Angolanesche Biergerkrich

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Lokalisatioun vun Angola (rout) an Afrika

Den angolanesche Biergerkrich (op Portugisesch: Guerra civil angolana) war e Biergerkrich am Angola, deen 1975 ugefaangen huet a bis an d'Joer 2002 gedauert huet. En huet direkt no dem Land senger Onofhängegkeet vu Portugal am November 1975 ugefaangen. Am Wesentleche war de Biergerkrich e Muechtkampf tëscht den zwou fréieren Onofhängegkeetsbeweegungen, dem Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA, Volleksbeweegung fir d'Befreiung vun Angola) an der União Nacional para a Independência Total de Angola (UNITA, Nationalunioun fir déi komplett Onofhängegkeet vum Angola). Am Kontext vum Kale Krich war et awer och gläichzäiteg e Stellvertriederkrich mat wäitleefeger indirekter Bedeelegung vun der Sowjetunioun, Kuba, Südafrika, de Vereenegte Staaten an anere Länner.

Den MPLA an d'UNITA haten hir Wuerzelen an ënnerschiddlechen angolanesche Gesellschaftsstrukturen. Trotz dem gemeinsamen Zil, der Kolonialiséierung en Enn ze setzen, waren d'Iddie vun de Cheffe vun deenen zwou Organisatiounen net matenee kompatibel. Eng drëtt Beweegung, d'Frente Nacional de Libertação de Angola (FNLA, Nationalfront fir d'Befreiung vum Angola), déi zesumme mat der UNITA am Onofhängegkeetskrich géint d'MPLA gekämpft huet, huet am Biergerkrich bal keng Roll méi gespillt. Niewelaanscht dozou huet och nach d'Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda, (FLEC, Front fir d'Befreiung vun der Cabinda-Enklav) fir d'Onofhängegkeet vun der Provënz Cabinda vum Angola gekämpft.

De siwenanzwanzegjärege Krich kann an dräi grouss Kampfperioden agedeelt ginn: vun 1975 bis 1991, vun 1992 bis 1994, a vun 1998 bis 2002. Dertëscht gouf et kuerz Friddensperioden. Wéi d'MPLA 2002 de Krich gewonnen hat ware méi wéi 500.000 Leit gestuerwen an iwwer eng Millioun Leit waren am Land deplacéiert ginn. De Krich hat dem Land seng Infrastruktur a seng ëffentlech Verwaltung zerstéiert a seng Entreprisen a seng reliéis Institutioune staark beschiedegt.

Den angolanesche Biergerkrich ass remarkabel wéinst der Kombinatioun aus gewalttätegen internen Dynamiken a massiven auslänneschen Interventiounen. De Krich gouf eng Kampfplaz vum Kale Krich, well souwuel d'Sowjetunioun wéi och d'Vereenegt Staaten zesumme mat hire jeeweilegem Alliéierten d'Krichsparteie massiv militäresch an anescht ënnerstëtzt hunn. Zousätzlech ass de Konflikt am Angola enk mam Zweete Kongokrich am Nopeschland, der haiteger Demokratescher Republik Kongo, an dem Südafrikanesche Grenzkrich verwieft.

Presentatioun vun den dräi Kampfparteien[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi angolanesch Rebellebeweegungen hunn hiren Ursprong an der antikolonialer Beweegung vun den 1950er Joren. Den MPLA war haaptsächlech an de Stied baséiert, besonnesch an der Haaptstad Luanda an der Ëmgéigend. E gouf vun der Ambundu-Ethnie dominéiert. Am Géigesaz dozou waren d'FNLA an d'UNITA haaptsächlech an der ländlecher Géigend verwuerzelt. D'FNLA huet sech gréisstendeels aus Bakongo-Leit aus Nordangola zesummegesat. An der UNITA, engem Ofleeër vun der FNLA, waren haaptsächlech Ovimbundu aus dem zentralen Héichland.

MPLA[änneren | Quelltext änneren]

Zënter hirer Grënnung an den 1950er louch dem MPLA seng sozial Basis bei den Ambundu a bei der gemëschter intellektueller Stadbevëlkerung an urbanen Zentre wéi Luanda, Benguela an Huambo. Während dem Kampf fir d'Onofhängegkeet vun 1962 bis 1974 gouf den MPLA vun e puer afrikanesche Länner an der Sowjetunioun ënnerstëtzt. Kuba ass dem MPLA säi stäerksten Alliéierte ginn an huet masseweis Kampfkontingenter an Ënnerstëtzungspersonal an den Angola geschéckt. Déi Ënnerstëtzung, genee wéi déi vun anere Länner aus dem Ostblock, wéi Rumänien an der DDR, huet de ganze Kale Krich iwwer ugehalen.

FNLA[änneren | Quelltext änneren]

D'FNLA gouf parallel zum MPLA gegrënnt, ufanks nach fir d'Interesse vun de Bakongo-Leit ze verdeedegen an d'Neigrënnung vum historesche Kongo-Räich z'ënnerstëtzen. Se huet sech awer séier zu enger nationalistescher Beweegung entwéckelt, déi an hirem Kampf géint Portugal vum Mobutu Sese Seko aus Zaire ënnerstëtzt ginn ass. An de fréien 1960er Joren ass d'FNLA och vun der Volleksrepublik China ënnerstëtzt ginn. Wéi Mëtt der 1960er d'UNITA gegrënnt ginn ass huet China dëser neier Beweegung säi Support ginn, well d'FNLA nëmme wéineg reell Aktivitéiten Opweises hat. Während dem Onofhängegkeetskrich hunn d'Vereenegt Staate refuséiert, der FNLA bei hirem Krich géint den NATO-Partner Portugal ze hëllefen. D'Amerikaner hunn d'FNLA awer während dem Biergerkrich ënnerstëtzt.

UNITA[änneren | Quelltext änneren]

Der UNITA hir sozial Basis waren d'Ovimbundu aus dem zentralen Angola, déi ongeféier een Drëttel vum Land senger Gesamtbevëlkerung gestallt hunn, obwuel der Organisatioun hir Wuerzelen an ënnerschiddleche manner groussen Ethnien am Oste vun Angola louchen. D'UNITA ass 1966 vum Jonas Savimbi gegrënnt ginn, dee bis dohin e prominente Leader vun der FNLA war. Während dem Onofhängegkeetskrich huet d'Volleksrepublik China der UNITA gehollef. Wéi no der Onofhängegkeet dunn de Biergerkrich ugefaangen huet, hunn d'USA decidéiert, d'UNITA z'ënnerstëtzen, a si hunn dee Support an den nächste Joerzéngte staark ausgebaut. Während der leschter Phas vum Krich war den Haaptalliéierte vun der UNITA awer d'Republik Südafrika.

Wuerzele vum Konflikt[änneren | Quelltext änneren]

Den aktuelle Staat Angola ass wéi déi meescht afrikanesch Länner d'Resultat vun der europäescher Kolonisatioun. Am Fall vum Angola war d'Kolonialmuecht Portugal méi wéi 400 Joer laang um Territoire present an aktiv.

Ethnesch Divisiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kaart mat de gréissten ethnesche Gruppen am Angola (ëm 1970)

D'ursprénglech Bevëlkerung ware Khoisan-Gruppen, déi iwwer den Territoire verdeelt gelieft hunn. Ëm d'Joer 500 virun eiser Zäitrechnung huet eng Massewanderung vun de Bantu aus dem Norden an dem Osten d'Khoisan absorbéiert oder Richtung Süde verdriwwen, wou haut nach e puer Communautéiten existéieren. D'Bantu hunn eng Rei politesch Unitéiten etabléiert, vun deenen déi wichtegst d'Kongo-Räich war, deem säin Zentrum am Nordweste vum haitegen Angola louch. Et huet sech Richtung Norden erstreckt, an de Weste vun der haiteger Demokratescher Republik Kongo (RDC), de Südweste vun der haiteger Republik Kongo a souguer bis an de südlechsten Deel vum haitege Gabun.

Vun historescher Bedeitung waren och d'Ndongo an d'Maramba-Kinnekräicher an der Ambundu-Géigend. Donieft huet och nach d'Luanda-Räich am Südoste vun der haiteger RDC en Deel vum haitegem Nordoste vum Angola occupéiert. Am Süde vum Territoire an am Norde vum haitegen Namibia louch d'Kwanyama-Kinnekräich. All déi politesch Unitéiten hunn déi ethnesch Spléckunge gewisen, déi tëscht de Bantu-Vëlker entstanen ass. Déi verschidde Räicher hunn déi Divergenzen instrumentaliséiert, fir nei sozial Identitéiten ze schafen.

Portugisesch Kolonisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Portugal (gréng) a senger fréier Kolonien an Afrika (orange)

Géint Enn vum 15. Joerhonnert sinn déi éischt portugisesch Siidler a Kontakt mam Kongo-Räich getrueden. Si hu sech dauerhaft do néiergelooss an haten e bedeitende kulturellen a reliéisen Afloss. 1575 huet Portugal un der Küst südlech vum Kongo-Räich, déi vun den Ambundu bewunnt war, d'Siidlung an d'Festung São Paulo da Assunção de Loanda gegrënnt. Eng aner Festung, Benguela, ass nach weider südlech un der Küst gebaut ginn, an enger Regioun an där d'Virfahre vun den Ovimbundu gelieft hunn.

Keng vun deene Siidlunge war gegrënnt ginn, fir den Territoire hannendrun z'erueweren. Obwuel d'Siidler progressiv och wäit Deeler ronderëm fir landwirtschaftlech Zwecker benotzt hunn, war hiert Haaptzil den Handel – haaptsächlech de Sklavenhandel. Sklave si vun afrikaneschen Tëschenhändler kaaft ginn an a Brasilien an an d'Karibik weider verkaaft ginn. Zousätzlech huet sech zu Benguela den Elfebeen-, Wuess- an Hunneghandel entwéckelt.

Trotzdeem war d'portugisesch Presenz am haitegen Angola déi meescht Zäit haaptsächlech op d'Küst limitéiert. Et goufen net vill portugisesch Siidler, a mat e puer Ausnamen hunn d'Portugise sech och nëmme fir den Handel intresséiert a sech net an déi sozial a politesch Dynamik vun den ursprénglechen Awunner agemëscht. Et gouf keng richteg Grenzen; den Angola u sech huet nach net wierklech existéiert.

Am 19. Joerhonnert huet de Portugal méi eescht Ustrengungen ënnerholl, fir an d'Banneland ze goen. De Portugisen hir Intentioun war manner d'Besetze vum Territoire, a méi d'Etabléiere vu enger de facto Herrschaft, déi et hinne géif erlaben Handelsnetzer z'etabléieren an e puer Siidlungen opzeriichten. An deem Kontext si s'och laanscht d'Küst weider südlech erofgaangen an hunn do Moçâmedes gegrënnt. Am Laf vun där Expansioun si s'och mat verschiddenen afrikanesche Vëlker a Konflikt geroden.

