André Biver (Politiker)

Vu Wikipedia
André Biver
Gebuer 6. Oktober 1938
Wëlwerwolz
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Fonctionnaire, Eisebunner
Partei LSAP

Den André Biver, gebuer de 6. Oktober 1938 zu Wëlwerwolz, ass e lëtzebuergesche Politiker (LSAP)[1].

Hien huet zu Lëtzebuerg bei der Eisebunn geschafft, dono an der Privataviatioun am Vereenegte Kinnekräich, ier e Staatsbeamten zu Lëtzebuerg gouf.

Bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 gouf hie fir d'LSAP an d'Chamber gewielt, gouf awer 1994 net méi erëmgewielt.

Op kommunalem Plang war den André Biver vun 1970 un am Gemengerot vu Wolz, vun 1982 bis 1987 war en éischte Schäffen, a vun 1988 bis 1993 Buergermeeschter.

1988 bis 1993 war hien och Membre suppléant vum Comité vun de Regiounen.

Den André Biver ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Alex Bodry, Ben Fayot: 120 Jor Sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber. Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Éditions La Mémoire Socialiste, 2016, S.34.