Op den Inhalt sprangen

André Macher

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
André Macher
Gebuer 14. Oktober 1812
Réimech
Gestuerwen 18. Februar 1884
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftsmann, Politiker
Fonctioun Deputéierten an der Lëtzebuerger Chamber

Den André Macher, gebuer de 14. Oktober 1812 zu Réimech, a gestuerwen den 18. Februar 1884 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.

Hie war Händler zu Réimech, méi spéit Geschäftsmann an der Stad. Hie war ë. a. Matgrënner vun der Société des hauts-fourneaux luxembourgeois, vun 1867 bis 1876 Member vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess a vun 1879 u vun deem vun der Banque nationale du Grand-Duché de Luxembourg.[1]

Vun 1872 bis 1878 war hien Deputéierten an der Chamber.[2]

Hien huet sech 1838 mat der Marie Anne Wurth (1819-1890) bestuet, der Sëschter vum François-Xavier Wurth-Paquet. D'Koppel hat dräi Kanner.[1]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 "D'Industrien vun der Famill Macher." industrie.lu (nogekuckt: 14.12.2025).
  2. Les Députés du Grand-Duché de Luxembourg. op industrie.lu (nogekuckt: 11.10.2025). Baséiert op: La Chambre des députés: histoire et lieux de travail. [Auteurs: Nicolas Als, Robert L. Philippart ; coordination: Guillaume Wagener, Pierre Dillenburg ; conseiller historique: Gilbert Trausch]. Luxembourg 1994, S.507-533.