Anlier (Habay)

Vu Wikipedia
Anlier
lb: Aasler
Anlier
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 46’ 16’’ N
      05° 37’ 11’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6721

Anlier ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Habay, an der Provënz Lëtzebuerg.

Bis zur Belscher Gemengereform vun 1977 war Anlier eng eegestänneg Gemeng. Bei där Reform koum just d'Uertschaft Anlier bei d'Gemeng Habay. Déi aner dräi Uertschaften, déi nach zur fréierer Gemeng gehéiert hunn, Louftémont, Vlessart a Behême, goufe bei d'Gemeng Léglise geprafft.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Anlier gëtt fir d'éischt an engem Dokument vun 1065 ernimmt, an deem d'Gräfin Adèle vun Arel hir Rechter fir de Paschtouer vun Anlier z'ernennen, dem Abt vu Saint-Hubert iwwerléisst. Déizäit hunn zur Par d'Uertschaften Anlier, Habay-la-Neuve, Vlessart, Louftémont a Behême gehéiert.

Den Tuerm vun der Kierch gouf am Ufank vum 19. Joerhonnert frësch opgeriicht an 1848 gouf eng nei Schoul gebaut.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Anlier läit, grad sou wéi seng Nopeschuertschafte Louftémont, Vlessart a Behême, an enger Wiselandschaft déi ronderëm vun der Forêt d'Anlier ageschloss ass.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vu 430 Meter. Um Flouer vun Anlier hunn e puer Baachen, déi riets Nieweflëss vun der Rulles sinn, hir Quellen. Et sinn dat: De Ruisseau de Nabru, rietsen Niewefloss vum Ruisseau d'Anlier dee bei dem Château de la Trapperie an d'Rulles leeft, de Ruisseau du Fond du Gris Bofet, de Ruisseau d'Arlune an de Ruisseau du Bois le Prêtre.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anlier – Biller, Videoen oder Audiodateien