André Hentges
André Hentges | |
---|---|
Gebuer |
22. August 1843 Allënster |
Gestuerwen |
1920 Paräis |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Steemetzer, Sportler |
Den André Hentges gebuer den 22. August 1843 zu Allënster, a gestuerwen 1920 zu Paräis, war e lëtzebuergesche Sportler am Ringen a Gewiichthiewen.
Mat zwee Joer ass hie mat senger Famill op Waldbëlleg geplënnert. 1852 ass hie mat sengem Papp op Paräis wunne gaangen.
No senger Schoul huet hien do als Steemetzer geschafft. A senger Fräizäit huet hie mat vill sportlechem a finanziellem Erfolleg Ringsport gedriwwen a gouf ënner sengem Kënschtlernumm André Lacaisse an der Ringerzeen eng Vedette. Duerch seng Renommée gouf hien no senger sportlecher Karriär, Impresario vun de Sportspektakele vun de Folies-Bergère vun 1873 bis de Moment wou d'Haus sech nëmme méi op erotesch Revuen a Varietéspektakele spezialiséiert huet.
Zäitliewens war den André Hentges sentimental mat sengem Heemechtsduerf verbonnen an huet Waldbëlleg bei sengen heefege Visitten, déi lescht zwanzeg Joer vu sengem Liewen, bedeitend Done gemaach. Sou gouf de Bau vun enger Rëtsch Haiser vun him (mat)finanzéiert, dorënner och dee vun engem Danz- an Turnsall. D'Gebai hat bis 1944 faarweg Glasfënsteren aus de Folie-Bergères. De Paschtouer war géint dee 'frivole' Gebrauch, a sou gouf d'Gebai just als Stall a Scheier benotzt. Nodeem et laang eidel stoung an delabréiert ass, gouf et 2001 renovéiert an zanter 2002 vun der Gemengeverwaltung, sou wéi och als Festsall, benotzt.[1]
Ënneranerem huet hien 1902 d'Harmonie vu Waldbëlleg gegrënnt.
Virum Gemengenhaus zu Waldbellëg steet zu senger Erënnerung, nieft der Büst vum Michel Rodange och eng vum André Hentges.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Union Grand-Duc Adolphe, 100 Jar Waldbëlleger Musek, revue musicale, Nr 1, Januar 2002, S. 23
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Christina Mayer: Kanton Echternach. =Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg Band 1. Luxemburg: Ministère de la Culture, Service des Sites et Monuments 2010, S.513-514.