Anne Beffort

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Anne Beffort
Anne Beffort.jpg
Gebuer 4. Juli 1880
Lëtzebuerg
Gestuerwen 20. Juli 1966
Davos
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Schrëftsteller
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Anne Beffort, gebuer de 4. Juli 1880 am Neiduerf an der deemoleger Gemeng Eech, a gestuerwen den 20. Juli 1966 zu Davos an der Schwäiz, war eng lëtzebuergesch Enseignante an Autorin.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Anne Beffort war eent vun zéng Kanner, hire Papp war Gäertner. No der Mëttelschoul an der Sainte-Sophie ass si an d'Léierinneschoul gaangen a war vun 1900 bis 1904 Schouljoffer zu Riedgen. Si goung dunn op d'Westfälesch Wilhelms-Universtitéit zu Münster an op d'Sorbonne franséisch Literatur studéieren, wou si Schülerin vum Gustave Lanson war. 1909 war si mat der Marie Speyer déi éischt Lëtzebuergerin, déi en Doktertitel[1] krut.

1941 gouf d'Anne Beffort vun den Nazië vum Schouldéngscht suspendéiert. Vun 1945 bis 1946 huet si nees Schoul gehalen.

Den Archiv vun der Anne Beffort gëtt am nationale Literaturzentrum ënner der Nummer CNL L-0205 erhalen.

Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Si war 1909 Matgrënnerin vum Stater Meedercherslycée an déi éischt Lycées-Professesch zu Lëtzebuerg.

Vun 1929 u war si Presidentin vun der Association amicale des anciennes élèves du Lycée de jeunes filles, e Veräin dee si gehollef hat grënnen.

D'Anne Beffort war eng engagéiert Verfechterin vun der franséischer Sprooch a Literatur an huet sech agesat fir en Zesummeréckele vun der franséischer an der lëtzebuergescher Kultur. Si war 1934 Grënnungsmember vun der SELF, der Société des écrivains luxembourgeois de langue française.[2] Si war och Member vun den Amitiés françaises.

D'Anne Beffort war déi éischt Presidentin vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, déi 1937 gegrënnt gi war, fir de Victor-Hugo-Musée[3] zu Veianen ze bedreiwen.

No der Anne Beffort genannt[änneren | Quelltext änneren]

  • Eng Strooss um Kierchbierg an der Stad Lëtzebuerg an eng zu Keel: Rue Anne-Beffort;
  • De Prix Anne-Beffort, deen zanter 2003 vun der Stad Lëtzebuerg vergi gëtt, fir e Projet oder eng Initiative z'éieren, dee sech op hirem Territoire fir d'Gläichberechtegung vu Mann a Fra asetzen.

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

De 27. September 2010 huet d'Lëtzebuerger Post eng Serie vun dräi Timbere mat lëtzebuergesche Perséinlechkeeten erausginn, dorënner ee vun 0,70 Euro mat engem Portrait vun der Anne Beffort.[4]

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Beffort, Anna, 1908. Alexandre Soumet, sa vie et ses oeuvres. Thèse Th. lett. Paris. 101 p. J. Beffort, Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1926. L'enfant dans l'oeuvre de Victor Hugo et particulièrement dans « Les misérables ». In: Programme publié à la clôture de l'année scolaire 1925-1926 / Lycée grand-ducal de Jeunes Filles de Luxembourg = Programm herausgegeben am Schlusse des Schuljahres 1925-1926 / Grossherzogliches Mädchenlyzeum zu Luxemburg. Linden & Hansen, Luxembourg. pp. 1–46.
  • Beffort, Anne, 1938. Les amis de Victor Hugo. In: Friedrich, Evy (Hrsg.) 1938. Oesling: Ardenner Heimatblätter Nr. 6: 50-51. Emile Schumacher & Cie., Diekirch.
  • Beffort, Anne, 1939. Au centenaire de notre indépendance. Luxemburger Lehrer-Zeitung Jg. 34, Nr. 4 u. 5, p. 97-100. Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1961. Souvenirs. Tome I: sans titre, 311 p. Tome II: Victor Hugo et nous. 215 p. Linden, Luxembourg.
  • Beffort, Anne, 1966. Marcel Noppeney, poète et martyr de Dachau. Les Pages de la S.E.L.F. XIII: 16-20. Luxembourg.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Frieden, Madeleine, 1968. Anne Beffort et la Société des Amis de Victor Hugo. Les Pages de la S.E.L.F. XIV: 23-26. Luxembourg.
  • Kieffer, Rosemarie & Liliane Stomp-Erpelding, 1991. Anne Beffort. In: Katharina M. Wilson (ed.), 1991. An encyclopedia of continental women writers. Garland Publ., New York, London. P. 105.
  • Kieffer, Rosemarie & Madeleine Frieden-Kinnen, 1995. Présence de Pierre Frieden: mémorial publié à l'occasion du centenaire de la naissance de Pierre Frieden (1892 - 1959). 256 p. Éd. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Sahl, Nicole, 2007. Beffort, Anne. S. 43-44 in: Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesummen mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
  • Wilhelm, Frank, 2010. Raymond Escholier, biographe de Victor Hugo, et ses relations avec Anne Beffort et Vianden. Ous der Veiner Geschicht Nr. 28: 143-160. Veianen.
  • Wilhelm, Frank, 2016. Anthologie de textes d'Anne Beffort (1880-1966). Galerie DOK_8, Éditions du centre culturel de Differdange. ISBN 2076-860
  • da Silva, Sonia, 2017. L'oeuvre d'Anne Beffort cimentée. Nouvelle publicaton scientifique de la revue Galerie. Die Warte 22|2551 vum 13. Juli 2017, S. 6.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. hir Dokterthes ënner Beffort 1908 an der Literatur.
  2. D'SELF gouf den 8. Juli 1934 am Munnerefer Hotel Grand-Chef gegrënnt.
  3. 1934 gouf ënner der Leedung vum Marcel Noppeney e Comité gegrënnt, fir de Cinquantenaire vum Doud vum Victor Hugo virzebereeden. Kuerz drop, den 8. Juli 1934, gouf d'SELF gegrënnt, déi vum Marcel Noppeney presidéiert gouf. Den 30. Juni 1935, exakt e Joer no der Nuecht vun de laange Messeren, goufen d'Victor Hugo-Haus an dem eminente franséischen Dichter Auguste Rodin säi Buste, e Cadeau vun der franséischer Regierung, a Presenz vun der Groussherzogin Charlotte ageweit. Déi frankophil Aktivitéite sinn am historesche Kontext ze betruechten, datt eng Rei Leit wollten dem Faschismus eppes dogéintsetzen, an dat op der däitscher Grenz zu Veianen.
  4. Den Timber mat der Anne Beffort op der Websäit vu POST Luxembourg
  5. Le diplôme de la Légion d'honneur d'Anne Beffort um Site cnl.lu
  6. Memorial A N° 13 vun 1951 mat der Lëscht vun de Leit déi 1951 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen