Anja Di Bartolomeo
| Anja Di Bartolomeo | |
|---|---|
|
D'Anja Di Bartolomeo 2023 | |
| Pseudonym | Ioanna Dilano |
| Gebuer |
9. Februar 1978 Lëtzebuerg |
| Alter | 48 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftstellerin, Literaturkritikerin, Autorin |
| Member vun | A:LL Schrëftsteller*innen |
| Famill | |
| Bestuet mat | Charles Meder |
| Papp | Mars Di Bartolomeo |
| Mamm | Sylvie Bintz |
| Geschwëster | Katharina Bintz |
|
| |
D'Anja Di Bartolomeo, gebuer den 9. Februar 1978 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng Lëtzebuerger Schrëftstellerin a Literaturkritikerin[1].
Si huet Politikwëssenschafte studéiert an huet am Beräich Kommunikatioun am CHEM an am vum Centre hospitalier du Nord geschafft.
Zanter 2023 ass si fräischaffend Autorin, déi Prosatexter, Lauschter- an Theaterstécker fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener schreift. 2023 gouf hire Jugendroman "Koma 21" mat dem Publikumspräis beim Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechent. 2024 huet si zudeem den éischten an den zweete Präis beim Nationale Kanner- a Jugendliteraturpräis gewonnen. An deene leschte Joren huet si ganz vill fir d’Kannerkëscht vum Radio 100,7 a fir d’Philharmonie geschafft, wou hir Stécker "De klengen Zauberer Igibus" a "D’Lotti sicht seng Noss" gewise goufen, a wou si zanter der Saison 25/26 och fir d’Texter vum "Loopino"[2] verantwortlech zeechent. An der Saison 25/26 war si dann och Autrice en residence am TNL, huet e Stéck fir de 50. Anniversaire vum CNFL an eent am Kader vun der Orange Week geschriwwen a selwer inszenéiert.
Si huet tëschent 2004 an 2009 a verschiddenen Zeitungen, Zäitschrëften oder Kulturbäilagen, Rezensiounen oder Kriticke verëffentlecht. Zanter 2025 huet si och eng Carte blanche op RTL.
Si ass Presidentin vun der Associatioun vun de seele Krankheeten ALAN.
Si huet tëscht 2004 an 2009 a verschiddenen Zeitungen, Zäitschrëften oder Kulturbäilagen, Rezensiounen oder Kriticke verëffentlecht.
D'Anja Di Bartolomeo ass mam Charles Meder bestuet.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Exit Schattenkopf, 2011, Op der Lay, 128 S., ISBN 978-2-87967-173-4
- Chamäleons, 2017, Op der Lay, 132 S. ISBN 978-2-87967-230-4, 1. Präis vum Concours littéraire national 2017
- Nicht zu spät, Erzielungen, 2019, Op der Lay, 128 S., ISBN 978-2-87967-238-0
- Wundholz, Roman 2020, Capybarabooks, 192 S., ISBN 978-99959-43-31-8, 3. Präis vum Concours littéraire national 2019[3]
- Koma21, Roman, 2022, Editions Guy Binsfeld, 176 S., ISBN 978-99959-42-89-2, Publikumspräis 2023 vum Lëtzebuerger Buchpräis
- Anja Di Bartolomeo, Snejana Granatkina, Toni Kofettoni, 2023, Editions Guy Binsfeld, 56 S., ISBN 978-2-919822-00-3
- aLIVe, Roman, 2025, Editions Guy Binsfeld, 288 S., ISBN 978-2-919822-25-6
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- storyhub.lu , Der Anja De Bartolomeo hir perséinlech Internetsäit
- Valerija Berdi / cbi, Anja Di Bartolomeo a Charles Meder, 100komma7.lu, 21. Aug 2020 - 16:00.
- Nora Schloesser, Warum Anja Di Bartolomeo alles für ihren Lebenstraum riskierte, wort.lu [€], 24.01.2026, gekuckt de 25.01.2026
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Fiche op autorenlexikon.lu.
- ↑ Loopino an dee klenge Mann vum Mound. philharmonie.lu. Gekuckt de 17.12.2025.
- ↑ Wundholz, Capybarabooks, 2020
