Amboy (Kalifornien)

Vu Wikipedia
Amboy
Land USA
Bundesstaat Kalifornien
County San Bernardino County
Awunner 4 (2000)
Koordinaten 34°33'25"N, 115°44'42"W

Amboy ass eng kleng Uertschaft an der Mojave-Wüst am San Bernardino County am US-Bundesstaat Kalifornien.

1858 hunn déi éischt Leit sech do niddergelooss. Ëm 1883 gouf eng Stad gegrënnt. Duerch den Uschloss un d'Eisebunn, d'Santa Fe Railroad vu Kingman (Arizona) op Barstow (Kalifornien), ma och den National Trails Highway (1914) a besonnesch duerch de Bau vun der Route 66 (1926), huet déi kleng Stad e Boom erlieft. Et war déi eenzeg Méiglechkeet an engem groussen Ëmkrees, matzen an der Wüst ze tanken, eppes z'iessen oder z'iwwernuechten. 1938 huet de Roy's Cafe and Motel zu Amboy opgemaach, vun deem haut nach e markant Reklammsschëld erhalen ass, dat 1959 opgeriicht gouf. Ëm 1940 hu 65 Awunner do gewunnt.

1973 gouf de modernen Interstate Highway 40 fäerdeg, dee ronderëm Amboy geet. Domat war den Haaptrevenu - Leit am Transit, déi do stallgehalen hunn - fleeten, an déi meescht Awunner hunn d'Stad verlooss. Eenzeg eng Chlorexploitatioun an de Roy's Cafe and Motel, hunn hir Aktivitéit oprechterhalen.

Duerch den ëmmer méi groussen Tourismus ëm d'Route 66 huet Amboy an de leschte Joerzéngten nees un Intressi gewonnen. Nodeems déi lescht 7 Awunner, ouni Succès, 2003 probéiert haten, d'Uertschaft op ebay ze versteeën, huet 2005 de Proprietär vun der Restaurantschaîne „Juan Pollo“ se fir 425.000 US-Dollar kaaft a këmmert sech zanterhier drëms, den historesche Patrimoine vun der Stad z'erhalen.[1]

Westlech vun Amboy läit den Amboy Crater, de Kegel vun engem Vulkan, deen eng 10.000 Joer al ass.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amboy – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. amboyroute66.com