André Kuipers

Vu Wikipedia
André Kuipers
Land Holland
Agentur ESA
Zuel 2
Éischte Start 19. Abrëll 2004
Lescht Landung 1. Juli 2012
Dauer 203d 15h 51min
1. Missioun Delta
2. Missioun Expedition-30-31
ausgescheet aktiv

Den André Kuipers, gebuer de 5. Oktober 1958 zu Amsterdam, Provënz Nordholland an Holland ass nom Wubbo Ockels den zweeten hollännesche Raumfuerer.

Ausbildung[änneren | Quelltext änneren]

De Kuipers hat am Van der Waals Lyceum zu Amsterdam studéiert, a krut 1977 säin Abitur (Atheneum B). Uschléissend hat hien Humanmedezin studéiert. On der Universitéit vun Amsterdam huet hien zéng Joer méi spéit promouvéiert. Du war als Offizéier am medezinesche Corps vun der hollännescher Loftwaff. Dobäi ënnersicht hien Accidenter vu Piloten, déi wéinst Orientéierungverloscht verursaacht goufen. Scho wärend sengem Studium hat hie sech mam mënschleche Gläichgewiichtssënn beschäftegt.

Fuerschung[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren 1989 an 1990 huet de Kuipers zu Soesterberg an der Provënz Utrecht geschafft. Am medezineschen Zentrum vun der Loftwaff huet hien um Gläichgewiichtsorgan, u Kontaktlënse fir Piloten awer och un der Raumkrankheet gefuerscht. Donieft huet hie Kampfpiloten Instruktioune ginn an huet si iwwer d'Verhale vum mënschleche Kierper am Bezuch op d'Fléien informéiert.

De Kuipers war vun 1991 un am Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum beschäftegt, der hollännescher Standplaz vun der Europäescher Weltraumorganisatioun. Zu Noordwijk huet hie physiologesch Grondlagefuerschungsexperimenter, déi bei Parabelflich gemaach goufen, entwéckelt. Verschidde Konzepter, wou hie matbedeelegt war, goufe souguer bei Raimflich gemaach, dorënner den Torque Velocity Dynamometer (STS-78), d'Advanced Respiratory Monitoring System (STS-107) an d'Muscle Atrophy Research and Exercise System (International Raumstatioun (ISS)).

Raumfuereraktivitéit[änneren | Quelltext änneren]

De Kuipers gouf am Summer 1998 fir d'Verstäerkung vum Astronautecorps vun der ESA erausgesicht. Bei Geleeënheet vun enger Raumfaartausstellung um ESTEC gouf hien am Oktober dem Publikum virgestallt. Néng Méint méi spéit goung hien an dDäitschland an huet um Europäeschen Astronautenzentrum (EAC) d'Basisausbildung ugefaangen. Parallel dozou huet hien zu Noordwijk seng Fuerschung an der Microgravity Payloads Division vum ESTEC weidergefouert.

Am Dezember 2002 gouf de Kuipers fir d'Matmaache bei engem Fluch op d'ISS opgestallt. Hien trainéiert ofwiesselend um EAC an am Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum zu Moskau fir déi als DELTA (Dutch Expedition for Life science, Technology and Atmospheric research) bezeechent Missioun. Donieft war de Kuipers Ersatzmann fir de Pedro Duque, deen am Oktober 2003 op d'ISS geflu war. Hie schafft wärend dëser Missioun als CapCom zu Moskau, wéi schonn e Joer virdru beim Frank De Winne.

Begleet vum russesche Kommandant Padalka an dem US-amerikanesche Bordingenieur Fincke ass de Kuipers am Abrëll 2004 u Bord vun der Sojus TMA-4 op d'Raumstatioun geflunn. Méi wéi eng Dosen DELTA-Experimenter, vun deenen déi meescht vun hollännesche Wëssenschaftler entwéckelt goufen, huet de Kuipers wärend néng Deeg op der ISS geleet.

Vum Mee 2007 un, war de Kuipers Ersatzmann vum Frank De Winne fir e Laangzäitopenthalt u Bord vun der ISS am Kader vun den ISS-Expeditiounen 20 an 21. Von Dezember 2011 bis Ufank Juli 2012 war hien op der ISS als Bordingenieur vun den Expeditiounen 30 an 31. Mat enger Dauer vun 192 Deeg war dat dee bis dohin längste Fluch vun engem Westeuropäer.

Op der Fräier Universitéit Amsterdam hat de Kuipers eng Gaaschtprofessur.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

De Kuipers ass fir d'zweet bestuet an huet véier Kanner, dovun zwee aus dem éischte Bestietnes.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: André Kuipers – Biller, Videoen oder Audiodateien