Andrea Boattini

Vu Wikipedia
Andrea Boattini
Gebuer 16. September 1969
Florenz
Nationalitéit Italien
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Astronom

Den Andrea Boattini, gebuer de 16. September 1969 ass en italieeneschen Astronom an Asteroidenentdecker.

Säin Haaptaarbechtsgebitt sinn d'äerdno Asteroiden, speziell d'Aten-Asteroiden. 1996 graduéiert hien op der Universitéit Bologna mat enger Aarbecht iwwer äerdno Objeten. Nodeem hie jorelaang am Consiglio Nazionale delle Ricerche an am Observatoire zu Roum war, schafft hien elo am Lunar and Planetary Laboratory vun der Universitéit vun Arizona zu Tucson. Do ënnerstëtzt hien d'Aarbecht vum Catalina Sky Survey. Dobäi huet hien hien den Asteroid 2007 WD5 entdeckt, deen, no éischte Berechnungen am Januar 2008, mat dem Planéit Mars eventuell hätt kënne kollidéieren. Dat war awer net de Fall an en ass op enger Distanz vu 26.000 Kilometer laanscht de Planéit geflunn.

Vun 1994 bis Januar 2010 huet hie méi wéi 200 Asteroiden entdeckt, déi meescht dovun zesumme mat aneren Astronome wéi z. B.: de Luciano Tesi an d'Maura Tombelli[1].

Donieft huet hien am Zäitraumm vun 2007 bis 2010 en ettlech Koméiten entdeckt, ënner hinnen: C/2007 W1 (Boattini), C/2008 J1 (Boattini), P/2008 O3 (Boattini), C/2008 S3 (Boattini), P/2008 T1 (Boattini), P/2008 Y1 (Boattini), P/2009 B1 (Boattini), C/2009 P2 (Boattini), P/2009 Q4 (Boattini), C/2009 W2 (Boattini), C/2010 F1 (Boattini) an de C/2010 G1 (Boattini). Seng Aarbechte fir d'Mount Lemmon Survey féiert de 7. Oktober 2008 zu der Nees-Entdeckung vum periodesche Koméit 206P/Barnard-Boattini[2].

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2005 krut hien zesumme mam Luciano Tesi de Meteorite d'oro.

Den Asteroid (8925) Boattini gouf no him genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minor Planet Discoverers
  2. 206P at Garry Kronk's Cometography (engl.)