Anastasio Somoza Debayle

Vu Wikipedia
Anastasio Somoza Debayle
Gebuer 5. Dezember 1925
León
Gestuerwen 17. September 1980
Asunción
Nationalitéit Nicaragua
Educatioun United States Military Academy
Aktivitéit Politiker
Mamm Salvadora Debayle

Den Anastasio ("Tachito") Somoza Debayle, gebuer de 5. Dezember 1925 zu León, am Nicaragua, a gestuerwen de 17. September 1980 zu Asunción, am Paraguay, war vun 1967 bis 1972 a vun 1974 bis 1979 President an Diktator vum Nicaragua. Als Chef vun der Nationalgard war hien och an de Joren dertëscht, wéi formal anerer President waren, de facto den ieweschte Chef vum Land.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien ass Member vum Somoza-Clan, aus deem zanter 1934 Presidente vun Nicaragua ervirgoungen. Säi Papp war den Anastasio Somoza García, genannt Tacho. Hie krut an de Vereenegte Staate seng militäresch Ausbildung an hat doduerch eng sëllege Frënn am amerikanesche Militär, déi e spéider ënnerstëtzt hunn. Nees doheem, gouf hien zum Majouer, dono zum Lieutenant-Colonel an dann zum Chef vun der Nationalgard befërdert. 1950 huet hie seng Kusin Hope Portocarrero, aus enger vun de räichste Famillen am Land, bestuet.

Nom Doud vu sengem Brudder Luís gouf den Anastasio Somoza Debayle 1967 selwer zum President gewielt. Eng friddlech Manifestatioun vun der Oppositioun, virun de Wale, gouf op säin Uerder néiergeschoss. An de Joren dono war en domat beschäftegt, sech mat westleche Länner, absënns den USA, gutt ze halen an innepolitesch d'Muecht an de Räichtum vu senger Famill ofzesécheren. Sou goufen, no engem Äerdbiewen, am Dezember 1972 zu Managua, bei deem ronn 10.000 Leit ëmkoumen, Fongen an der Héicht vu ronn 500 Milliounen US-Dollar, déi als Hëllef geduecht waren, ënnerschloen an detournéiert. 1976 hunn him 346 Entreprisen a verschiddene Wirtschaftssekteure gehéiert (Hafenanlagen, Brauereien, Zement- an Textilfabrécken, Bauentreprisen, Assurancen, d'national Fluchgesellschaft, eng Schëffslinn an en Televisiounssender), a senger Famill ronn ee Véirel vun der landwirtschaftlecher Fläch vum Land.

Wéi en 1974 op en Neits kandidéiert huet, war et esouguer der réimesch-kathoulescher Kierch ze vill, a si, déi de Clan jorelaang ënnestëtzt huet, huet géint seng Wal opgeruff. D'Onzefriddenheet an d'Kritik u sengem Regime ass vu Joer zu Joer méi grouss ginn. Besonnesch déi oppositionell Sandinistas goufen ëmmer méi staark, zemools nodeems de Leader vun der biergerlecher Oppositioun, den Zeitungsediteur Pedro Chamorro, ermuert gi war, an deem seng Wittfra, d'Violeta Barrios de Chamorro, sech de Sandinisten ugeschloss huet. Et koum zum Nidderschloe vun engem Generalstreik a vun der Rebellioun vun Indios aus dem Masaya, mat allkéiers villen Doudesaffer.

Den US-President Jimmy Carter, deen 1976 gewielt gi war, huet sech vum Somoza distanzéiert an em keng Waffe méi liwwere gelooss. Brasilien, Argentinien, Südafrika an Israel hunn awer viru Waffen a soss Material un den Nicaragua verkaaft. Wéi de Biergerkrich de Sandinisten ëmmer méi Erfolleger bruecht huet, huet de Somoza mat entspriechend verstäerkter Gewalt reagéiert. Dausende vun Oppositionellen oder soss onkamoud Persoune goufe verhaft, vill goufen der gefoltert an ermuert. D'Läiche goufe "verschwanne" gedoen, se goufen an d'Mier oder an e Vulkankrater gehäit. De Biergerkrich huet ronn 30.000 Leit d'Liewe kascht.

Den 28. August 1978 koum et zu engem Putschversuch géint hien a seng Famill (säi Jong war de Chef vun der Nationalgard), deen awer kee Succès hat. 150.000 Leit sinn am Biergerkrich fortgelaf, wat zu grousser Aarmut geféiert huet. Guatemala, Honduras an El Salvador hunn de Somoza logistesch ënnerstëtzt, iwwerdeems Costa Rica a Panama nicaraguanesche Flüchtlingen Exil gebueden hunn.

De 17. Juli 1979 ass et de Sandinisten dann awer gelongen, den Anastasio Somoza Debayle ze stierzen. Dëse konnt sech mat senger Famill, inklusiv senger Maîtresse, Dinorah Sampson, an der Staatskeess, souwéi den Doudeluede vu sengem Papp a sengem Brudder am Gepäck, op Miami (Florida) ofsetzen. Do hat hie sech schonn am Virfeld verschidden Entreprise kaaft, fir sech et weiderhi gutt goen ze loossen. Ma d'Amerikaner ware frou, senger séier lass ze ginn, soudatt den 19. August 1979 den Alfredo Stroessner him am Paraguay Asyl gebueden huet.

1980 huet hie seng Memoirë publizéiert, mam Titel Nicaragua Traicionada ("Nicaragua gouf verroden"), wou e sech als Held am Kampf géint de Kommunismus stiliséiert huet, dee vun der US-Regierung ënnert dem Carter schänterlech am Stach gelooss gi wier.

De 17. September 1980 gouf hie vu 7 Membere vun der argentinescher Revolutionärer Volleksarméi (ERP) bei engem Attentat op der Strooss erschoss. Hie gouf am Mausoleum vun der Famill zu Miami begruewen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anastasio Somoza Debayle – Biller, Videoen oder Audiodateien