Op den Inhalt sprangen

Anna Lindh

Vu Wikipedia
Anna Lindh
Gebuertsnumm Ylva Anna Maria Lindh
Gebuer 19. Juni 1957
Gestuerwen 11. September 2003
Alter 46 Joer
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Uppsala
Aktivitéit Politikerin, Diplomatin
Partei SAP
Fonctioun President vum Verwaltungsrot
Famill
Bestuet mat Bo Holmberg (1991–11.9.2003)
Den Anna Lindh Memorial op der Medborgarplatsen zu Stockholm.

D'Ylva Anna Maria Lindh, gebuer den 19. Juni 1957 am Stockholmer Quartier Enskede, a gestuerwen den 11. September 2003 zu Stockholm, war eng schweedesch Politikerin (SAP).

D'Anna Lindh ass an der Stockholmer Aarbechterbanlieue Enskede op d'Welt komm. 1982 huet si hiert Droitsstudium ofgeschloss. Vun 1984 bis 1990 war si Presidentin vum sozialdemokratesche Jugendverband Unga örnar. 1982 gouf si fir d'éischt an dat schweedescht Parlament gewielt, a war vun 1990 un zoustänneg fir d'Kultur an der Stad Stockholm.

1994 gouf si als Ëmweltministesch ernannt, an 1998 als Ausseministesch an der Regierung vum Ministerpresident Göran Persson. Am éischte Semester 2001 hat si d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.

Zur Lescht huet si sech fir de Bäitrëtt vu Schweden zum Euro agesat; eng Majoritéit vun de Schweden huet an engem Referendum de 14. September 2003 dergéintgestëmmt.

Véier Deeg virum Referendum, den 10. September 2003 war si ënnerwee, fir an engem Kleedergeschäft anzekafen. Do huet e 25-järege Mann si mat engem Messer ugegraff a sou staark blesséiert, dass se den Dag drop mueres un de Blesse gestuerwen ass. De Mäerder gouf, an Appell, zu liewenslaangem Prisong verurteelt.[1]

2005 gouf hir zu Éieren d'Anna-Lindh-Stëftung gegrënnt[2].

Stroossen, Gebaier a Schoulen goufen no hir genannt. Zu Lëtzebuerg sinn dat Stroossen zu Mamer[3] an zu Déifferdeng[4].

  • (sv) Olle Svenning: Anna Lindh – en minnesbok. Norstedt Verlag, Stockholm 2003, ISBN 91-1-301315-7
 Commons: Anna Lindh – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "Lindh-Mörder: Lebenslang statt psychiatrischer Einweisung." derstandard.at, 04.12.2004.
  2. Websäit vun der Stëftung
  3. Rue Anna Lindt Mamer rues-au-feminin.lu.
  4. Rue Anna Lindt Differdange rues-au-feminin.lu.