "Amaro Felsina Ramazzotti" geheescht, no engem geheime Familljerezept vum Ausano Ramazzotti, engem Apdikter vu Bologna, deen Ufanks vum 19. Joerhonnert op Mailand geplënnert war. 1848 huet d'Famill eng Bar an der Via Santa Margherita opgemaach, an där den Amaro Ramazzotti zerwéiert gouf. 1985 gouf d'Mark vum franséische Grupp Pernod Ricard opkaaft. Nieft dem traditionellen Originalrezept gëtt zënter 2000 och nach eng Variant vum Gedrénks mat Mënz produzéiert (Ramazzotti Menta).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Amaro Ramazzotti – Biller, Videoen oder Audiodateien |