André-Marie Charue

Vu Wikipedia
André-Marie Charue
Gebuer 1. Juli 1898
Jemeppe-sur-Sambre
Gestuerwen 20. Dezember 1977
Namouer
Nationalitéit Belsch
Educatioun Kathoulesch Universitéit vu Léiwen
Aktivitéit Theolog, kathoulesche Priister, kathoulesche Bëschof

Den André Clément Marie Ghislain Charue gebuer den 1. Juli 1898 zu Jemeppes-sur-Sambre an der Provënz Namur, a gestuerwen den 20. September 1977 war e belsche Geeschtlechen. Hie war de 27. Bëschof vun Namouer.

Den André-Marie Charue koum zu Jemeppes-sur-Sambre op d'Welt. Seng Eltere waren de Joseph Charue a seng Fra d'Adèle Marie Joseph Lahaye. De Papp war Comptabel an de Glaceries Saint-Roch.

Den André-Marie gouf zu Jemeppes gedeeft an huet seng Kommioun de 27. Juni 1909 zu Auvelais gemaach, wou säi Papp ëm 1905 en Haus gebaut hat.

Seng Primärschoul huet hien an der École Saint-Joseph zu Auvelais gemaach. Vun 1910 bis 1918 huet hie seng Humanités anciennes, an e Studium vun 2 Joer an der Philosophie um Petit seminaire de Floreffe gemaach. No engem Theologiesstudium um grousse Seminaire vun Namur, gouf hien an der Diözees Namouer de 15. August 1922 zum Geeschtleche geweit.

Am Oktober gouf hien op Universitéit vu Louvain geschéckt fir en Doktorat an der Theologie ze maachen, dat hien 1926 ofgeschloss huet. Dat selwecht Joer goung hien op Roum fir eng License en Écriture Sainte ze maachen. Am Oktober 1927 koum hien op Louvain zeréck, a gouf am Februar 1928 Professer um Grousse Seminaire vun Namur. Op där Plaz ass hie bliwwe bis den 12. Dezember 1941, wéi hie vum Poopst Pius XII. Bëschof genannt gouf.

Seng Bëschofswei krut hien den 11. Februar 1942 vum Kardinol Joseph-Ernest Van Roey, Äerzbëschof vu Malines.

De 24. Juni 1974 ass hien a Pensioun gaangen. Säin Nofelleger gouf de Robert-Joseph Mathen.

Seng Devise war Christum oportet crescere: Christus muss wuessen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • L. Declerck et Cl. Soetens, "Carnets conciliaires de l'évêque de Namur A.-M. Charue", Faculté de théologie de l'UCL, Louvain-la-Neuve an Centrum voor conciliestudie Vaticanum secundum vun der Fakultéit Godgeleerdheid (KUL) (coll. Cahiers de la Revue Théologique de Louvain, 32), Louvain-la-Neuve, Faculté de théologie, 2000.
  • Wladimir Plavsic, Monseigneur Charue, évêque de Namur, éditions Quorum, 1996.