Fir d'Besetze vum Territoire huet Portugal sech eréischt am leschte Joerzéngt vum 19. Joerhonnert, während dem europäeschen "Wettlaf ëm Afrika", besonnesch no der Berliner Konferenz am Joer 1884, intresséiert. Eng Rei Militärexpeditioune goufen organiséiert. Dat war eng Viraussetzung fir den Territoire ze kréien, dee méi oder wéineger deem vum haitegen Angola entsprécht. Allerdéngs waren och 1906 nëmmen ongeféier 6 % vun deem Territoire besat, an d'Militärcampagnë si weidergaangen. An der Mëtt vun den 1920er Jore waren d'Limitte vun der Kolonie festgeluecht, an déi lescht Resistenz an de fréien 1940er Joren néiergeschloen. Vun deem Zäitpunkt un, kann ee vum Angola als fest definéiert territorial Entitéit schwätzen.

De Wee fir an d'Onofhängegkeet an ëmmer méi staark Spannungen[änneren | Quelltext änneren]

Portugisesch Zaldoten am angolaneschen Dschungel, an de fréien 1960er

1961 hunn d'FNLA an den MPLA, déi an den Nopeschlänner baséiert waren, op e puer Fronte Guerilla-Campagne géint d'Portugise gefouert. De Portugisesche Kolonialkrich, zu deem och den Onofhängegkeetskrich am Angola gehéiert huet, huet bis 1974 gedauert. An deem Joer ass de portugisesche Regime bei engem lénksgeriichte Putsch zu Lissabon, der sougenannter Oeillets-Revolutioun, gestierzt ginn. Déi meescht vun de 500.000 portugiseschen Angolaner sinn an de Woche virun oder no der Onofhängegkeetserklärung aus dem Land geflücht. Portugal huet en neit Land hannerlooss, deem seng Bevëlkerung haaptsächlech aus Ambundu, Ovimbundu a Bakongo bestanen huet. D'Majoritéit vun der qualifizéierter Aarbechtskraaft an der Verwaltung, der Landwirtschaft an an der Industrie ware bis dohi Portugisen, déi am Angola gelieft hunn. Wéi si bal all geflücht waren ass déi national Wirtschaft an d'Rezessioun gerutscht.

Déi südafrikanesch Regierung ass am Angola aktiv gi fir der chinesescher Presenz am Angola entgéintzewierken. Si hat Angscht, aus dem Konflikt kéint eng lokal Kampfplaz vum Kale Krich ginn. 1975 huet de südafrikanesche Premierminister d'Operatioun "Savannah" autoriséiert. Déi hat als Schutzmoossnam fir Ingenieuren ugefaangen, déi d'Staumauer zu Calueque gebaut hunn, nodeems opsässeg UNITA-Zaldoten de Schantjen iwwerholl haten. D'Südafrikaner hu gefaart, d'Staumauer, déi si finanzéiert haten, wier a Gefor. Si hunn eng Trupp op Calueque geschéckt, mä d'Operatioun Savannah ass séier eskaléiert well et keng formell Regierung am Angola gouf an domat keen déi genee Autoritéitsgrenze kannt huet. Südafrika huet Dausende vun Zaldote misse schécken an ass schlussendlech a Konflikt mat de kubaneschen Truppe geroden, déi d'MPLA op der Plaz ënnerstëtzt hunn.

1970er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Onofhängegkeet vun Angola[änneren | Quelltext änneren]

No der Portugisescher Revolutioun zu Lissabon an dem Enn vum angolaneschen Onofhängegkeetskrich hunn den MPLA, d'FNLA an d'UNITA de 15. Januar 1975 d'Alvor-Ofkommes ënnerschriwwen. Am Juli 1975 huet den MPLA d'FNLA mat Gewalt aus der Haaptstad Luanda geheit, an d'UNITA huet sech fräiwëlleg an hir Bastioun an de Süden zréckgezunn. Bis August ass et dem MPLA gelongen, 11 vun de 15 Provënzhaaptstied ënner seng Kontroll ze bréngen, dorënner Cabinda a Luanda. D'südafrikanesch Regierung ass den 23. Oktober intervenéiert, andeems se tëscht 1.500 an 2.000 Zaldoten aus Namibia an de Süde vum Angola geschéckt huet, fir d'FNLA an d'UNITA z'ënnerstëtzen. Gläichzäiteg huet Zaire probéiert, eng Kinshasa-frëndleche Regierung z'etabléieren an den MPLA ze konterkaréieren, andeems Panzerween, Fallschiermsprénger an dräi Infanteriesbataillonen als Ënnerstëtzung fir d'FNLA an den Angola geschéckt goufen. Bannent dräi Wochen haten d'Zaldoten aus Südafrika a vun der UNITA fënnef Provënzhaaptstied eruewert, dorënner Novo Redondo a Benguela. Als Äntwert op déi südafrikanesch Interventioun huet Kuba 18.000 Zaldoten als Deel vun der grousser Militäroperatioun "Carlota" geschéckt, fir dem MPLA ze hëllefen. Ursprénglech hat Kuba der MPLA 230 Militärberoder zur Säit gestallt, éier Südafrika intervenéiert ass. D'Amësche vun de Kubaner war decisiv am Zréckstousse vun de Südafrikaner an der UNITA. D'FNLA ass parallel dozou no der Schluecht vu Quifangondo verjot ginn an huet sech mussen an de Zaire zréckzéien. D'Néierlag vun der FNLA huet et dem MPLA erméiglecht, seng Kontroll iwwer d'Haaptstad Luanda ze festegen.

No enger Attack duerch d'UNITA oder Südafrika (Operatioun "Savannah") brennt en Auto vun der angolanescher Arméi baussent Novo Redondo

Den Agostinho Neto, de Leader vum MPLA, huet den 11. November 1975 d'Onofhängegkeet vun der Portugisescher Iwwerséiprovënz Angola als Volleksrepublik Angola ausgeruff. Zu Huambo huet d'UNITA d'Onofhängegkeet vun der Sozialdemokratescher Republik Angola erkläert, an d'FNLA huet déi Demokratesch Republik Angola zu Ambriz ausgeruff. De FLEC, vun der franséischer Regierung bewaffent an ënnerstëtzt, huet d'Onofhängegkeet vun der Republik Cabinda zu Paräis ausgeruff. D'FNLA an d'UNITA hu sech den 23. November alliéiert an eng Koalitiounsregierung mat Sëtz zu Huambo gebilt. Kopresidente waren den Holden Roberto an de Jonas Savimbi.

Am fréien November 1975 huet d'südafrikanesch Regierung de Savimbi an de Roberto gewarnt, datt si hir Zaldoten (d'South African Defence Force) geschwënn aus dem Angola géif zréckzéien, obwuel et der Koalitioun nach net gelonge war, Luanda z'erueweren a sou eng international Unerkennung fir hir Regierung ze kréien. De Savimbi huet verzweiwelt versicht, e südafrikanesche Réckzuch ze verhënneren. Hien huet de Generol Constand Viljoen gefrot, en Treffen tëscht him an dem Premierminister vu Südafrika, dem John Vorster, z'organiséieren. De Vorster war zënter Oktober 1974 dem Savimbi säin Alliéierten. An der Nuecht vum 10. November, een Dag virun der formeller Onofhängegkeetserklärung, ass de Savimbi heemlech op Pretoria geflu fir de Vorster ze begéinen. De Vorster huet sech net nëmmen domat Averstanen erkläert, seng Truppen den November iwwer nach am Angola ze loossen, mä souguer versprach se eréischt no dem Treffe vun der Organisatioun fir afrikanesch Eenheet den 9. Dezember zréckzezéien. D'Sowjetunioun, déi iwwer déi südafrikanesch Aktivitéiten am Süde vum Angola Bescheed wousst, huet e puer Woche virun der Onofhängegkeet kubanesch Zaldoten op Luanda geflunn. Obwuel d'kubanesch Offizéier d'Missioun geleet hunn an de gréissten Deel vun der Kampftrupp gestallt hunn, koumen den 12. November 60 sowjetesch Offizéier aus dem Kongo derbäi. De sowjetesche Leadership huet de Kubaner ausdrécklech verbueden, sech am angolanesche Biergerkrich z'engagéieren; hir Missioun wier et, d'Südafrikaner opzehalen.

1975 an 1976 hu sech déi meescht auslännesch Acteuren aus dem Angola zréckgezunn, mat der Ausnam vun der Kubaner. Déi lescht portugisesch Zaldoten hunn d'Land 1975 verlooss, a Südafrika huet seng Truppen am Februar 1976 ofgezunn. Am Géigesaz dozou huet Kuba seng Truppe vu 5.500 Mann am Dezember 1975 op 11.000 Mann am Februar 1976 verstäerkt. Schweden huet Mëtt der 1970er souwuel der namibescher SWAPO wéi och der MPLA humanitär Hëllef geleescht, a reegelméisseg d'Fro vun der UNITA an de politesche Verhandlungen tëscht den zwou Beweegungen op den Dësch bruecht.

USA an de Clark Amendment[änneren | Quelltext änneren]

Den US-amerikanesche Senateur Dick Clark

De President vun de Vereenegte Staaten, den Gerald Ford, huet den 18. Juli 1975 eng heemlech CIA-Aktioun geneemegt fir der UNITA an der FNLA ze hëllefen, obwuel Vertrieder vum amerikaneschen Ausseministère an der CIA dogéint waren. Ursprénglech huet déi Operatioun 6 Milliounen US-Dollar kascht; mä am Juli ass de Budget ëm 8 weider Milliounen an am August ëm eng weider 25 Milliounen erhéicht ginn.

Zwéin Deeg éier déi Operatioun geneemegt ginn ass huet den Nathaniel Davis, den zweete Staatssekretär, dem Ausseminister Henry Kissinger gesot, datt senger Meenung no d'Geheimhaltung vu sou enger Operatioun net méiglech wier. Den Davis huet − zu Recht, wéi sech spéider erausstelle sollt − virausgesot, datt d'Sowjetunioun hiert Engagement am Angolakrich erhéijen géif, wat zu méi Gewalt a méi schlechter Publicitéit fir d'USA géif féieren. Nodeems de Ford d'Operatioun autoriséiert hat ass den Davis zréckgetrueden. Och dem Davis säi Vertrieder an de Chef vun der CIA am Angola hunn hir Bedenke geäussert.

Während enger Missioun an Afrika krut den Dick Clark, en demokratesche Senateur aus dem Iowa, Wand vun der d'CIA-Operatioun. E Reporter vun der New York Times huet den 13. Dezember 1975 en Artikel doriwwer geschriwwen. De Clark huet e Gesetz proposéiert (de "Clark Amendment"), dat all Hëllef fir privat Gruppen, déi militäresch oder paramilitäresch an Angola engagéiert sinn, verbidde sollt. D'Gesetz gouf gestëmmt an dunn ass Israel als Stellvertrieder beim Liwwere vu Waffen u Südafrika agesprongen. Déi zwéi Länner haten doropshin eng laangjäreg Militärallianz.

D'US-amerikanesch Regierung huet den 23. Juni 1976 e Veto géint de Bäitrëtt vum Angola an d'Vereent Natiounen ageluecht. Sambia huet der UNITA den 28. Dezember 1976 verbueden, Attacke vu sengem Territoire aus ze lancéieren, nodeems den Angola mat der MPLA-Regierung virdrun awer UN-Member gi war. D'USA hate kee Veto méi ageluecht, mä sech "aus Respekt virun de Gefiller vun hiren afrikanesche Frënn" enthalen.

