André Jung

Vu Wikipedia
André Jung
Den André Jung, 2009, wéi en den Nestroy-Theaterpreis kritt
Gebuer 13. Dezember 1953
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Bünekënschtler, Museker, Schauspiller
Member vun Akademie der Künste Berlin
Famill
Geschwëster Emile Jung
Kanner Sophie Jung, Marie Jung

Den André Jung, gebuer den 13. Dezember 1953, ass e Lëtzebuerger Schauspiller, deen déi meescht Zäit vu senger Karriär - iwwer honnert Rollen - an der Schwäiz an an Däitschland verbruecht huet.

Tëscht 1973 an 1976 ass den André Jung op d'Staatliche Hochschule für Musik und Darstellende Kunst zu Stuttgart gaangen.

Wierken am Ausland[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1976 u war hien ë. a. zu Heidelberg, Basel, Zürich, Bréissel, Stroossbuerg a Frankfurt am Main engagéiert.

Seng éischt Engagementer hat hie bei den Theateren zu Heidelberg a Basel, 1985/86 koum en an d'Schauspielhaus vun Zürich. Vun 1988 bis 1993 war en am Ensembel vum Theater Basel wou e virun allem mat de Regisseure Werner Düggelin, Herbert Wernicke, Hans Hollmann, David Mouchtar-Samorai, Jossi Wieler a Christoph Marthaler gespillt huet.

1993 ass den André Jung bei d'Deutsche Schauspielhaus Hamburg gewiesselt, wou en ë. a. ënner dem Christoph Marthaler a Kasimir und Karoline, Die Spezialisten an Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens, gespillt huet, an ënner der Regie vum Jossi Wieler am Peter Handke sengem Kaspar, dem Shakespeare sengem Wintermärchen an dem Tankred Dorst sengem Merlin.

1997 huet hien tëschenduerch zu Bréissel an der Opéra de la Monnaie d'Tenorroll an Orphée aux Enfers (vum Jacques Offenbach) gesongen. 1998 huet hien an der Uropféierung vun der Elfriede Jelinek hirem er nicht als er (Regie: Jossi Wieler) zu Salzburg matgespillt, an och am Horváth sengem Zur schönen Aussicht (Regie: Christoph Marthaler) an dem Ariadne auf Naxos (Regie: Jossi Wieler).

Vun 2000 bis 2004 war den André Jung nees beim Schauspielhaus vun Zürich engagéiert, wou en ë. a. an Drei Schwestern (Regie: Stefan Pucher), Winter (Regie: Jossi Wieler), Anatomie Titus Fall of Rome Ein Shakespearekommentar vum Heiner Müller, an dem Johan Simon senger Inszenéierung vun Die zehn Gebote (no de Filmer Dekalog 1 - 10 vum Krzysztof Kieslowski a Krzysztof Piesiewicz) gespillt huet. Niewelaanscht ass en och mat de Münchner Kammerspiele opgetrueden, ë. a. am Patrick Barlow sengem Der Messias (Regie: Nikola Weisse) an der Elfriede Jelinek hirer Uropféierung vun "In den Alpen" (Regie: Christoph Marthaler).

Zanter der Saison 2005/06 ass hie beim Ensembel vun de Münchner Kammerspiele engagéiert. wou en an Die Bakchen vum Euripides (Regie: Jossi Wieler) an dem Johan Simons senger Inzeenéierung vun "Elementarteilchen" ze gesi war. Hien huet och a Robinson Cruso, die Frau und der Neger nom John M. Coetzee sengem Roman Foe gespillt (Regie: Johan Simons).

Wierken zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg schafft hien ëmmer nees an Inzeenéierunge vum Frank Hoffmann mat, z. B. an Der Theatermacher (nom Thomas Bernhard, 2003) oder Der Widerspenstigen Zähmung (eng Koproduktioun mat de Ruhrfestspiele vu Recklinghausen, 2006).

Den André Jung spillt och a ville Kino- an Tëleesfilmer mat, dorënner och de Lëtzebuerger (Ko-)Produktiounen Die Reise das Land, Schacko Klak, Three Shake-a-leg Steps to Heaven, Le Club des Chômeurs, La Revanche, Perl oder Pica, Deepfrozen, Doudege Wénkel, Eng nei Zäit, De Superjhemp retörns an déi 2. Saison vu Capitani.

Bei der 7. Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war hien an der Kategorie "Bescht kënschtleresch Kontributioun" fir Eng nei Zäit nominéiert.[1]

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

Televisioun (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Tatort (Episod: Flash) (2022)
  • Capitani S02 (2022)
  • Unbroken (6 Episoden) (2021)
  • Tatort (Episod: Damian) (2018)
  • Krieg der Träume (an 2 Episoden, 2018)
  • Bella Block (Episod: Bitterer Verdacht) (2001)
  • Ariadne auf Naxos (2001)
  • Polizeiruf 110 (Episod: Kleine Dealer, große Träume) (1996)
  • Die Stunde Null oder Die Kunst des Servierens (1996)
  • Ausgerechnet Zoé (1994)
  • Déi zwéi vum Bierg (1985) (TV-Serie)

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Germaine Goetzinger, 2019. "Kein Schauspieler kann schöner stolpern als Du". Die Warte Nr. 19|2019 vum 20. Juni 2019, S. 2-3. [Ried op Lëtzebuergesch vun der Germaine Goetzinger beim Iwwerreeche vum Prix Lions 2019 un den André Jung].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. cineuropa.org: Luxembourg's D'Filmakademie unveils nominations for its biennial awards (16. Dezember 2015)
  2. Nationalfeierdag 2017 "Haut kucke mir op dat, wat mir gemeinsam hunn Andréck vun der offizieller Zeremonie an der Philharmonie, an där ë. a. de Grand-Duc geschwat a Matmënschen ausgezeechent huet op www.rtl.lu"
  3. André Jung bekommt Eysoldt-Ring 2018 op wort.lu den 21. Dezember 2018, gekuckt den 21. Dezember 2018