Op den Inhalt sprangen

Andrea del Boca

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Andrea del Boca
Gebuer 18. Oktober 1965
Buenos Aires
Alter 60 Joer
Nationalitéit Argentinien
Aktivitéit Schauspillerin, Fernseemoderatorin, Sängerin, Filmschauspillerin
Famill
Papp Nicolás del Boca

D'Andrea del Boca Castro, gebuer den 18. Oktober 1965 zu Buenos Aires, ass eng argentinesch Schauspillerin, Sängerin an Televisiounsproduzentin[1]. Si huet hir Karriär a Filmer 1969 als Kannerschauspillerin ugefaangen[2].

An Argentinie gouf si als "d'Kinnigin vun de Seefenopere" genannt. D'Del Boca gouf besonnesch wéinst de Rollen an den Tëleesserië Papá corazón (1973), Andrea Celeste (1979–80), Los cien días de Ana (1982), Antonella (1991), Zíngara (1996) an anere bekannt. Am Ausland hat d'Schauspillerin grousse Succès, virun allem a Länner wéi z. B. Italien, Mexiko, Spuenien, d'USA, Israel oder Russland[3]. Allerdéngs gëtt d'Andrea del Boca an ee laange Korruptiounsprozess am Joer 2015 verwéckelt. Si ass och als notoresch Aktivistin fir d'Fërderung vun der fréierer Staatspresidentin Cristina Fernández de Kirchner, bekannt[1].

Si ass dat jéngst vun den dräi Kanner vum Televisiounsregisseur a -produzent Nicolás del Boca[4]. Hir Duechter, d'Anna Chiara[5], ass eng Influencerin an och Tëleesschauspillerin[6].

Filmographie (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
  • 1980: El mundo de Andrea Del Boca
  • 1988: Con Amor
  • 1989: Te amo
  • 1994: El amor
  • 1972: El milagro de ser mamá / Para que duerma mi niña (mat der Iris Lainez)
  • 1973: Papá corazón
  • 1979: Feliz Nochebuena, Feliz Navidad
  • 1979: Mamá quiero decirte gracias
  • 1988: Vacia contigo, vacia sin ti
 Commons: Andrea del Boca – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 https://www.trendencias.com/celebrities/que-fue-andrea-boca-actriz-argentina-que-conquisto-television-termino-su-carrera-fraude-ligado-al-kirchnerismo
  2. Fiche op IMDb (en)
  3. https://www.lavoz.com.ar/vos/tv/andrea-boca-vuelve-tele/#!/login
  4. https://www.lanacion.com.ar/espectaculos/personajes/andrea-del-boca-el-paso-por-bake-off-su-vida-sentimental-hoy-y-la-causa-judicial-que-afecto-la-salud-nid24102024/
  5. https://web.archive.org/web/20190227112414/https://www.clarin.com/espectaculos/verdadera-historia-des-amor-andrea-boca-ricardo-biasotti_0_vbK3Hx3qO.html
  6. https://www.revistagente.com/entretenimiento/asi-esta-anna-chiara-la-hija-de-andrea-del-boca-que-sigue-sus-pasos-en-el-mundo-del-arte/