Kuba a säin "Vietnam"[änneren | Quelltext änneren]

Militärberoder aus dem Ostblock mat angolaneschen MPLA-Truppen (1983)

Wéinst den Erfarungen aus dem Vietnamkrich hu souwuel d'Sowjetunioun wéi och d'Vereenegt Staate gezéckt, sech méi staark an Angola ze engagéieren. D'Wichtegkeet vum Konflikt am Angola fir de Kale Krich ze gewanne war staark ëmstridden. De Politbüro vun der Sowjetunioun war sech och net eens; den Ausseminister Andrei Gromyko an de Premierminister Alexei Kossygin ware fir manner Ënnerstëtzung fir den MPLA a fir e méi groussen Engagement fir d'Entspanung mam Westen. Den deemolege Staatschef Leonid Breschnew konnt sech awer duerchsetzen an huet d'Allianz mat dem MPLA weidergefouert, och wéi den Agostinho Neto nees ëffentlech affirméiert huet, datt den Angola zu den net-alignéierte Länner gehéiere géif.

1977 hunn den MPLA a seng kubanesch Alliéiert all d'Stied am Süde kontrolléiert, mä d'Stroossen am Süde si reegelméisseg vun der UNITA ugegraff ginn. De Savimbi huet sech bereet erkläert, mat der MPLA eng Zort eenheetlech, sozialistesch Regierung ze bilden, mä hie wollt, datt d'Kubaner sech vir d'éischt zréckzéien. "De reelle Feind ass de kubanesche Kolonialismus", huet de Savimbi de Reporter erzielt a gewarnt, datt "d'Kubaner d'Land iwwerholl" hätten, mä datt si "fréier oder spéider hiren eegene Vietnam am Angola" géifen erleiden.

Shaba-Konflikt[änneren | Quelltext änneren]

Rout: d'Provënz Shaba am deemolege Zaire

De 7. Mäerz 1977 hunn ongeféier 1.500 Membere vum Front de libération nationale congolaise (FLNC) d'Shaba-Provënz am Zaire (spéider och nach Katanga-Provënz genannt) vum Angola aus iwwerfall a besat. Den FLNC wollt de Mobutu stierzen, an den MPLA, deen ënner dem Mobutu senger Ënnerstëtzung fir d'FNLA an d'UNITA gelidden huet, huet näischt gemaach fir déi Invasioun ze verhënneren. Dem FLNC ass et net gelonge Kolwezi, d'wirtschaftlecht Häerz vu Zaire, z'erueweren, mä konnt aner Stied ënner seng Kontroll bréngen. D'Arméi vum Zaire ass ouni Problem geschloe ginn an den FLNC konnt weider avancéieren. Den 2. Abrëll huet de Mobutu d'Organisatioun fir afrikanesch Eenheet ëm Hëllef geruff. Aacht Deeg méi spéit huet déi franséisch Regierung 1.500 marokkanesch Zaldoten op Kinshasa geschéckt. Zesumme mat der Arméi vu Zaire, der FNLA, an egyptesche Pilote konnte si den FLNC zréckdrängen. Am Abrëll 1977 hunn déi lescht Rebellen zesumme mat ville Flüchtlingen de Zaire verlooss a sinn an den Angola an a Sambia gaangen.

De Mobutu huet dem MPLA an der kubanescher an der sowjetescher Regierung virgeworf, Komplizen an deem Krich gewiescht ze sinn. Während den Neto den FLNC tatsächlech ënnerstëtzt huet, war der MPLA-Regierung hir Bedeelegung eng Äntwert op dem Mobutu seng unhalend Ënnerstëtzung vun der FNLA am Angola. D'Regierung vum Jimmy Carter war net iwwerzeegt, datt Kuba un deem Konflikt bedeelegt gewiescht war, an huet dem Mobutu nëmme 15 Milliounen US-Dollar un net-militärescher Ënnerstëtzung ugebueden. Dës amerikanesch Scheiheet huet e Rapprochement tëscht Zaire a Frankräich provozéiert. Frankräich ass no der Interventioun de gréisste Waffeliwwerant vu Zaire ginn. Den Neto an de Mobutu hunn den 22. Juli 1977 e Grenzaccord ënnerschriwwen.

Den 11. Mee 1978 huet den FLNC d'Provënz Shaba op en neits iwwerfall a bannent zwéin Deeg och Kolwezi kontrolléiert. Bei der éischter Invasioun haten d'Amerikaner de Kubaner nach gegleeft, datt si näischt domat ze dinn hätten, an dofir krut de Mobutu net vill Hëllef aus Washington. Bei där zweeter Invasioun awer huet dem Jimmy Carter seng Regierung de Kubaner virgehäit, hir Fanger am Spill ze hunn. Wéi de Mobutu dës Kéier nees no Hëllef gefrot huet, hunn d'Amerikaner zesumme mat de Fransousen an de Belsch Zaldote geschéckt, fir d'Invasioun zréckzedrängen. Et war déi éischt militäresch Zesummenaarbecht tëscht Fransousen an Amerikaner zënter dem Vietnamkrich. D'franséisch Friemelegioun huet Kolwezi no enger Schluecht vu siwen Deeg zréckeruewert. Den FLNC huet sech dunn a Sambia zréckgezunn.

Verhandlungen tëscht de Regierunge vun der MPLA a vu Zaire hunn 1979 zu engem Friddensvertrag gefouert, dee festgeluecht huet, datt béid Parteien ophale géifen, d'Rebellen am anere Land z'ënnerstëtzen. Zaire huet zäitweileg säi Support un d'FLEC, d'FNLA an d'UNITA opgehalen, an den Angola huet all weider Aktivitéite vum FLNC verbueden.

Nitistas[änneren | Quelltext änneren]

Den Agostinho Neto, MPLA-Leader an éischte President vun Angola, trëfft de polnesche Botschafter zu Luanda (1978)

Ëm 1975 hunn déi intern Streidereien am MPLA ugefaangen, e gréissere Problem fir dem Neto seng Kontroll iwwer d'Partei ze ginn. Hien huet dem Inneminister Nito Alves d'Aufgab ginn, géint d'Dissidente virzegoen, wat deen dunn och gemaach huet. Gläichzäiteg konnt den Alves duerch d'Kontroll vun den nationalen Zeitungen an der Televisioun säin eegenen Afloss ausbauen. Am Oktober 1976 ass den Alves op Besuch an d'Sowjetunioun gaangen an et ass méiglech, datt hien deemools vun de Sowjet Ënnerstëtzung fir e Putsch géint den Neto zougesot krut. Wéi den Alves zréckkomm ass war den Neto scho mësstrauesch, well den Alves ëmmer méi mächteg ginn ass. Hien huet probéiert, den Alves a seng Unhänger, d'"Nitistas", ze neutraliséieren. Den Neto huet d'Vollversammlung vum zentrale Comité vum MPLA aberuff. Do huet hien d'Parteilinn formell als marxistesch-leninistesch bezeechent, den Inneministère ofgeschaf (vun deem den Alves Minister war) and eng Enquêtëkommissioun etabléiert. Hien huet déi Kommissioun benotzt, fir géint d'Nitistas virzegoen, a huet hir den Uerder ginn, bis Mäerz 1977 e Bericht virzeleeën. Den Alves a säi politeschen Alliéierten, de Stabschef José Van-Dunem , hunn ugefaangen e Staatsstreech géint den Neto ze plangen.

Si hu geplangt, den Neto den 21. Mee verhaften ze loossen, éier hie bei engem Treffe vum Zentralcomité géif ukommen an éier d'Kommissioun hire Bericht iwwer d'Aktivitéit vun den Nitistas géif virleeën. Den MPLA awer huet d'Plaz vum Treffe kuerzfristeg geännert, an dee Plang ass duerchernee geroden. Den Alves ass trotzdeem zu dem Treffe gaangen an huet sech der Kommissioun gestallt. D'Kommissioun huet hire Rapport presentéiert an dem Alves virgeworf, déi intern Streidereien ze verschäerfen. Den Alves huet zréckgeschloen an den Neto denoncéiert, well hien den Angola net mat der Sowjetunioun alignéiert hätt. No zwielef Stonnen Debattéieren huet d'Partei mat 26 géint 6 Stëmmen entscheet, dem Alves an dem Van-Dunem hir Mandater ewechzehuelen.

Fir den Alves an de Coup z'ënnerstëtzen ass de 27. Mee déi 8. Brigade vun der Arméi an de Prisong vu Luanda agebrach, wou si d'Giischtercher ëmbruecht an iwwer 150 Nitistas befreit hunn. Si huet d'Radiostatioun ënner hir Kontroll bruecht an hire Putsch annoncéiert, wou si sech den "MPLA-Aktiounskomitee" genannt huet. D'Brigade huet de Bierger gesot, si sollten hir Ënnerstëtzung weisen andeems se virun de Presidentepalais demonstréiere ginn. D'Nitistas hunn zwéi vum Neto senge Genereel gefaange geholl, mä den Neto hat seng Operatiounsbasis vum Palais an de Verdeedegungsministère verluecht, well hien Angscht viru sou engem Opstand hat. Kubanesch Truppen, déi dem Neto géigeniwwer loyal bliwwe waren, hunn de Presidentepalais an um 13h30 och d'Radiostatioun zréckeruewert. Währenddeem hunn d'Nitistas siwe Perséinlechkeeten aus Regierung a Militär gefaangen, vun deenen der sechs ëmbruecht goufen.

Tëscht November a Mee huet d'Regierung zéngdausende vermeintlech Nitistas verhafte gelooss. Hinnen ass viru geheime Geriichter ënner der Kontroll vum Verdeedegungsminister Iko Carreira de Prozess gemaach ginn. Déi Leit, déi schëlleg gesprach goufen, dorënner de Van-Dunem an de Chef vun der 8. Brigade, goufen erschoss an heemlech begruewen. Op d'mannst 2.000 Unhänger oder vermeintlech Unhänger vum Nito Alves sinn nom gescheiterte Putsch vun de Kubaner an der MPLA ëmbruecht ginn; e puer Schätzunge behaapte souguer, et wieren der 70.000 gewiescht.

De Putschversuch hat e laangjäregen Effekt op déi angolanesch diplomatesch Bezéiungen. Den Alves war géint dem Neto seng Auslandspolitik, déi ënner anerem fir d'Net-Alignéieren a Reformismus stoung. Hien hat sech agesat fir eng méi staark Bezéiung mat der Sowjetunioun, där den Alves et erlabe wollt, eng eege Militärbase am Angola opzebauen. Den Alves an den Neto hunn Allenzwéi gegleeft, d'Sowjetunioun wier géint den Neto. D'kubanesch Truppen haten dem Neto aktiv dobäi gehollef, de Putsch néierzeschloen. De kubanesche Verdeedegungsminister Raúl Castro huet 4.000 zousätzlech Zaldoten an d'Land geschéckt, fir weideren Dissens am MPLA ze verhënneren an huet sech mam Neto am August getraff, fir seng Solidaritéit ze weisen. Gläichzäiteg ass dem Neto säi Mësstrauen der sowjetescher Leedung géigeniwwer gewuess an d'Bezéiungen zur UdSSR hu sech degradéiert. Am Dezember huet den MPLA säin éischte Parteikongress gehalen a sengem Numm de Bäisaz "Aarbechterpartei" ginn. De Putschversuch vun den Nitistas war e schwéiere Schlag fir d'Memberschaft vum MPLA. 1975 hat d'Organisatioun nach 200.000 Memberen, nom éischte Parteikongress waren et der nëmmen nach 30.000.

