Op den Inhalt sprangen

András Baka

Vu Wikipedia
András Baka
Funktioun
8. President vun Ungarn
19. August 2026 –
Virgänger Tamás Sulyok
Ágnes Forsthoffer (kommissaresch)
Biographie
Gebuertsnumm Baka András Bálint
Gebuer 11. Dezember 1952
Budapest
Alter 73 Joer
Nationalitéit Ungarn
Aktivitéit Politiker, Jurist, Universitéitsprofesser, Riichter

Den András Baka, gebuer den 11. Dezember 1952, ass en ungaresche Jurist a Politiker. Zanter dem 19. August 2026 ass hie President vun Ungarn.

Hie war Riichter vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter a vun 2009 bis 2011 President vum Ieweschte Geriichtshaff vun Ungarn (Legfelsőbb Bíróság).

Nodeems de Viktor Orbán als Premierminister ofgewielt a vum Oppositiounsleader Péter Magyar ofgeléist gi war, huet d'Parlament am Juli 2026 eng Ännerung vun der Verfassung gestëmmt, fir datt de President Tamás Sulyok ofgesat soll ginn.[1] Dës Ännerung huet de President Sulyok mat ënnerschriwwen, wat mat sech bruecht huet, datt seng Amtszäit den 19. Juli 2026 op en Enn koum.[2] D'Ágnes Forsthoffer, Presidentin vum ungaresche Parlament, gouf nom Sulyok sengem Récktrëtt, Interimspresidentin.

Den 11. August 2026 gouf den András Baka als President gewielt an huet säin Amt den 19. August ugetrueden.[3]

 Commons: András Baka – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Parlament stimmt für Verfassungsänderung zur Absetzung des Präsidenten. zeit.de, Juli 2026.
  2. (de) Orbán-Freund unterschreibt sein Ende: Präsident Sulyok erklärt seinen Posten für vakant. t-online (18.07.2026). Gekuckt den 18.07.2026.
  3. (de) Ungarn: Tisza-Fraktion nominiert András Baka als Staatspräsident. euronews (08.08.2026). Gekuckt den 11.08.2026.