André Couder
Ausgesinn
| André Couder | |
|---|---|
| Gebuertsnumm | André Joseph Alexandre Couder |
| Gebuer |
27. November 1897 Alençon |
| Gestuerwen |
16. Januar 1979 Suresnes |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Aktivitéit | Astronom, Ingenieur |
| Fonctioun | President vum Verwaltungsrot, Vizepresident, President, President vun der Académie des sciences |
| Member vun | Académie des sciences, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, International Astronomesch Unioun |
| Gielercher | Jules-Janssen-Präis, Janssen-Medail |
| Famill | |
| Kanner | Yves Couder |
|
| |
Den André Couder, gebuer de 27. November 1897 zu Alençon, a gestuerwen de 16. Januar 1979 zu Paräis, war e franséischen Optiker an Astronom.
Hien huet vun 1925 un am optesche Laboratoire vum Paräisser Observatoire geschafft, an deen och vun 1926 u geleet. Hien hat 1926 dat no him genannt Couder-Teleskop entwéckelt. Vun 1952 bis 1958 war hie President vun der Kommissioun fir astronomesch Instrumenter a Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun.
1953 krut hien de Jules-Janssen-Präis.
Schrëften
[änneren | Quelltext änneren]Zesumme mam André Danjon hat hien e Wierk iwwer Teleskope geschriwwen: Lunettes et télescopes: Théorie, conditions d'emploi, description, réglage, histoire
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Publikatioun vum A. Couder am Astrophysics Data System
- Noruff op den A. Couder am Astrophysics Data System
- (fr) A. Couder, OPTIQUE ASTRONOMIQUE. − Sur un type de télescope photographique., Comptes rendus de l'Académie des sciences. Paris, 1926, S. 1276–1277