Ersetze vum Neto[änneren | Quelltext änneren]

D'Sowjetunioun wollt eng permanent Militärbasis am Angola ariichten, wat den Neto awer trotz bestännegem sowjetesche Lobbying net erlaabt huet. Well den Alves net méi disponibel war, huet d'Sowjetunioun dunn de Premierminister Lopo do Nascimento als Géigekandidat vum Neto ënnerstëtzt, fir den MPLA ze leeden. Den Neto huet séier reagéiert an huet et fäerdeg bruecht, datt den Zentralcomité dem Nascimento seng Plazen als Premierminister, Sekretär vum Politbüro, Direkter vun der Nationaler Televisioun a vum Jornal de Angola ewechgeholl huet. Herno sinn d'Plaze vum Premierminister a vum Vizepremierminister einfach komplett ofgeschaf ginn.

Den Neto huet d'ethnesch Zesummesetzung vum Politbüro diversifizéiert, andeems hien nei Leit erabruecht huet, dorënner och de José Eduardo dos Santos. Wéi hien den 10. September 1979 gestuerwen ass, huet den Zentralcomité eestëmmeg fir den dos Santos als President gestëmmt.

1980er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Incursioune vun der SWAPO an der südafrikanescher Arméi am Angola an am haitegen Namibien (1978-1980)

Ënner dem dos Santos senger Leedung sinn angolanesch Truppen den 31. Oktober fir d'éischt Kéier iwwer d'Grenz mat Namibien getratt fir an de Kavango ze goen. Namibien ass deemools nach vu Südafrika verwalt ginn. Een Dag méi spéit huet den dos Santos en Net-Aggressiounspakt mat Sambia a Zaire ënnerzeechent. An den 1980er hu sech d'Kämpf am Südoste vum Angola geographesch verbreet. Do ass schonn an den 1970 vill lass gewiescht well de SWAPO a kongolesesch Kämpfer do aktiv waren. D'südafrikanesch Regierung huet reagéiert, andeems se Zaldoten an den Angola geschéckt huet a sech vun 1981 bis 1987 am Krich engagéiert huet. Dat huet d'Sowjetunioun dozou beweegt, tëscht 1981 an 1986 eng massiv Militärassistenz un den MPLA ze liwweren. 1981 huet den Chester Crocker eng Politik ausgeschafft, an där d'Onofhängegkeet vun Namibia un de Réckzuch vun de kubaneschen Truppen an de Fridden am Angola geknäppt war. De Crocker war "Assistant Secretary of State for African Affairs" am nei gewielten US-President Ronald Reagan senger Verwaltung.

D'südafrikanesch Arméi huet den 12. Mee 1980 Opstänneger an der Provënz Cunene ugegraff. Den angolanesche Verdeedegungsministère huet der südafrikanescher Regierung virgeworf, Zivilisten ze verletzen an ëmzebréngen. Néng Deeg méi spéit hunn d'Südafrikaner nees ugegraff, déi Kéier an der Provënz Cuando-Cubango, an den MPLA huet gedréit, militäresch z'äntweren. De 7. Mee huet d'South African Defence Force eng groussflächeg Invasioun vum Angola iwwer Cunene a Cuando-Cubango lancéiert. Den 13. Juni hu si d'Operatiounszentral vun der SWAPO am Angola zerstéiert. D'MPLA-Regierung huet de 24. Juni 120 Angolaner verhaft, deene virgeworf gouf Bommen zu Luanda wëllen explodéieren ze loossen, als Deel vun engem Komplott dee vun der südafrikanescher Regierung orchestréiert wier. Op Bestriewe vum angolanesche Botschafter bei der UN huet de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen dräi Deeg méi spéit déi südafrikanesch Incursioun an den Angola condamnéiert. De President Mobutu vu Zaire war op der Säit vum MPLA. D'MPLA-Regierung huet tëscht Januar a Juni 1980 529 Episoden enregistréiert, vun deene si behaapt huet, d'Südafrikaner hätten d'territorial Souveränitéit vum Angola verletzt.

Mat der Operatioun "Askari" hunn d'Südafrikaner am Dezember 1983 probéiert, d'Provënzhaaptstad Lubango z'erueweren. Kuba huet seng Truppepresenz am Angola 1985 vun 35.000 op 40.000 Mann eropgesat. Fir den MPLA z'ënnerstëtzen huet Rumänien 150 Pilotentraineren an aner Fluchpersonal geschéckt. Si hu beim Opbau vun der angolanescher Militärfluchschoul gehollef.

Den 2. Juni 1985 hu konservativ US-amerikanesch Aktivisten déi "Demokratesch International" (als Pendant zu der "Sozialistescher International") am Haaptquartéier vun der UNITA zu Jamba organiséiert. Et war e symbolescht Treffe vun antikommunistesche Militanten. D'Regierunge vun Israel a Südafrika hunn d'Iddi vun dem Treffen ënnerstëtzt, mä et gouf ofgeroden, d'Treffen an engem vu béide Länner ze halen.

D'Representantenhaus vun de Vereenegte Staaten huet den 11. Juli 1985 mat 236 géint 185 Stëmmen entscheet, de "Clark Amendment" ofzeschafen. Méi spéit am selwechte Mount huet d'MPLA-Regierung ugefaangen, d'UNITA vu Luena aus a Richtung Cazombo laanscht d'Benguelabunn z'attackéieren. Déi Militäroperatioun huet "Congresso II" geheescht. Den 18. September ass Cazombo gefall. Den MPLA huet ouni Erfolleg probéiert, der UNITA hiert Versuergungslager zu Mavinga z'iwwerhuelen. Obwuel d'Attack kee Succès war, gëtt si ënnerschiddlech interpretéiert. D'UNITA behaapt, sowjetesch Offizéier, déi portugisesch schwätze konnten, hätten d'MPLA-Arméi geleet, während d'Regierung behaapt huet, d'UNITA wier vu südafrikanesche Fallschiermsprénger ënnerstëtzt ginn fir d'MPLA-Attack ofzewieren. D'südafrikanesch Regierung huet zouginn, an der Géigend gekämpft ze hunn, mä hir Truppen hätte géint SWAPO-Militante gekämpft.

Intensivéierung vum Krich[änneren | Quelltext änneren]

Incursioune vun der SWAPO an der südafrikanescher Arméi am Angola an an Namibien (1981-1984)
Maximal Ausdehnung vun den Aktivitéite vu Südafrika an der UNITA

1986 huet de Konflikt am Angola méi eng zentral Roll am Kale Krich ageholl. Souwuel d'Sowjetunioun wéi och aner Länner aus dem Ostblock hunn hire Support fir d'MPLA-Regierung eropgeschrauft. Déi amerikanesch Konservativ hunn datselwecht mat hirer Ënnerstëtzung fir dem Savimbi seng UNITA gemaach. De Savimbi huet enk Bezéiungen zu konservativen Amerikaner opgebaut. Fir si war hien e wichtegen Alliéierten am amerikanesche Kampf géint d'Regierungen op der Welt, déi vun der Sowjetunioun ënnerstëtzt goufen. D'Situatioun ass séier eskaléiert, well souwuel Washington wéi och Moskau de Konflikt als kritesch a strategesch am Kale Krich betruecht hunn.

D'Sowjetunioun huet der MPLA-Regierung eng zousätzlech Finanzsprëtz vun enger Milliard Dollar ginn a Kuba huet 2.000 weider Zaldote bei seng scho 35.000-Mann-staark Trupp an den Angola geschéckt, fir d'Pëtrolsplattforme vu Chevron ze beschützen. Am Januar hat de Savimbi an engem Interview gesot, Chevron wier am Viséier vun UNITA-Attacken. Dem Savimbi seng konservativ amerikanesch Partner hunn dofir gesuergt, datt d'Hëllef fir d'UNITA och an d'Luucht gaangen ass.

1986 huet de President Reagan de Savimbi fir en Treffen an d'Wäisst Haus agelueden. No deem Meeting sot de Reagan, d'UNITA géif eng Victoire gewannen, déi d'"Welt elektriséiert". Zwéi Méint méi spéit huet hien ugekënnegt, d'UNITA géif als Deel vun engem 25-Milliounen-Dollar-Hëllefspak vun der amerikanescher Regierung Buedem-Loft-Rakéite geliwwert kréien. Den Jeremias Chitunda, de Vertrieder vun der UNITA an den USA, ass am August 1986 beim 6. Parteikongress zum Vizepresident vun der UNITA gewielt ginn. Den 10. September huet de Fidel Castro dem Crocker seng Propose — de Réckzuch vun all den auslänneschen Truppen aus dem Angola an aus Namibien — als Konditioun fir de Réckzuch vun der Kubaner aus dem Angola gemaach.

UNITA-Zaldoten hu Camabatela den 8. Februar 1986 ugegraff. Der staatlecher Noriichtenagence ANGOP no hätt d'UNITA duerno de 26. Februar Zivilisten zu Damba massakréiert. D'südafrikanesch Regierung huet sech den 8. Mäerz am Prinzip mat dem Crocker senge Bedéngungen averstanen erkläert. De 26. Mäerz huet de Savimbi e Waffestëllstand fir d'Benguelabunn proposéiert,. Dee Waffestëllstand géif et den MPLA-Zich erlaben ze fueren, mä eng international Inspektiounsgrupp misst oppassen, datt déi Zich net fir Aktivitéite géint d'UNITA benotzt géife ginn. D'Regierung huet net op déi Propose geäntwert. Am Abrëll 1987 huet de Fidel Castro déi 50. kubanesch Brigade an de Süde vum Angola geschéckt, an domat d'Truppe vun 12.000 op 15.000 verstäerkt. De Regierunge vum MPLA a vun den USA hunn am Juni 1987 ugefaangen ze verhandelen.

Cuito Cuanavale an Accorde vun New York[änneren | Quelltext änneren]

D'Provënze vum Angola mat der Provënz Cuando Cubango (hellgréng)

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schluecht vu Cuito Cuanavale
Vum 13. Januar bis zum 23. Mäerz 1988 hunn d'UNITA a Südafrika d'MPLA-Basis zu Cuito Cuanavale an der Provënz Cuando Cubango ugegraff. Dat war déi zweetgréisst Schluecht an Afrika no der Schluecht vun El Alamein. Cuito Cuanavale war eng strategesch wichteg Plaz, net wéinst hirer Gréisst oder hirem Räichtum, mä wéinst hirer Lag. Allenzwou Säiten hunn d'Victoire vun der Schluecht fir sech beusprocht.

De kubaneschen Truppen ass virgeworf ginn Nervegas géint d'UNITA-Truppen ze benotzen. De belschen Toxolog Dr. Aubin Heyndrickx huet angeblech Bewäisstécker ënnersicht, déi no der Schluecht vu Cuito Cuanavale fonnt goufen, a sot, et géif "keen Zweiwel méi ginn, datt d'Kubaner Nervegas géint d'Truppe vum M. Jonas Savimbi benotzt" hätten.

D'kubanesch Regierung ass den 28. Januar 1988 de Verhandlunge bäigetrueden, an déi dräi Parteien hunn den 9. Mäerz hir éischt Verhandlungsronn gehalen. D'südafrikanesch Regierung ass den 3. Mee dobäikomm an déi verschidde Parteien hu sech am Juni an am August zu New York an zu Genève getraff. Alleguer hu si den 8. August engem Waffestëllstand zougestëmmt. Vertrieder vun de Regierunge vum Angola, vu Kuba a vu Südafrika hunn den Accord vun New York ënnerschriwwen, an deem Namibien d'Onofhängegkeet accordéiert gouf an enger direkter Bedeelegung vun auslänneschen Truppen am angolanesche Biergerkrich en Enn gesat gouf. Den UNO-Sécherheetsrot huet de selwechten Dag d'Resolutioun 626 gestëmmt, mat där eng Friddenstrupp geschaf gouf; d'Verifizéierungsmissioun vun de Vereenten Natiounen an Angola (United Nations Angola Verification Mission oder UNAVEM). Déi éischt UNAVEM-Truppe sinn am Januar 1989 am Angola gelant.

Waffestëllstand[änneren | Quelltext änneren]

De President Mobutu huet am Juni 1989 18 afrikanesch Leaderen an de Savimbi an den dos Santos a säi Palast zu Gbadolite op Verhandlungen agelueden. De Savimbi an den dos Santos hu sech do fir d'éischte Kéier perséinlech kenne geléiert an den 22. Juni der Erklärung vu Gbadolite, engem Waffestëllstand, zougestëmmt, an domat de Wee bereet fir e Friddensofkommes. De President Kenneth Kaunda vu Sambia huet e puer Deeg no där Erklärung gesot, de Savimbi wier averstane gewiescht, den Angola ze verloossen an an d'Exil ze goen. Dat hunn de Mobutu, de Savimbi an d'US-amerikanesch Regierung bestridden. Den dos Santos huet dem Kaunda senger Interpretatioun zougestëmmt, datt de Savimbi sech bereet erkläert hätt, d'Land zäitweileg ze verloossen.

Den 23. August huet den dos Santos sech beschwéiert, datt d'US-amerikanesch an d'südafrikanesch Regierungen d'UNITA géife weider finanzéieren, an datt sou eppes dat zerbriechlecht Friddensofkommes géing a Gefor bréngen. Den Dag drop huet de Savimbi annoncéiert. d'UNITA géif d'Ofkommes net méi respektéieren, wéinst dem Kaunda sengem Insistéieren, datt de Savimbi d'Land verloossen an d'UNITA sech opléise sollt. D'MPLA-Regierung huet op dem Savimbi seng Ausso reagéiert andeems se Truppe vu Cuito Cuanavale, dat vum MPLA kontrolléiert ginn ass, op Mavinga deplacéiert huet, dat ënner UNITA-Kontroll stoung. De Waffestëllstand ass mat de Virwërf vum dos Santos an der US-Regierung zesummegefall, déi sech géigesäitege virgehäit hunn, de bewaffente Kampf erëm opgeholl ze hunn.

1990er[änneren | Quelltext änneren]

Politesch Ännerungen am Ausland a militäresch Victoiren doheem hunn et der Regierung erméiglecht, vun engem offiziell kommunistesche Land zu engem offiziell demokrateschen ze ginn. D'Onofhängegkeetserklärung vun Namibien, déi international den 1. Abrëll 1990 unerkannt ginn ass, huet d'Gefor, déi vu Südafrika fir den MPLA ausgaangen ass, eliminéiert, well sech déi südafrikanesch Truppen aus Namibien zréckgezunn hunn. Den MPLA huet am Juni och d'Grënnung vun anere politesche Parteien erlaabt an op sengem drëtte Kongress am Dezember d'marxistesch-leninistesch Ideologie fale gelooss. D'Parlament huet am Mee 1991, am selwechte Mount, an deem och Kuba seng lescht Truppen zréckgezunn huet, e Gesetz gestëmmt, an deem den Angola als "demokratesche Staat" mat Rechtstaatlechkeet an engem Méiparteiesystem definéiert. Observateure stounge sou Verännerunge skeptesch géigeniwwer. Den amerikanesche Journalist Karl Maier huet geschriwwen: "Am neien Angola ass d'Ideologie duerch dat ersat ginn, wat ënnert dem Stréch steet, well Sécherheet an de Verkaf vu Waffenexpertise e profitabelt Geschäft gi sinn. Mat sengem Räichtum u Pëtrol an Diamante gläicht den Angola enger grousser, geschwollener Karkass, an d'Geier kreesen iwwert hir. Dem Savimbi seng fréier Alliéiert wiesselen d'Säiten, ugezu vum Geroch vun haardem Geld.[1] De Savimbi huet Berichter no och d'UNITA vun deene Leit gesäubert, déi hien als Menace géint säi Leadership oder als Afroestelle vu senger strategescher Ausriichtung empfonnt kéint hunn.

Black, Manafort, Stone and Kelly[änneren | Quelltext änneren]

Un engem Gebai zu Huambo sinn d'Konsequenze vum Krich ze gesinn

Ufank 1990 ass de Savimbi an enger Schluecht mat Regierungstruppe verletzt ginn, mä hien ass awer mobil bliwwen. Am Dezember ass hien op Washington D.C. geflu fir de President George H. W. Bush erëm eng Kéier ze treffen. Dëst war déi véiert vun am Ganze fënnef Reesen an d'USA. De Savimbi huet der Lobbyfirma Black, Manafort, Stone, and Kelly 5 Milliounen US-Dollar bezuelt, fir datt si sech bei der Bundesregierung asetzen, datt si de Savimbi ënnerstëtzen, datt d'UNITA gutt an de westleche Medien duergestallt gëtt an datt si Ënnerstëtzung vun de Politiker zu Washington kritt.

Zwéi Senateuren hate mat anere konservativen Organisatiounen zesummegeschafft, fir datt 1985 erfollegräich de Clark Amendment zréckgezu ginn ass. Vun deem Moment u bis 1992 huet d'US-amerikanesch Regierung dem Savimbi 60 Milliounen US-Dollar d'Joer iwwerwisen; am Ganzen waren et 420 Milliounen. E groussen Deel vun deene Suen ass fir dem Savimbi seng perséinlech Ausgaben dropgaangen. Sou ass an den ëffentlech-zougänglechen Dokumenter vun der Lobbyfirm Black, Manafort, Stone and Kelly ze gesinn, datt de Savimbi am Oktober 1991 an enger Woch zu New York an zu Washington méi wéi 470.000 Dollar ausginn huet.

Ofkommes vu Bicesse[änneren | Quelltext änneren]

De President dos Santos an de Savimbi hu sech zu Lissabon getraff, wou si den 31. Mee 1991 dat éischt vun dräi grousse Friddensofkommessen (de Bicesse-Ofkommessen) ënnerschriwwen hunn. D'portugisesch Regierung huet meditéiert. Déi Ofkommessen hunn eng Transitiounsphas virgesinn, an där d'Land sech ënnert der Supervisioun vun der UNAVEM-II-Missioun vun de Vereenten Natioune sollt an enger Demokratie mat e puer Parteie wandelen. Bannent engem Joer sollte Presidentschaftswale stattfannen. D'Ofkommes wollt 152.000 aktiv Kämpfer demobiliséieren an déi aner Kämpfer vun der Regierungsarméi an den UNITA-Rebellen an eng 50.000-Mann-staark angolanesch Arméi abannen, déi sougenannte Forças Armadas Angolanas (FAA, "Angolanesch Sträitkräft"). D'FAA sollt aus enger nationaler Arméi mat 40.000 Zaldoten, enger Krichsmarine mat 6.000 Zaldoten an enger Loftwaff mat 4.000 Zaldoten bestoen. Während d'UNITA d'Waffe gréisstendeels net néiergeluecht huet, huet d'Regierungsarméi d'Ofkommes respektéiert, wat d'Regierung spéider benodeelegt huet.

Den éischten Tour vun de Presidentewalen am Joer 1992 war den 29. an den 30. September. Den dos Santos krut offiziell 49,57 % vun de Stëmmen an de Savimbi 40,6 %. Well kee Kandidat 50 % oder méi vun de Stëmme krut, huet dem Walgesetz no en zweeten Tour mussen tëscht deenen zwee organiséiert ginn. De Savimbi, zesumme mat aacht Oppositiounsparteien, sot datt d'Wale weder fräi nach fair ofgelaf wieren. En offiziellen Observatuer huet geschriween, datt et nëmme wéineg Supervisioun vun de Vereenten Natioune ginn hätt, datt 500.000 UNITA-Wieler hiert Walrecht verluer hätten, an datt et iwwer 100 geheim Walbüroe ginn hätt. De Savimbi huet de Vizepresident vun der UNITA, Jeremias Chitunda, op Luanda geschéckt, fir iwwer d'Bedéngunge vum zweeten Tour ze diskutéieren. De Walprozess ass den 31. Oktober a sech zesummegefall, wéi Regierungstruppen zu Luanda d'UNITA ugegraff hunn. Zivilisten, déi e puer Deeg virdru vun der Police Schosswaffe kruten, sinn zesumme mat der Police vun Haus zu Haus gaangen an hunn honnerten Unhänger vun der UNITA-Unhänger verhaft oder ëmbruecht. D'Regierung huet Zivilisten a Camionen op de Kierfecht vu Camama an an d'Schlucht vu Morro da Luz bruecht, se erschéissen an a Massegriewer begruewe gelooss. Den 2. November ass dem Chitunda säi Convoy iwwerfall ginn. Hien an zwou aner Persoune sinn aus dem Auto gezu ginn a goufen an d'Gesiicht geschoss. An nëmmen e puer Deeg huet d'MPLA iwwer 10.000 UNITA an FNLA-Wieler am sougenannten Halloween-Massaker ëmbruecht. De Savimbi huet doropshi gesot, hie géif net um zweeten Tour vun de Walen Deel huelen an de bewaffente Kampf géint den MPLA nees ophuelen.

An enger Rei vun iwwerraschende Victoire huet d'UNITA nees Caxito, Huambo, M'banza Kongo, Ndalatando, an Uíge eruewert, alles Provënzhaaptstied, déi si zënter 1976 net méi kontrolléiert hat. Duerno ass si weider Richtung Kuito, Luena, an Malanje marschéiert. Obwuel d'USA a Südafrika opgehalen haten, d'UNITA z'ënnerstëtzen, si weider Liwwerunge aus dem Zaire vum Mobutu komm. Am Januar 1993 huet d'UNITA probéiert, Cabinda dem MPLA ewechzehuelen. Den 9. Januar huet d'UNITA hir 55-Deeg-laang Schluecht ëm Huambo, de "Krich vun de Stied", ugefaangen. Honnertdausende Leit si geflücht an 10.000 Mënsche si gestuerwen, éier d'UNITA de 7. Mäerz d'Kontroll iwwer d'Stad gewonnen huet. D'Regierung huet ethnesch Säuberunge géint d'Bakongo, an och an engem geréngere Mooss géint d'Ovimbundu, a ville Stied ënnerholl, sou zum Beispill während dem Massaker vum "Bluddege Freideg" den 22. Januar zu Luanda. Vertrieder vun der UNITA an der Regierung hu sech fënnef Deeg méi spéit an Ethiopien getraff, mä d'Verhandlunge konnten de Fridden net nees hierstellen. De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen huet an hirer Resolutioun 864 am September 1993 Sanktioune géint d'UNITA beschloss an de Verkaf vu Waffen a Pëtrol un d'UNITA verbueden.

De vläicht däitlechste Wiessel an der US-amerikanescher Aussepolitik ass siichtbar ginn, wéi de President Bill Clinton an eng der Executive Order 12865 d'UNITA eng "unhalend Bedreeung fir d'Objektiver vun der amerikanescher Aussepolitik"[2] genannt huet. Am August 1993 huet d'UNITA méi wéi 70 % vum angolaneschen Territoire kontrolléiert, mä militäresch Succèse vun der Regierung am Joer drop hunn d'UNITA gezwongen, no Fridden ze sichen. Am November 1994 huet d'Regierung erëm 60 % vum Land kontrolléiert. De Savimbi huet déi Situatioun als déi "déifste Kris" vun der UNITA zënter hirer Grënnung genannt. Et gëtt geschat, datt 120.000 Leit an den éischten 18 Méint no den 1992er Walen ëm d'Liewe komm sinn, bal d'Hallschent vun de Leit, déi an de 16 Joer Krich virdru gestuerwe sinn. Béid Säite vum Konflikt ware fir wäitleefeg a systematesch Verletzunge vum Krichsrecht verantwortlech. Besonnesch d'UNITA huet belagert Stied willkürlech beschoss, wat eng héijer Stierflechkeet bei Ziviliste mat sech bruecht huet. D'MPLA-Truppen dogéint hunn d'Loftwaff willkürlech fir Bombardéierungen agesat, woubäi och vill Ziviliste gestuerwe sinn. De Protokoll vu Lusaka huet 1994 d'Ofkommes vu Bicesse nei bestätegt.

De Protokoll vu Lusaka[änneren | Quelltext änneren]

De Savimbi war net gewëllt, perséinlech en Ofkommes z'ënnerschreiwen. Dowéinst huet de fréieren UNITA-Generalsekretär Eugenio Manuvakola d'UNITA a senger Plaz vertrueden. De Manuvakola an den angolaneschen Ausseminister Venancio de Moura hunn den 31. Oktober 1994 zu Lusaka, a Sambia, de Protokoll vu Lusaka ënnerzeechent. An deem ass festgeluecht ginn, datt d'UNITA integréiert an entwaffent sollt ginn. Als Deel vun dem Protokoll hu béid Säiten den 20. November engem Waffestëllstand zougestëmmt. Deem Ofkommes no sollten d'Regierung an d'UNITA ophale mat kämpfen an demobiliséieren. 5.500 UNITA-Memberen, dorënner 180 Militanten, sollten Deel vun der angolanescher nationaler Police ginn, 1.200 UNITA-Memberen , dorënner 40 Militanten, sollten d'Spezialtrupp vun der angolanescher Police integréieren an d'Genereel vun der UNITA sollten Offizéier an den angolanesche Sträitkräft ginn. Auslännesch Mercenaire sollten Heem goen an all Parteie sollten ophalen, auslännesch Waffen ze kafen. D'Ofkommes huet den UNITA-Politiker Haiser an eng Parteizentral ginn. D'Regierung huet sech bereet erkläert, UNITA-Memberen als Chef vun de Ministère fir Minnen, Handel, Gesondheet an Tourismus z'ernimmen, zousätzlech zu siwe Vizeministeren, Botschafter, Gouverneuren (vun Uige, Lunda Sul, a Cuando Cubango), a Plazen op lokalem Level. D'Regierung géif all Prisonéier fräiloossen an all de Militanten aus dem Biergerkrich eng Amnestie garantéieren. D'Presidente Robert Mugabe vu Simbabwe an Nelson Mandela vu Südafrika sinn de 15. September 1994 zesummekomm fir de Protokoll symbolesch z'ënnerstëtzen. De Mugabe an de Mandela soten Allenzwee, si wiere bereet de Savimbi ze treffen, an de Mandela huet hien a Südafrika invitéiert, mä de Savindi ass där Invitatioun net no komm.

D'Ofkommes huet eng gemeinsam Kommissioun etabléiert mat Vertrieder vun der angolanescher Regierung, der UNITA an der UNO, mat der Regierunge vu Portugal, den USA a Russland als Observateuren, fir d'Ëmsetzung vum Protokoll z'iwwerwaachen. Verletzunge vun deem Protokoll sollte vun de Kommissioun diskutéiert an iwwerpréift ginn. D'Bestëmmunge vum Protokoll, no deenen d'UNITA an d'Arméi an d'Regierung sollt integréiert ginn an e Waffestëllstand entscheet gouf, waren ähnlech wéi déi vum Alvor-Ofkommes, dat dem Angola 1975 d'Onofhängegkeet vu Portugal gewäert huet. Och deemools hunn dat géigesäitegt Mësstrauen tëscht der UNITA an der MPLA, wéineg international Iwwerwaachung, Importer vun auslännesche Waffen an eng Iwwerbewäertung vum Gläichgewiicht tëscht den zwou Säiten zum Kollaps vum Protokoll gefouert.

Iwwerwaachung vun der Oprëschtung[änneren | Quelltext änneren]

Tanksen a Rackéitewerfer vun der UNITA, déi aus dem Betrib geholl si ginn

Am Januar 1995 huet den amerikanesche President Bill Clinton de P. J. Hare, fréieren Ambassadeur am Sambia, mat der Spezialmissioun an den Angola geschéckt fir de Lusaka-Protokoll z'ënnerstëtzen, an d'Wichtegkeet vum Anhale vun der Wafferou bei der angolanescher Regierung a bei der UNITA ervirzehiewen. Béid Säite waren op extern Ënnerstëtzung ugewisen. D'Vereent Natiounen hu sech den 8. Februar bereet erkläert, eng Friddenstrupp an den Angola ze schécken. Am Mee huet de Savimbi de südafrikanesche President Mandela getraff. Kuerz drop, den 18. Juni , huet den MPLA dem Savimbi d'Plaz vum Vizepresident ënner dem dos Santos ugebueden, nieft engem zweete Vizepresident dee vum MPLA gewielt géif ginn. De Savimbi huet dem Mandela gesot, hir wier prett fir senger Natioun ze hëllefen, mä hien huet d'Propose eréischt den 12. August ugeholl. Den amerikanesche Verdeedegungsministère an d'CIA hunn hir Operatiounen an Analysen am Angola erweidert, fir Waffeliwwerungen ze stoppen. Sou Waffeliwwerunge waren eng Violatioun vum Lusaka-Protokoll. D'Amerikaner haten awer nëmmen e limitéierte Succès. D'angolanesch Regierung huet 1995 siwe Militärhelikoptere aus der Ukrain kaaft. 1998 koumen dozou nach Kampffligeren aus der Tschechoslowakei a Munitioun an Uniformen aus dem Simbabwe, an 1998 an 1999 Munitioun a Waffen aus der Ukrain. Vun 1997 un huet den amerikanesche Monitoring am Angola staark nogelooss, nodeems d'Evenementer am Zaire, am Kongo an a Liberia d'Opmierksamkeet vun der amerikanescher Regierung op sech gezunn haten. D'UNITA huet 1999 méi wéi 20 sowjetesch Kuerzstreckerakéite an dräi aner nordkoreanesch Rakéite kaaft.

D'UNO huet hiert Mandat am Angola am Februar 1996 verlängert. Am Mäerz hu sech de Savimbi an den dos Santos formell drop gëeenegt, fir eng Koalitiounsregierung ze bilden. D'Regierung huet am August 2.000 Westafrikaner a Libanesen deportéiert, mat der Begrënnung si wiere geféierlech Minoritéiten a verantwortlech fir déi ëmmer méi héich Kriminalitéit. Ëm déi Zäit huet d'angolanesch Regierung Militärequipementer aus Indien, Kasachstan an aus der Slowakei kaaft.

D'international Communautéit huet am Abrëll 1997 gehollef, eng Regierung vun der Eenheet an der Nationaler Reconciliatioun z'installéieren, mä d'UNITA huet der lokaler MPLA-Regierung net erlaabt, sech a 60 Stied néierzeloossen. Den UNO-Sécherheetsrot huet den 28. August 1997 Sanktioune géint d'UNITA decidéiert. D'Leadere vun der UNITA hunn net méi an d'Ausland dierfe reesen, d'UNITA-Ambassaden am Ausland goufen zougemaach an d'Zonen, déi vun der UNITA kontrolléiert goufen, kruten e Fluchverbuet. Den 12. Juni 1998 huet de Sécherheetsrot déi Sanktioune mat der Resolutioun 1173 erweidert, andeems d'Bankkonte vun der UNITA agefruer a Regierungszertifikater fir de Kaf vun angolaneschen Diamanten imposéiert goufen.

Während dem Éischte Kongokrich war d'angolanesch Regierung an der Koalitioun fir de Mobutu ze stierzen, well hien d'UNITA ënnerstëtzt huet. De 16. Mee 1997 ass dem Mobutu seng Regierung gefall. D'angolanesch Regierung huet Gendaarmen aus dem Katanga, déi sougenannt "Tigres" ënnerstëtzt, an och Zaldote geschéckt. Ufanks Oktober 1997 huet den Angola d'Republik Kongo iwwerfall an dem Sassou Nguesso senge Rebelle gehollef d'Regierung vum Pascal Lissouba ze stierzen. Dem Lissouba seng Regierung hat et der UNITA erlaabt, sech a Stied an der Republik Kongo néierzeloossen fir d'Sanktiounen z'ëmgoen. Tëscht dem 11. am 12. Oktober 1997 huet d'angolanesch Loftwaff Regierungspositiounen zu Brazzaville bombardéiert. De 16. Oktober 1997 hu Rebellemilizen, ënnerstëtzt vun Tankssen an enger 1.000-Mann-staarker Trupp aus dem Angola, hir Kontroll vu Brazzaville gefestegt, an de Lissouba huet misse fortlafen. Angolanesch Truppe sinn am Land bliwwe fir Milizen ze bekämpfen, déi dem Lissouba trei bliwwe waren an e Guerillakrich géint déi nei Regierung gefouert hunn.

