Amaury vu Marchant an Aansebuerg (1849)
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Amaury vu Marchant an Aansebuerg)
| Amaury vu Marchant an Aansebuerg | |
|---|---|
| Gebuer |
16. August 1849 Saint-Josse-ten-Noode - Sint-Joost-ten-Node |
| Gestuerwen |
8. Abrëll 1926 Bréissel |
| Nationalitéit | Belsch, Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Diplomat, Politiker |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber |
| Famill | |
| Papp | Guillaume d'Ansembourg |
| Mamm | Baronne Juliette de Bagenrieux de Lanquesaint |
| Kanner | Victor D'Ansembourg, Gaston d'Ansembourg |
|
| |
De Grof Amaury vu Marchant an Aansebuerg, gebuer de 16. August 1849 zu Sint-Josse-ten-Noode, a gestuerwen den 8. Abrëll 1926 zu Bréissel war Schlasshär zu Aansebuerg. De Grof Amaury krut duerch e Gesetz vum 1. Mäerz 1882 d'lëtzebuergesch Nationalitéit.
Hie war de Jong vum Grof Guillaume a senger Fra der Baronne Juliette de Bagenrieux de Lanquesaintourg, an hie gouf den 18. Januar 1882 zu Schaerbeek mat der Baronne Augusta d'Anethan (1863-1951), der Duechter vum Barong Auguste d'Anethan an der Isabelle Mosselman du Chenoy, bestuet.
Kanner
[änneren | Quelltext änneren]- de Grof René (1883-1953)
- d'Gräfin Juliette vu Marchant an Aansebuerg (1884-1971)
- d'Gräfin Héléne vu Marchant an Aansebuerg (1885-1941)
- d'Gräfin Gabrielle vu Marchant an Aansebuerg (1887-1979)
- de Grof Gaston (1891-1957),
- de Grof Pol (1892-1893)
- d'Gräfin Jeanne vu Marchant an Aansebuerg (1894-1895)
- de Grof Raymond (1897-1959),
- de Grof Victor (1898-1980),
Vun 1884 bis 1889 war hien Deputéierten an der Chamber.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.
