Andrew Gow
| Andrew Gow | |
|---|---|
| Gebuer |
1978 Grofschaft Surrey |
| Alter | 47 / 48 Joer |
| Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
| Educatioun |
Williams College, Charles H. Cecil Studios |
| Aktivitéit | Portraitist |
| Auteursrechter | geschützt |
| Member vun | Royal Society of Portrait Painters, New English Art Club |
| Websäit | http://www.andrewgow.co.uk/ |
|
| |

Den Andrew Jonathan Gow, gebuer 1978[1] am Surrey[2], ass e brittesche Moler a Portraitist, deen zënter uganks vun den 2000er Jore schafft. Hie war vun 1996 bis 2000 um huet Williams College am Massachusetts wou en e Bachelor of Arts an der Geschicht an an der Bildend Konscht gemaach huet. Duerno (2000-2002) huet hie säi Stil zu Florenz an den Charles H. Cecil Studios an zu Paräis op der Académie de Port Royal gradewéi am Vereenegte Kinnekräich weider entwéckelt. Säi Stil kombinéiert déi streng klassesch Molerei mat enger ausgepräägter zäitgenëssescher Sensibilitéit. Wärend senger ganzer Karriär ass hien haaptsächlech tëscht der Toskana a London hin- an hiergereest.[3]
Den Andrew Gow realiséiert souwuel Eeenzel- wéi och Gruppeportraiten, woubäi seng Wierker dacks fir prominent Institutiounen, dorënner europäesch Kinnekshaiser an international Organisatioune bestëmmt sinn. Et fënnt ee seng Wierker deemno a Privatwunnengen, Konferenzraim, Universitéiten, gradewéi am apostoulesche Palais an der Vatikanstad.
Nieft Portraite moolt hien awer och Landschaften a botanesch Zeenen an deenen hien dacks d'Zerbriechlechkeet vun der Natur an d'Noutwennegkeet vun enger méi ausgeglachener Bezéiung tëscht de Mënschen an der Ëmwelt behandelt.
Am Kader vum Trounwiessel 2025 huet hien ee vun den offizielle Portraite vum Grand-Duc Guillaume realiséiert, deen elo am Plenarsall vun der Chamber hänkt[4].
Wierk (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Lëscht vun ëffentlechen Opträg[3]:
- Grand-Duke Guillaume, Maison du Grand-Duc, Lëtzebuerg, 2025
- Colonel Sir Malcolm Ross, Grand Prior, Order of St John, 2022
- Cardinal George Pell, Apostolic Palace Vatican City 2016
- Mr Ratan Tata, Asia House, London, 2013
- Mr John Henry Felix, Harris Manchester College, Oxford, 2012
- Lord and Lady Harris of Peckham, Harris Manchester College, Oxford, 2010
- Dr and Mrs Larry Tseu, Harris Manchester College, Oxford, 2010
- Mr David Woodfine, Harris Manchester College, Oxford, 2007
- The Reverend Doctor Ralph Waller, Harris Manchester College, Oxford, 2006
- The Reverend Charles Roberts, Queen’s Chaplin for Scotland, The Cannongate Kirk, 2005
- Mr Robert Conway, Harris Manchester College, Oxford, 2004
Ausstellungen
[änneren | Quelltext änneren]Lëscht vun Ausstellungen[3]:
- 2024 British Art Fair, Saatchi Gallery, London
- 2023 StART Art Fair, Saatchi Gallery, London
- 2022 The Royal Society of Portrait Painters, The Mall Galleries
- 2020 Catherine Prevost Gallery, London
- 2014 Chauchet Contemporary, London
- 2012 The Hollywood Road Arts Club, London
- 2010 The New English Art Club, the Mall Galleries, London
- 2006 The Royal Society of Portrait Painters, The Mall Galleries, London
- 2005 Arndean Gallery, Cork Street, London
- 2004 The Cavalry and Guards Club, Piccadilly, London
- 2002 Paul Mitchel Gallery, Bond Street, London
- 2000 Luschinger Gallery, Greenwich, Connecticut, USA
- 2000 Williams College Museum of Art, Williamstown, Massachusetts, USA
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Der Mann, der dem Großherzog ein Lächeln ins Gesicht zauberte, wort.lu, 22.01.2026
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Gow, Andrew, b.1978 | Art UK. artuk.org. Gekuckt den 31.01.2026.
- ↑ (en) A meeting with the artist eternalising Grand Duke Guillaume. www.luxtimes.lu (23.01.2026). Gekuckt den 11.02.2026.
- 1 2 3 (en) Andrew Gow - Curriculum vitae. keilondon.com. Gekuckt den 11.02.2026.
- ↑ (fr) Le Grand-Duc de retour en salle plénière | Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg. www.chd.lu. Gekuckt de 06.02.2026.
