Angelo Badalamenti

Vu Wikipedia
Angelo Badalamenti
Gebuertsnumm Angelo Daniel Badalamenti
Pseudonym Andy Badale
Gebuer 22. Mäerz 1937
Brooklyn
Gestuerwen 11. Dezember 2022
Nationalitéit USA
Educatioun Manhattan School of Music
Aktivitéit Komponist, Museksproduzent, Filmkomponist, Museker, Lidderschreiwer, Discographesche Kënschtler, Dirigent, Bandleader

Den Angelo Daniele Badalamenti, gebuer den 22. Mäerz 1937 zu New York City, a gestuerwen den 11. Dezember 2022 zu Lincoln Park, am New Jersey[1], war en US-amerikanesche Komponist. Hie gouf virun allem bekannt fir seng Filmmuseken, déi en am Kader vu senger laangjäreger Zesummenaarbecht mam Regisseur David Lynch komponéiert huet, dorënner déi vun Twin Peaks, Blue Velvet, Wild at Heart, The Straight Story, oder Mulholland Drive.

Hien huet awer och de Sountrack vun anere Filmer komponéiert wéi La cité des enfants perdus, The Comfort of Strangers oder Un long dimanche de fiançailles.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Angelo Badalamenti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mike Barnes: Angelo Badalamenti, David Lynch’s Composer on ‘Blue Velvet,’ ‘Twin Peaks’ and More, Dies at 85." hollywoodreporter.com, 2022-12-12