André Pondrom
Ausgesinn
| André Pondrom | |
|---|---|
| Gebuer |
25. Mäerz 1787 Heeschdref |
| Gestuerwen |
24. Mee 1859 Lëtzebuerg |
| Alter | 72 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Dokter |
| Fonctioun | President vum Collège médical |
| Auszeechnungen | Commandeur vum Ordre de la Couronne de chêne |
|
| |
Den André Pondrom, gebuer als Andreas Pondrom de 25. Mäerz 1787 zu Heeschdref, a gestuerwen de 24. Mee 1859 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Dokter.
Hien huet zu Paräis Medezin studéiert, 1815 säin Doktertitel a sech duerno zu Lëtzebuerg néiergelooss. Hien huet sech wéinst senge professionellen, moraleschen, mënschlechen an altruistesche Qualitéiten ervirgedoen an huet vill wärend der Choleraepidemie vun 1832 geleescht.
Den André Pondrom war – als Nofollger vum Nicolas Clasen – vun 1849 bis 1859 President vum Collège médical[2].
Privates
[änneren | Quelltext änneren]Den André Pondrom huet sech fir de Gaardebau interesséiert; hie war net bestuet.
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (1855)
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Quell, wou net anescht uginn: Broschür vum Collège médical fir den 150. Anniversaire (1818 – 1968), S. 47 – 48
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: André Pondrom – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Doudesschäin N° 327. CT-03-02-0914 Décès, 1858-1861 (Registre) S. 84. Archives nationales, Ville de Luxembourg. Gekuckt de 04.02.2026.
- ↑ (fr) Broschür vum Collège médical fir den 200. Anniversaire (1818 – 2018) (PDF) S. 9. collegemedical.lu (2018). Gekuckt de 04.02.2026.
