André-Marie Ampère
André-Marie Ampère | |
---|---|
Gebuer |
20. Januar 1775 Lyon |
Gestuerwen |
10. Juni 1836 Marseille |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | École polytechnique |
Aktivitéit | Physiker, Mathematiker, Ingenieur, Philosoph, Chimist, Erfinder |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Royal Society of Edinburgh, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften |
Famill | |
Mamm | Jeanne Antoinette de Sarcey |
Kanner | Jean-Jacques Ampère |
Den André-Marie Ampère, gebuer den 22. Januar 1775 zu Poleymieux-au-Mont-d'Or bei Lyon, a gestuerwen den 10. Juni 1836 zu Marseille, war e franséische Mathematiker a Physiker.
Den André-Marie Ampère war Professer fir Physik, Astronomie a Philosophie zu Paräis. Hien huet Grondlagen an der Mathematik (Probabilitéit an Differentialrechnen) an an der Chimie (Affinitéit a Volume vun de Gasen) ausgeschafft an huet och Recherchen iwwer elektromagnéitesch Phenomeener gemaach.
Mat sengen Experimenter an Iwwerleeunge sinn dem Ampère revolutionär physikalesch Entdeckunge gelongen.
Hie gouf de Grënner vun der Elektrodynamik, op där hirer Uwendung och haut nach de Fonctionnement vun alle Generatoren an Elektromotore berout.
Zu sengen Éiere gouf d'Eenheet vun der Stäerkt vum elektresche Stroum Ampère benannt.
Dem André-Marie Ampère säin Numm ass ee vun den 72 Nimm um Eiffeltuerm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: André-Marie Ampère – Biller, Videoen oder Audiodateien |