Amphitheater vu Pula

Vu Wikipedia
Amphitheater vu Pula
Land Kroatien
Gemeng Pula
Koordinaten 44°52'23"N, 13°51'0"O
Datum vum Bau 27 v. Chr. (julianesch)
Zweck Theatergebai
Den Amphitheater zu Pula vun der Miersäit hier gesinn
Vue vun där anerer Säit.

Den Amphitheater vu Pula (Kroatesch: Pulska Arena) ass e réimeschen Amphitheater aus dem Enn vum 1. Joerhonnert zu Pula, am haitege Kroatien. Mat engem Duerchméisser vun 133 Meter op senger breetster Achs an 105 an der schmuelster ass et de sechstgréissten Amphitheater aus der Antiquitéit an ee vun den am beschten erhalenen.

Och wa villes bannenan am Laf vun de Joerhonnerte verschwonnen ass (fir aner Gebaier z. B.), sou ass d'Fassad aus wäissem Kalleksteen nach ëmmer gréisstendeels am Originalzoustand. Si besteet zanter se fäerdeg gebaut ass (ëm 81 n. Chr.) aus zwou Reien Arkaden eng iwwert där anerer, mat 72 Béi an engem Stack driwwer, an deem 64 rechteckeg Fënsternische sinn. Op der Säit zum Mier hinn ass den Amphitheater bis zu 32,45 Meter héich. D'Ostsäit ass an en Hank gebaut, dofir ass se no baussen hin e gutt Stéck méi niddreg, an eng Rëtsch Béi konnten ewechgelooss ginn.

Op de Gradinen, déi am Mëttelalter ewechgemaach goufen, konnte bis zu 26.000 Leit Plaz fannen. Gebuede krute se Gladiatorekämpf, wëll Déieren, déi openee lassgelooss goufen, an och Naumachien, also Séischluechten, woubäi d'Arena ënner Waasser gesat gouf.

Am Hypogäum ënner der Arena, wou d'Déierekäfeger, d'Dekoren an d'Maschinne fir d'Spektakele waren, ass haut eng Ausstellung iwwer d'Geschicht vum Ubau vun Ueleg a Wäin an der Réimerzäit.

Den Ausbau zum Amphitheater, wéi en haut do steet, gouf op Uerder vum Keeser Vespasian ausgefouert. Hien ass awer gestuerwen, ier e fäerdeg war, sou datt en ënnert sengem Jong an Nofollger Titus am Joer 80 feierlech a Betrib geholl gouf. E louch deemools eng 200 Meter baussent der Stadmauer.

An den 1930er Jore goufen op der Ostsäit Sëtzplaze fir ronn 5000 Leit amenagéiert; zanterhier ginn am Amphitheater Concerten oder soss Spektakelen opgefouert, wéi z. B. Theaterstécker, e Filmfestival, oder alt emol en Äishockeymatch.

Panorama[änneren | Quelltext änneren]

Bannepanorama

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Štefan Mlakar: Das Amphitheater in Pula. (= Kulturhistorische Denkmäler in Istrien 1). 10., geänderte und ergänzte Ausgabe. Archäologisches Museum Istriens, Pula 1997, ISBN 953-6153-05-X.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Amphitheater vu Pula – Biller, Videoen oder Audiodateien

7