D'Vereent Natiounen hunn tëscht 1994 an 1998 1,6 Milliarden US-Dollar fir hir Friddenstrupp am Angola ausginn. D'angolanesch Arméi huet de 4. Dezember 1998 UNITA-Truppen am zentralen Héichland ugegraff, een Dag virun dem MPLA sengem véierte Kongress. Den dos Santos huet den Delegéierten den Dag drop gesot, hie géif mengen Krich wier den eenzege Wee, en definitive Fridden z'erreechen. Hien huet de Lusaka-Protokoll verworf an d'MONUA opgefuerdert, d'Land ze verloossen. Am Februar 1999 huet de Sécherheetsrot déi lescht MONUA-Mataarbechter aus dem Land zréckgezunn. Géint Enn vum Joer 1998 hunn e puer UNITA-Kommandanten, déi mam Savimbi sengem Cours onzefridde waren, d'UNITA Renovada forméiert, eng Militant Splittergrupp. Dausenden aner Deserteuren hunn der UNITA 1999 an 2000 de Réck gedréint.

Am September 1999 huet d'angolanescht Militär eng massiv Offensiv ("Restaurar da Operaçao") lancéiert, an där si N'harea, Mungo, Andulo a Bailundo eruewert hunn. Nëmmen ee Joer virdrun war zu Bailundo nach dem Savimibi säin Haaptquartéier. Den UNO-Sécherheetsrot huet de 15. Oktober d'Resolutioun 1268 gestëmmt, an där den UNO-Generalsekretär Kofi Annan opgefuerdert gouf, de Sécherheetsrot all dräi Méint iwwer d'Situatioun am Angola z'informéieren. Den dos Santos huet den 11. November den UNITA-Militanten eng Amnestie ugebueden. Am Dezember sot de Stabschef, datt d'angolanesch Arméi 80 % vun der UNITA hirem militante Flillek zerstéiert a 15.000 Tonne Militärequipement eruewert hätt. No der Opléisung vun der Koalitiounsregierung huet sech de Savimbi a seng historesch Basis an d'Provënz Moxico zréckgezunn an op de Kampf virbereet. Fir d'UNITA z'isoléieren huet d'Regierung all Zivilisten aus de ländleche Gebidder, déi ënner UNITA-Afloss kéinte stoen oder fale kéinten, opgefuerdert an d'Stied ze goen. Déi Strategie huet d'UNITA zwar erfollegräich isoléiert, hat awer schlëmm humanitär Konsequenzen.

Diamantenhandel[änneren | Quelltext änneren]

Der UNITA hir Fäegkeet, Diamanten ze fërderen an am Ausland ze verkafen huet et hir erlaabt, de Krich och dunn nach ze finanzéieren, wéi et mat der Ënnerstëtzung am Westen a bei der lokaler Bevëlkerung eriwwer war. Déi international Diamentefirma De Beers an déi staatlech angolanesch Entreprise Endiama hunn 1990 e Vertrag ënnerschriwwen, deen et De Beers erlaabt huet, sech ëm den angolaneschen Diamantenexport ze këmmeren.

Dem Fowler Report vun de Vereenten Natiounen no hätt de Joe De Deker, e fréieren Aktionär vun De Beers, mat de Regierung vu Zaire zesummegeschafft fir der UNITA tëscht 1993 an 1997 Militärekipement ze besuergen. De Brudder vum De Deker, de Ronnie, soll aus Südafrika an Angola geflu si fir den Import vu Waffen aus Osteuropa ze dirigéieren. Als Géigeleeschtung huet d'UNITA dem Ronnie De Deker Diamanten am Wäert vu 6 Milliounen Dollar ginn. Den De Deker hätt déi Diamanten an d'Akafsstell vun De Beers zu Antwerpen geschéckt. De Beers gëtt ëffentlech zou, eleng 1992 am Ganze 500 Milliounen Dollar fir legal an illegal Diamanten ausginn ze hunn. D'Vereent Natioune schätzen, datt d'Angolaner tëscht 1992 an 1998 3 bis 4 Milliarden Dollar verdéngt hunn. D'UNO schätzt och, datt vun där Zomm mindestens 3,72 Milliarden Dollar, oder 93 %, vun den Diamanteverkeef un d'UNITA gaange sinn, trotz den internationale Sanktiounen.

D'Executive Outcomes (EO), eng privat Militärfirma, huet eng gréisser Roll beim MPLA senger Trendwend gespillt. En US-amerikanesche Verdeedegungsexpert sot, EO wieren déi bescht 50 oder 60 Milliounen Dollar gewiescht, déi d'angolanesch Regierung jee ausginn hätt. D'Pëtrolsfirma Heritage Oil and Gas, an angeblech och De Beers, hunn EO engagéiert, fir hir Operatiounen am Angola ze schützen. EO huet 5.000 Zaldoten an 30 Kampfpiloten an de Campe vu Lunda Sul, Cabo Ledo an Dondo ausgebilt.

Separatismus a Cabinda[änneren | Quelltext änneren]

Den inoffizielle Fändel vu Cabinda

Den Territoire vu Cabinda läit nërdlech vum Angola selwer. Déi zwou Entitéite si vun engem 60 Kilometer breede Streech getrennt, deen zur Demokratescher Republik Kongo gehéiert. D'portugisesch Verfassung vun 1933 bezeechent Angola a Cabinda als Iwwerséiprovënzen. Am Laf vun Verwaltungsreformen an den 1930er an den 1950er ass Angola an Distrikter agedeelt ginn, a Cabinda een Distrikt vun Angola ginn. D'Frente para a Libertação do Enclave de Cabinda, (FLEC, Front fir d'Befreiung vun der Cabinda-Enklav) gouf 1963 gegrënnt, am Kader vun engem méi groussen antiportugisesche Krich fir d'Onofhängegkeet. D'FLEC huet sech spéider an zwou Organisatiounen opgespléckt: Forças Armadas de Cabinda (FLEC-FAC, "Sträitkräft vu Cabinda") a FLEC-Renovada (FLEC-R). Spéider hu sech nach e puer weider Splittergruppe vun deene Beweegunge lassgeléist, mä d'FLEC-R ass wéinst hirer Gréisst an hirer Taktik déi bekannteste bliwwen. D'FLEC-R huet d'Ouren an d'Nuese vu Regierungsbeamten an hire Supporteren ofgeschnidden, ähnlech wéi d'Revolutionary United Front a Sierra Leone an den 1990er. Trotz der klenger Gréisst vu Cabinda hunn auslännesch Regierungen an nationalistesch Beweegungen den Territoire wéinst senger risege Pëtrollsreserve begiert, dem Happtexportproduit vun Angola deemools wéi haut.

Während dem Onofhängegkeetskrich huet d'Divisioun tëscht den assimilados an den indigenas den interethnesche Konflikt tëscht de verschiddene lokale Stämm iwwerdeckt. Dee Broch ass eréischt an den 1970er siichtbar ginn. D'União dos Povos de Angola, d'Virgängerorganisatioun vun der FNLA, huet während dem Onofhängegkeetskrich nëmme 15 % vum angolanesche Territoire kontrolléiert, ouni Cabinda, dat vum MPLA kontrolléiert gouf. Zur Zäit vun der Onofhängegkeetserklärung huet d'Volleksrepublik China d'UNITA oppen ënnerstëtzt, obwuel déi och vun hirem Géigner Südafrika gehollef krut an éischter pro-westlech ausgeriicht war. De chinesesche Support fir de Savimbi huet 1965 ugefaangen, ee Joer nodeems hien d'FNLA verlooss hat. China huet den Holden Roberto a seng FNLA als Handlanger vum Westen an den MPLA als Stellvertrieder vun der Sowjetunioun betruecht. Nom politesche Broch tëscht der Volleksrepublik China an der Sowjetunioun war Südafrika dat klengsten Iwwel fir d'Chinesen.

De Savimbi a Gespréich mat Membere vum Europaparlament (1989)

Während den 1990er hunn d'Cabinda-Rebellen auslännesch Pëtrolsaarbechter entfouert a Léisegeld gefuerdert, mat deem si nei Attacke géint déi national Regierung gefouert hunn. De 27. Mäerz an den 23. Abrëll 1992 hu Militante vun der FLEC Busser vun der Pëtrolsfirma Chevron Oil ugehalen, d'Aarbechter erausklamme gelooss an dann d'Busser ugefaangen. Bei enger grouss ugeluechter Schluecht zu Malongo tëscht der FLEC an der Police, de 14. Mee, sinn ongewollt 25 Mörsergranaten op e Wunnquartéier vu Chevron Oil gefall. D'Regierung, déi Angscht ëm hir Haaptakommesquell krut, huet 1995 Verhandlunge mat Vertrieder vun der FLEC-R, der FLEC-FAC an der Frente Democratica de Cabinda (FCD, "Demokratesch Front vu Cabinda") ugefaangen.

Verspriechen a Bestiechunge sinn awer net duergaangen, fir d'Roserei vun der FLEC-R an der FLEC-FAC ze zëssen, an d'Verhandlunge sinn ouni Resultat op en Enn gaangen. Am Februar 1997 huet d'FLEC-FAC zwéi Mataarbechter vun enger Holzfirma entfouert. Ee gouf ëmbruecht, an deen aneren nom Bezuele vun engem Léisegeld vu 400.000 Dollar fräigelooss. E Joer drop hu si néng Angolaner an zwéi Portugisen entfouert, fir déi si 500.000 Dollar kruten. Am Mäerz 1999 huet d'FLEC-R zwéi Fransousen, zwéi Portugisen an een Angolaner entfouert. Den Angolaner ass fräigelooss ginn an d'Regierung huet de Rebellen 12,5 Milliounen Dollar fir d'Geisele versprach. Si si spéider mat Gewalt befreit ginn. Géint Enn vum Joer hat d'Regierung d'Leedung vun allen dräi Rebellenorganisatioune verhaft.

2000er Joren[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Jore vum angolanesche Biergerkrich ware gezeechent vum illegale Waffenhandel mat Russland an Osteuropa, well béid Biergerkrichsparteie méi Waffe wollten hunn wéi déi aner. Och Israel huet weiderhin als stellvertriedende Waffenhändler fir d'Amerikaner agéiert. Den 21. September 2001 huet e russescht Frachtschëff 500 Tonnen ukrainesch 7.62-mm-Munitioun u Simportex geliwwert. Simportex huet Waffe fir d'angolanescher Regierung importéiert. De Kapitän vum Schëff huet seng Cargo als "fragile" deklaréiert, fir d'Inspektioun ze minimiséieren. Een Dag drop huet den MPLA ugefaangen d'UNITA unzegräifen an tëscht dem 22. an dem 25. September e puer Victoire gewonnen. D'Regierung huet d'Kontroll iwwer Militärbasen an Diamanteminnen an de Provënze Lunda Norte a Lunda Sul gewonnen. Dëst war e Schlag fir dem Savimbi seng Capacitéit, seng Truppen ze bezuelen.

Angola huet sech bereet erkläert, der Slowakei Pëtrol ze liwweren an als Géigeleeschtung Waffen ze kréien. Am Kader vun deem Deal goufen den 3. Abrëll 2000 sechs sowjetesch Kampffligere geliwwert. D'spuenesch Regierung op de kanareschen Inselen huet de 24. Februar 2001 en ukrainesche Frachter beschlagnaamt, deen 636 Tonne Militärekipement an Angola wollt transportéieren. De Kapitän hat seng Fracht falsch deklaréiert a gesot e géif Autodeeler transportéieren. D'angolanesch Regierung huet zouginn, datt Simportex Waffe vun der russescher staatlecher Entreprise Rosvooruzhenie kaaft hat an datt de Kapitän eventuell d'spuenesch Gesetz gebrach hätt, andeems hien eng aner Cargaisoun uginn hätt. Dëst war eng geleefeg Praxis beim Waffeschmuggel a Richtung Angola.

