André Danjon

Vu Wikipedia
André Danjon
Gebuer 6. Abrëll 1890
Caen
Gestuerwen 21. Abrëll 1967
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École normale supérieure
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Physiker, Fuerscher
Member vun Académie des sciences
André Danjon

Den André-Louis Danjon gebuer de 6. Abrëll 1890 zu Caen, Frankräich a gestuerwen den 21. Abrëll 1967 zu Suresnes, Hauts-de-Seine[1] war e franséischen Astronom.

Den Danjon hat eng Method fir d'Miesse vum Widderschäi vun der Äerd op den Äerdmound entwéckelt. Hien huet en Teleskop mat engem Prisma gebraucht, dat d'Liicht vum Mound an zwee identesch Liichtbëndelen opgedeelt huet, soudatt zwee identesch Biller vum Mound nieftenee gemaach goufen. Mat enger Blend gouf eent vun de Biller sou wäit ofgedonkelt, datt d'sonnebeschéngte Moundsäit déi selwecht Hellegkeet hat wéi déi nëmme vum Äerdschäin beliicht Moundsäit am net ofgeblennte Bild.

Mat där dofir noutwendeger Ofblendung krut den Danjon e quantitative Moosswäert fir d'Hellegkeet vun der Äerd, vum Mound aus gesinn. Den Danjon huet ënner anerem (ofhängeg vun der verännerlecher atmosphärescher Verschmotzung) d'Hellegkeet vun der Äerdatmosphär an dem Kärschiet vun der Äerd ofgelenktem Liicht bei enger totaler Mounddäischtert gemooss. Hien huet déi an där no him genannter Danjon-Skala zesummegefaasst, déi vun 0 (ganz donkel) bis 4 (ganz hell) reecht.

Den André-Louis Danjon gouf am Joer 1958 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent. Him zu Éieren huet den Asteroid (1594) Danjon säin Numm, genee wéi de Moundkrater Danjon.

Hie war vun 1929 bis 1945 Direkter vum Stroossbuerger Observatoire, a vun 1945 bis 1963 vum Paräisser Observatoire.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) [1] Säi Liewen
  • (de) [2] Lexikon iwwer d'Mounddäischtert

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bibliothèque nationale de France: Danjon André