Op den Inhalt sprangen

Anne-Marie Federspiel

Vu Wikipedia
Anne-Marie Federspiel
Gebuer 15. August 1893
Departement Haute-Vienne
Gestuerwen 29. Dezember 1944
Ravensbrück
Alter 51 Joer
Nationalitéit Frankräich, Lëtzebuerg
Aktivitéit Resistenzlerin

D'Anne-Marie Federspiel-Arnaud, gebuer de 15. August[Quell?] 1893 zu Couissac am Departement Haute-Vienne, a gestuerwen den 29. Dezember 1944 zu Ravensbrück, war eng franséisch, du lëtzebuergesch Néiesch a Resistenzlerin.[1]

D'Anne-Marie Arnaud war d'Duechter vum Jean a vun der Anne Arnaud. Si huet sech am Mäerz 1923 mam Metallaarbechter Mathias (Jacques) Federspiel vu Keel bestuet. Zesumme mat hire Kanner si si dono op Keel wunne gaangen.

An der Zäit vun der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich huet d'Famill, wéi och déi vum Brudder vum Mathias, e jonke Refraktär verstoppt.

D'SiPo koum derhannert, an huet Membere vun der Famill, dorënner och d'Anne-Marie Arnaud, verhaft. Si gouf vum 11. Mee bis de 6. Juni 1944 zu Esch-Uelzecht festgehalen. Dono koum si an de Fraeprisong an de Gronn, an dono an d'Fraestroflager zu Flußbach bei Wittlich. Am Oktober 1944 gouf si op Ravensbrück verluecht. Do ass si Zeien no den 29. Dezember 1944 un Typhus gestuerwen.

Fir u si z'erënneren, gouf zu Keel eng Strooss, d'Rue Anne-Marie Federspiel, no hir genannt.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Rue Anne-Marie Federspiel op rues-au-feminin.lu (nogekuckt 11.10.2025).
  2. Lokalisatioun op geoportail.lu.