Op den Inhalt sprangen

André Salentiny

Vu Wikipedia
André Salentiny
Gebuer 16. September 1863
Gestuerwen 19. Januar 1937
Nationalitéit Lëtzebuerg

Den André Salentiny, gebuer de 16. September 1863 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 19. Januar 1937 op der Cap, war e lëtzebuergeschen Nottär.

Den André Salentiny war Nottär zu Iechternach (1896-1904), Gréiwemaacher (1904-1915), Lëtzebuerg (vum 15. Mee 1915 un) an op der Kap (1921-1936).

Vun 1903 bis 1905 war hie President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin.

Den André Salentiny, deen zu Liefzäite President vun der “Chambre des notaires” a Vizepresident vun der “Caisse hypothécaire du Luxembourg” war, ass den 22. Januar 1937 um Nikloskierfecht an der Stad begruewe ginn.

  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]