Andrej Babiš

Vu Wikipedia
Andrej Babiš
Gebuer 2. September 1954
Bratislava
Nationalitéit Tschechoslowakei, Slowakei, Tschechesch Republik
Aktivitéit Geschäftspersoun, Politiker, Ekonomist, Entreprener

Den Andrej Babiš, gebuer den 2. September 1954 zu Bratislava, ass e slowakesch-tschechesche Geschäftsmann, Proprietär vun der Holdinggesellschaft Agrofert (der 4.-gréisster Entrepise vun Tschechien), a Politiker. Hie war vum 13. Dezember 2017 bis den Hierscht 2021 Ministerpresident vun Tschechien.

Mat engem Verméige vu geschate 4 bis 5 Mrd. Euro ass hien deen zweeträichste Bierger am Land. Hien huet d'Partei ANO 2011 gegrënnt, där hire President en ass ("ANO" heescht "jo", ma ass och en Akronym fir "Aktioun vun onzefriddene Bierger").

Den 29. Januar 2014 gouf hie Vizepremier a Finanzminister an der tschechescher Regierung vum Bohuslav Sobotka; de 24. Mee 2017 gouf hie wéinst Steierbedruch an dem Beaflossue vu Medien ausgetosch. Bei de Parlamentswale vum 20./21. Oktober 2017 gouf seng Partei ANO 2011 mat 29,64 % vun de Stëmmen déi stäerkst Partei am Parlament, an hie den 13. Dezember zum Ministerpresident ernannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Jakub Patočka: »Unternehmerpopulismus«: Der Aufstieg des Andrej Babiš in Tschechien. In: Ernst Hillebrand (Hrsg.): Rechtspopulismus in Europa: Gefahr für die Demokratie? Dietz, Bonn 2015, ISBN 978-3-8012-0467-9, S. 88 ff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Andrej Babiš – Biller, Videoen oder Audiodateien