André Chevalier

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
André Chevalier
Gebuer 1660
Gestuerwen 10. Dezember 1747
Aktivitéit Editeur
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Den André Chevalier, gebuer 1660 zu Bourg-en-Bresse a gestuerwen den 10. Dezember[1] 1747 an der Stad Lëtzebuerg, war e franséische Buchdrécker, Editeur a Libraire, deen ë. a. an der Stad Lëtzebuerg gelieft huet. Säi Betrib gouf iwwer Generatioune vun Ierwe weidergefouert.

Hie gëllt als ee vun de bedeitendsten Editeure vun der Buchgeschicht zu Lëtzebuerg. Och déi éischt Zeitung déi am Herzogtum Lëtzebuerg erauskoum - wann och fir de franséische Marché -, La Clef du cabinet des princes de l'Europe, gouf vun him gedréckt an erausginn.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Paschtouesch- gaass 5

Den André Chevalier huet zu Metz geschafft. Hie war mat der Catherine Barbier (1663-1736) vun do bestuet. 1686 ass hien op Lëtzebuerg geplënnert, wou et zanter engem hallwe Joerhonnert keng Dréckerei méi gouf. Hie krut fir 20 Joer de Monopol, fir Bicher ze drécken an ze verkafen, an hie war den Exklusiv-Fournisseur vu Schoulbicher fir d'Jesuiten.[2]

1719 gouf hien Associé vum Guillaume La Payrade deen zu Senneng eng Pabeiermille kaf hat. 1737 huet hien d'Pabeiermillen dem Händler Pierre Bourgeois verkaf.[3]

Den 20. Februar 1690 huet seng Famill d'Haus Nummer 5 an der Paschtoueschgaass kaaft. No sengem Doud 1747 huet seng Duechter Anne d'Geschäft iwwerholl.[2]

Bicher[änneren | Quelltext änneren]

Den André Chevalier huet an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Drécker an Éditeuren, apaart vu Genf, net nëmme fir e lokalen, ma fir en europäesche Bichermaart produzéiert. En huet iwwer 180 Bicher gedréckt oder erausginn. Ausserdeem hat en eng Librairie zu Metz.[2]

Titelen, déi en erausgouf, waren ë. a.:

  • Traité de paix signé a Munster en Westphalie le 24 Octobre 1648. Lëtzebuerg 1698.
  • Jean Domat: Les loix civiles sans leur ordre naturel. 2 Bänn, Lëtzebuerg 1702.
  • Pierre Nicole: Essais de morale. 14 Bänn, Lëtzebuerg 1703-1732.
  • Eng Nummer vum Diarium europaeum historico-litterarium (1707), déi den Augustiner Jacques Hommey virdru kuerz zu Paräis erausginn hat;
  • Magnum bullarium romanum, 1727 ss., dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht.
Histoire [...] du Duché de Luxembourg [...].
  • Jacques-Bénigne Bossuet: Defensio declarationis celeberrimae, quam de potestate ecclesiastica sanxit clerus gallicanus. Lëtzebuerg 1730.
  • Matthieu Petitdidier: Traité theologique sur l'autorité et l'infaillibilité des Papes. Lëtzebuerg 1724.
  • Jean Pontas: Dictionarium casuum conscientiae. 3 Bänn, Lëtzebuerg 1731-32.
  • Jean Bertholet: Histoire ecclésiastique et civile du duché de Luxembourg et comté de Chiny. 8 Bänn, 1741-1743.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jean-Pierre Kunnert: De l'imprimerie Chevalier en 1685 à BIS Banking Systems S.A. en 1989, Luxembourg, 1989.
  • Jean-Pierre Kunnert: "André Chevalier, imprimeur 1686-1747", in: 125e anniversaire de la Fédération luxembourgeoise des travailleurs du livre. Luxembourg, 1989, p. 103-115.
  • Romain Hilgert: "André Chevalier", op der Websäit 'Luxemburgensia' vum Lëtzebuerger Land (Net méi online, existéiert awer nach an enger archivéierter Versioun).

No him benannt[änneren | Quelltext änneren]

Als Erënnerung un den André Chevalier ass zu Gaasperech eng Strooss no him benannt, se féiert vun der Gaasperercherstrooss aus bis an d'rue Louis de Froment.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Romain Hilgert schreift, et wier den 10. Abrëll.
  2. 2,0 2,1 2,2 Hilgert an der Literatur.
  3. "Le château de Senningen: Historique", Centre de Communications du Gouvernement. gekuckt 2013-04-19.