Am Mee 2001 huet d'UNITA e puer Attacke géint Ziviliste gefouert fir hier Stäerkt ze weisen. UNITA-Militanten hunn de 7. Mee d'Klengstad Caxito (Provënz Bengo) attackéiert an 100 Leit ëmbruecht. Si huet och 60 Kanner an zwéin Erwuessener entfouert. Duerno huet si Baia-do-Cuio (60 km westlech vu Benguela) ugegraff an e puer Deeg drop Golungo Alto (Provënz Cuanza Norte), eng Stad 200 Kilometer ëstlech vu Luanda. D'Kämpfer hunn d'Stad zwar nëmmen een Dag gehalen, éier se den 22. Mee nees vu Regierungstruppen ageholl ginn ass, mä dat war duergaange wier déi lokal Butteker auszeraiberen an d'Liewensmëttel an Alkohol ze klauen. Méi wéi 700 Awunner sinn zu Fouss 60 Kilometer vun Golungo Alto an d'Provënzhaaptstad Ndalatando geflücht. Engem Vertrieder vun enger Hëllefsorganisatioun zu Ndalatando no huet d'angolanesch Arméi Medieberichter iwwer d'Attack verbueden. Dofir si keng Detailer bekannt. De Spriecher vun der UNITA a Portugal, de Joffre Justino, sot, d'UNITA hätt Golungo Alto nëmmen ugegraff, fir d'Ënnerleeënheet vun de Regierungstruppen ze beweisen, an den MPLA zu Verhandlungen ze zwéngen. Véier Deeg méi spéit huet d'UNITA d'Kanner an enger kathoulescher Missioun zu Camabatela fräigelooss, an enger Stad 200 Kilometer vun der Plaz op där se entfouert goufen. An engem Bréif un d'Bëscheef vun Angola huet de Jonas Savimbi d'kathoulesch Kierch gefrot, tëscht der UNITA an der Regierung während Verhandlungen ze vermëttelen. D'Attacken hunn och Spueren an der angolanescher Ekonomie hannerlooss. Sou huet am Mee 2001 d'international Diamantenhandelsfirma De Beers hir Aktivitéiten an Angola op Äis geluecht.

Militanten, deenen hir Affiliatioun net bekannt ass, hunn den 8. Juni bei Luena Rakéiten op Fligere vum Welternierungsprogramm (WFP) geschoss, enger Agence vun de Vereenten Natiounen. Datselwecht huet sech e puer Deeg méi spéit zu Kuito widderholl. Déi éischte Kéier war et eng Boeing 727, op déi eng Rakéit geschoss ginn ass, wéi se Luena approchéiert huet. Déi Rakéit huet ee Motor beschiedegt, mä net kritesch, sou datt d'Crew vun dräi Leit nach erfollegräich lande konnt. Wahrscheinlech war et dem Fliger seng héich Altitüd vu 5.000 Meter, déi Schlëmmeres verhënnert huet. Well d'Awunner vu Luena nach genuch Liewensmëttel fir déi nächst puer Wochen haten, huet den WFP sech dofir entscheet, all Flich mat Liewensmëttelhëllef zäitweileg zu suspendéieren. Obwuel hien d'Attack net revendiquéiert huet, sot den UNITA-Spriecher Justino, déi Fligeren hätte Waffen an Zaldoten a keng Iesssaachen transportéiert, an dowéinst wiere s'als Ugrëffszil akzeptabel. D'UNITA an d'angolanesch Regierung soten allebéid, datt d'international Communautéit Drock op déi aner Säit sollt ausübe fir zréck un de Verhandlungsdësch ze goen. Trotz enger humanitärer Kris um Horizont wollt keng vun den zwou Säiten den WFP-Fligere Sécherheet garantéiert. Kuito, dat vun internationaler Hëllef ofhängeg war, hat nëmme genuch Liewensmëttel fir seng 200.000 Awunner bis d'Enn vun der Woch. Den WFP huet all Hëllef fir Kuito an de Rescht vum zentralen Héichland mussen afléien well Militanten d'Camionen aus dem Hannerhalt ugegraff hunn. Weider Komplikatioune ware Lächer an der Landepist vum Fluchhafe vu Kuito, wat d'Hëllef nach méi lues gemaach huet.

Regierungstruppen hunn der UNITA hir Basen zu Epongoloko (Provënz Benguela) an zu Mufumbo (Provënz Cuanza Sul) am Oktober 2001 eruewert an zerstéiert. D'slowakesch Regierung huet der angolanescher Regierung 2001 weider Kampffliger verkaaft, wat eng Violatioun vun der Europäescher Unioun hirem Code de conduite fir Waffenexporter war, vun deem d'Slowakei sot si géif e respektéieren.

Doud vum Savimbi[änneren | Quelltext änneren]

Regierungstruppen hunn de Jonas Savimbi den 22. Februar 2002 an der Provënz Moxico ëmbruecht. Den UNITA-Vizepresident António Dembo huet duerno de Leadership vun der UNITA iwwerholl, mä hien ass 12 Deeg méi spéit, den 3. Mäerz, un Diabetes gestuerwen, an de Generalsekretär Paulo Lukamba ass neie Chef vun der UNITA ginn. Nom Savimbi sengem Doud huet d'Regierung mussen entscheede, wéi se sollt weiderfueren. Nodeems si ufanks nach indiquéiert huet, d'Opstandsbekämpfung kéint weidergoen, huet d'Regierung annoncéiert, all Militäroperatioun géifen den 13. Mäerz ophalen. Militärleadere vun der UNITA an dem MPLA hu sech am Duerf Cassamba getraff a sech zu engem Waffestëllstand bereet erkläert. D'Regierung huet bericht, datt un deem Treffen hätten ënner anerem de Generol Geraldo Nunda, Vizechef vun der Arméi, an den UNITA-Kommander Generol Abreu Kamorteiro Deel geholl. Ënnert der Observatioun vum dos Santos an dem Lukambo hunn d'Militärkommandanten de 4. Abrëll zu Luena e Memorandum of Understanding ënnerschriwwen, dat als Zousaz un de Protokoll vu Lusaka gehaange gouf.

De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen huet den 18. Abrëll 2002 d'Resolutioun 1404 gestëmmt, mat där den Iwwerwaachungsmechanismus vun de Sanktioune fir sechs Méint verlängert ginn ass. D'Resolutiounen 1404 a 1432 vum 17. Mee a vum 15. August hunn d'Reessverbued fir Vertrieder vun der UNITA fir eng Period vun 90 Deeg opgehuewen. En ass schlussendlech mat de Resolutioun 1439 vum 18. Oktober ganz opgehuewe ginn. UNAVEM III, déi mat der Resolutioun 1439 fir zwéi Méint verlängert gi war, ass den 19. Dezember 2002 op en Enn gaangen.

Den neie Leadership vun der UNITA huet aus der Rebellegrupp eng politesch Partei gemaach an hir Truppen am August 2002 offiziell demobiliséiert. Am selwechte Mount huet den UNO-Sécherheetsrot de "Büro vun de Vereenten Natiounen Missioun an Angola" duerch d'"Missioun vun de Vereenten Natiounen an Angola" (MONUA) ersat. D'"Missioun" ass eng méi eng grouss, net-militäresch politesch Presenz.

Nom Krich[änneren | Quelltext änneren]

Eng Bréck, déi am Biergerkrich zerstéiert gouf (2009)

De Biergerkrich war verantwortlech fir eng katastrophal humanitär Kris an Angola, bei där 4,28 Millioune Leit – een Drëttel vun der angolanescher Bevëlkerung – déplacéiert goufen. D'Vereent Natioune hunn 2003 geschat, datt 80 % vun den Angolaner keen Zougank zur Basis-Gesondheetversuergung a 60 % keen Zougank zu propperem Waasser haten, an datt 30 % vun de Kanner géife stierwen, éier si fënnef Joer al wieren. Déi national duerchschnëttlech Liewenserwaardung ass op manner wéi 40 Joer geschat ginn.

An de meeschte Géigende vum Land gouf et eng grouss Landflucht. A ville Fäll sinn d'Leit an d'Stied baussent den traditionelle Gebidder vun hirer ethnescher Grupp gaangen. Haut gëtt et bedeitend Ovimbundu-Communitéiten zu Luanda, Malanje a Lubango.

D'Regierung huet tëscht 2002 an 2004 187 Milliounen US-Dollar ausginn, fir datt déi déplacéiert Leit sech anzwousch konnten néierloossen. Duerno huet d'Weltbank de Prozess mat 33 Milliounen Dollar weider finanzéiert. Den UNO-Büro fir d'Koordinatioun vun den Humanitären Affären (OCHA) huet geschat, datt elleng d'Kämpf tëscht dem 1. Januar an dem 25. Februar 2002 98.000 Mënschen déplacéiert hätten. 75 % vun all den Affer vu Landminne waren deplacéiert Persounen, besonnesch well si hir nei Ëmgéigend net kannt hunn. Bis 2002 sinn an Angola ongeféier 15 Millioune Landminne geluecht ginn.

Human Rights Watch schätzt, datt d'UNITA an d'Regierung iwwer 6.000, respektiv 3.000 Kannerzaldoten am Krich agesat hunn. Dovunner waren een Deel zwangsrekrutéiert ginn. Mënscherechtsanalysten hunn och erausfonnt, datt tëscht 5.000 an 8.000 mannerjäreg Meedercher mat UNITA-Zaldote bestuet waren. E puer vun de Meedercher goufen op d'Sich no Iesse fir d'Truppe geschéckt, an hinnen gouf Iesse refuséiert wann si es net genuch mat zréck bruecht hunn, fir hire Kommandant zefriddenzestellen. No militäresche Victoiren sinn d'UNITA-Kommandante mat Frae belount ginn, déi meeschtens sexuell mëssbraucht goufen. D'angolanesch Regierung an UN-Agence hunn 190 Kannerzaldoten an der regulärer Arméi identifizéiert, vun deenen der bis 2002 70 eng aner Funktioun kruten. Trotzdeem huet d'Regierung och duerno nach Zaldote bezuelt, vun deene se wousst, datt se mannerjäreg waren.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Angolanesche Biergerkrich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Quell[änneren | Quelltext änneren]

  • Dësen Artikel ass eng liicht adaptéiert Iwwersetzung vum Artikel Angolan Civil War an der Versioun vum 13. Oktober 2017. Fir d'Quellen ze gesinn, kuckt w.e.g. deen Artikel.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Op Englesch: "In the New Angola ideology is being replaced by the bottom line, as security and selling expertise in weaponry have become a very profitable business. With its wealth in oil and diamonds, Angola is like a big swollen carcass and the vultures are swirling overhead. Savimbi's former allies are switching sides, lured by the aroma of hard currency."
  2. Op Englesch: "continuing threat to the foreign policy objectives of the U.S."