Andrei Dmitrijewitsch Sacharow

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Andrei Dmitrijewitsch Sacharow
Gebuer 21. Mee 1921
Moskau
Gestuerwen 14. Dezember 1989
Moskau
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit Sowjetunioun, Sowjetrussland
Aktivitéit Physiker, Mënscherechtler
Member vun National Academy of Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, American Philosophical Society


Den Andrei Dmitrijewitsch Sacharow (Russesch: Андрей Дмитриевич Сахаров) gebuer den 21. Mee 1921 zu Moskau an och do de 14. Dezember 1989 gestuerwen, war als Physiker "Papp vun der sowjetescher Waasserstoffbomm", Dissident a Friddensnobelpräisdréier.

Hie krut 1975 de Friddensnobelpräis fir seng Leeschtunge bei der Ënnerstëtzung vun Anescht-Denkenden a sengem Striewen no enger rechtsstaatlecher an oppener Gesellschaft. D'sowjetesch Regierung hat him verbueden op Oslo ze goe fir e Präis entgéint ze huelen. De Präis gouf du vu senger Fra Jelena Georgijewna Bonner entgéintgeholl an an den Ae vum KGB hat sech de Sacharow domat zum "Staatsfeind" gemaacht.

De Sacharow-Präis vum Europaparlament ass nom Andrei Dmitrijewitsch Sacharow benannt.