André Koch

Vu Wikipedia
André Koch
Gebuer 1849
Gestuerwen 17. Abrëll 1932
Berg-sur-Moselle
Aktivitéit Ingenieur

Den André Koch, gebuer de 16. Abrëll 1849[1] zu Schengen, gestuerwen de 17. Abrëll 1932 zu Berg-sur-Moselle,[2] war Minneningenieur.

Säin Ingenieursdiplom krut den André Koch 1874 zu Léck. Hien huet duerno e puer Joer an der Belsch an der Gasindustrie geschafft. 1880 ass hie vun der “Société minière” vun de Gebridder Charles a Jules Collart, de Proprietäre vun der Stengeforter Schmelz, engagéiert ginn; 1887 gouf hien Direkter vun all hire Minnen a Minièren zu Esch-Uelzecht, dorënner spéider och d'Grouf Kazebierg[3].[1]

Vum 31. Oktober 1899 bis den 21. Abrëll 1902 war de Koch Member vum Escher Gemengerot.

1901 war hie Grënnungsmember vum Escher Verschéinerungsveräin, der "Société d'initiative et d'embellissement d'Esch-sur-Alzette", dee sech ënner anerem fir d'Ariichtung vun engem Stadpark um Gaalgebierg[4] staark gemaach huet. Vun 1906 bis 1914 war hie President vum Veräin.[1]

Zu Esch ass d'« rue André Koch », déi fréier « rue Leesberg » geheescht huet, no him benannt.[1] Um Gaalgebierg erënnert d'Monument André Koch, dat den 3. Juli 1932 inauguréiert ginn ass, un hien.[5]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Allamano, W. & G. Bernardini, 2013. Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Strassen. Esch-sur-Alzette, Polyprint, 256 S.
  • FH, 2015. Der Vater des Stadtparks. Rue André Koch, Grubeningenieur und Minendirektor. Tageblatt 2015, Nr. 180 (5. August), S. 40.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Allamano & Bernardini 2013, S. 128-129.
  2. 2,0 2,1 Doudesannonce am Escher Tageblatt 1932, Nr. 90 (18. Abrëll), S. 6. [1]
  3. Industrie.lu. Mine de fer Katzenberg - Katzebierg, Esch/Alzette.
  4. Kuck: FH 2015.
  5. Escher Tageblatt 1932, Nr. 151 (2. Juli), S. 3 (Enthüllung des Denkmals für André Koch) [Programm]. [2]
    Escher Tageblatt 1932, Nr. 152 (4. Juli), S. 3 (Einweihung des Denkmals für André Koch). [3]
    Escher Tageblatt 1932, Nr. 154 (6. Juli), S. 6 (Inauguration du monument André Koch: Allocution Flesch à l'occasion de l'inauguration du monument André Koch au Parc public à Esch-Alz.). [4]