Anne-Marie Reuter
| Anne-Marie Reuter | |
|---|---|
| Gebuer |
19. Juni 1971 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Royal Holloway University, Queen Mary University, Universitéit vu Lëtzebuerg, Lycée Hubert-Clément |
| Aktivitéit | Iwwersetzerin, Schrëftstellerin |
|
| |
D'Anne-Marie Reuter, gebuer den 19. Juni 1971 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Iwwersetzerin a Schrëftstellerin. Si schafft als Enseignante.[1]
D'Anne-Marie Reuter huet vun 1990 bis 1995 Englesch um Cours universitaire de Luxembourg an an England (Royal Holloway College a Queen Mary and Westfield College, béid zu London) studéiert a mat engem Master ofgeschloss. 2005 bis 2010 huet si en Doktorat iwwer d'Iris Murdoch an d'A. S. Byatt geschriwwen.
Si enseignéiert zanter 1991 Englesch, fir d'éischt am Iechternacher Kolléisch, dono am Stater Lycée Robert-Schuman.
Si huet Gedichter vum Lambert Schlechter aus dem Franséischen op Englesch, an en Theaterstéck vun der Larisa Faber aus dem Engleschen op Lëtzebuergesch iwwersat.
2017 huet si en éischte Recueil mat Kuerzgeschichten erausbruecht: On the Edge. 2021 an 2024 huet si zwou Novellen erausbruecht: Blue a Red. Hiren éischte Roman, M for Amnesia gouf 2025 mam Servais-Präis ausgezeechent.[2]
2017 war si Matgrënnerin vum Verlag Black Fountain Press, deen se zanter 2019 eleng féiert.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]- Reuter, Anne-Marie. M for Amnesia. Bridel: Black Fountain Press, 2024. Print. ISBN 978-99987-713-4-5
- Reuter, Anne-Marie, and Antic-Ham. Red. Dugort: Redfoxpress, 2024. Print.
- Forgiarini, Tullio et al. Bonnie : Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener! = Only grown-ups are afraid of monsters! Lëtzebuerg: Kremart, 2023. Print. ISBN 978-2-919781-65-2
- Reuter, Anne-Marie. Claudine Muno : The Moon of the Big Winds. Mersch: Centre national de littérature, 2022. Print. ISBN 978-2-919798-03-2
- Jaspers, Susanne et al. This Hard Minett Land : Texte Über Luxemburgs Süden, Inspiriert von Bruce-Springsteen-Songs. Esch-sur-Alzette: Université du Luxembourg, 2022. Print. ISBN 978-99959-43-48-6
- Reuter, Anne-Marie, Antic-Ham, and Redfoxpress. Blue. Dugort, Achill Island, Ireland: Redfoxpress, 2021. Print.
- Faber, Larisa, and Anne-Marie Reuter. Disko Dementia : e Stéck. Luxembourg: L. Faber, 2018. Print.
- Reuter, Anne-Marie et al. Fresh from the Fountain : English Writing in Luxembourg : 2018. Bereldange: Black Fountain Press, 2018. Print. ISBN 978-99959-998-2-7
- Schlechter, Lambert, Lysiane Schlechter, and Anne-Marie Reuter. One Day I Will Write a Poem. Luxembourg: Black Fountain, 2018. Print. ISBN 978-99959-998-1-0
- Reuter, Anne-Marie. On the Edge. Luxembourg: Black Fountain Press, 2017. Print. ISBN 978-99959-998-0-3
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Anne-Marie Reuter - Fiche op autorenlexikon.lu (nogekuckt: 30.06.2025.)
- ↑ "Prix Servais 2025 fir d'Anne-Marie Reuter.2 100komma7, 28.04.2025.
