André Thyes
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Moler André Thyes. Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. André Thyes (Homonymie). |
| André Thyes | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Andreas Thyes |
| Gebuer |
25. Mee 1867 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
3. Abrëll 1952 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Technesch Universitéit München, Kathoulesch Universitéit vu Léiwen, Royal Academy of Fine Arts |
| Aktivitéit | Moler |
| Auteursrechter | Auteursrechter sinn ofgelaf |
| Member vun | Cercle artistique de Luxembourg |
| Gielercher | Officier vum Ordre de la couronne de chêne, Prix Grand-Duc Adolphe, Officier vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau |
| Famill | |
| Papp | Alphonse Thyes |
| Geschwëster | Marguerite Thyes |
| Kanner | Léon Thyes |
|
| |
Den André Thyes, gebuer de 25. Mee 1867[1] an der Stad Lëtzebuerg, och do gestuerwen den 3. Abrëll 1952,[2] war e lëtzebuergesche Moler.
Den André Thyes huet zu München, Antwerpen, Paräis a Léiwen Konscht studéiert an ass 1894 an der Stad als Zeecheproff ugestallt ginn.
Schonn ee Joer virdru war hie mat derbäi, wéi de Cercle artistique de Luxembourg gegrënnt gouf, a vun 1904 bis 1910 deem säi President. Bis 1933 war e Konschtprofesser an der Industrieschoul.
Säi Wierk besteet virun allem aus Landschaftsbiller, Aquarellen an Uelegbiller, déi am Stil vum Impressionismus a Pointillismus gemoolt sinn.
Hie gouf mam Prix Grand-Duc Adolphe 1915 ausgezeechent.
Den André Thyes war de Papp vum Schrëftsteller Léon Thyes.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
Soir aux Ardennes, 1907
-
Paysage en avril, 1913
-
Environs de Schlindermanscheid, 1916
-
Château, 1918
-
Moulin de Bigonville, 1918
-
Paysage, 1922
-
Rue du village, 1926
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]
Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1923)[3]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: André Thyes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsakt. Gekuckt den 30/10/2020.
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S.
- ↑ Lëscht vun de Leit déi 1923 am Ordre d ela couronne de chêne ausgezeechent goufen
