André Mergenthaler

Vu Wikipedia
André Mergenthaler
Gebuer 17. Februar 1957
Péiteng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Cellist, Komponist, Klarinettist, Saxophonist, Filmkomponist

Den André Mergenthaler, eigentlech André Mergen, gebuer de 17. Februar 1957 zu Péiteng, ass e lëtzebuergesche Museker a Komponist.

Hien huet Klarinett an der Rodanger Musek an an der Péitenger Museksschoul geléiert. No enger kuerzer Zäit huet hien ëmgesuedelt op Saxophon. Seng Léier huet hien dunn op de Conservatoire vun Esch-Uelzecht, Metz a Paräis gefouert. Am "European Youth Orchestra" huet hien och eng Zäit als Jugendleche gespillt, an éischt Erfarungen an der klassescher Musek gesammelt. Duerno koume véier Joer op der Hochschule für Musik Köln, wou hien Cello studéiert huet.

Aacht Joer laang war den André Mergenthaler bei der Grupp Art Zoyd. Mat hinnen ass hien an Europa, den USA an den Ostblocklänner opgetrueden. Nodeem hien nees a sengem Heemechtsland war, ass e meeschtens als Solist um Cello opgetrueden, an ass aktive Member vun der Museksgrupp Brigade d'intervention musicale.

2002 huet hien den Nosferatu vum Friedrich Wilhelm Murnau an der Cinémathèque live um elektresch-verstärkten Cello vertount. Och fir d'Filmer Voyage (1987, Regie: Marie-Hélène Massin), Der Mensch mit den modernen Nerven (1988, Regie: Bady Minck), Hochzäitsnuecht 1991, Regie: Pol Cruchten), Mécanomagie (1996, Regie: Bady Minck), huet hien d'Musek komponéiert.

Am Film Dammentour hat hien eng kleng Roll.

Am Joer 2004 ass hie beim Rock um Knuedler opgetrueden.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir seng Musek fir de Film Fieber nominéiert.[1]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1989, The end of the end (MC)
  • 1993, Musik für einen Engel (CD)
  • 1999, Mergenthaler Divertimento pour 22 solistes
  • 2004, Jubilations (CD)

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Mergenthaler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
  2. Promotion générale dans les Ordres nationaux 2013 am Ministère de la Culture Archivéiert op 2013-10-10. Gekuckt de(n) 2015-01-24.